Search

You may also like

Pro’Oc – D’Magie vum Upcycling an der Nohaltegkeet!
Geek International Neiegkeeten

Pro’Oc – D’Magie vum Upcycling an der Nohaltegkeet!

D’Mini-Entreprise vu Pro’Oc huet sech dem Beräich Upcycling zougewandt. Déi

E puer konkret Fuerderunge fir den Educatiounsminister
Geek International Neiegkeeten

E puer konkret Fuerderunge fir den Educatiounsminister

An engem gemeinsame Communiqué vun de Gewerkschaften a Studentevertriedunge gëtt

Brasilien: Faschistesch Bildungspolitik mat Niewewierkungen
Geek International Neiegkeeten

Brasilien: Faschistesch Bildungspolitik mat Niewewierkungen

D‘Bildungspolitik vum rietse brasilianesche President Jair Bolsonaro stéisst bei senge

geek

Twitter-Mataarbechter ware saudesch Spiounen

Twitter-Mataarbechter ware saudesch Spiounen

Den US-Justizministère beschëllegt zwee fréier Twitter-Mataarbechter fir de Kont vu Saudiarabien spionéiert ze hunn. Dat geet esou aus den Ënnerlage vun engem kalifornesche Bezierksgeriicht ervir déi gëschter ëffentlech goufen.

Aus deem wat den Dossier hir gëtt ass gewosst, datt den US-Justizministère zwee Männer (een Amerikaner an e saudesche Staatsbierger) beschëllegt, hir Positioun am Internetkonzern Twitter ausgenotzt ze hunn, fir sech privat Konteninformatioune vu Regierungskritiker unzëeegnen. Eng weider Persoun aus Saudiarabien gëtt fir Spionage verfollegt, si gëllt als Mëttelsmann.

Festgeholl gouf en Dënschdeg zu Seattle den Amerikaner, béid Saudie géifen sech am Kinnekräich ophalen an et wier en Haftbefehl géint si ausgestallt ginn. Aus dem US-Justizministère heescht et weider, datt d‘Gesetz US-Entreprise viru gesetzeswiddreger Friemamëschung schützt an hei och d‘Strofen entspriechend héich ausfalen. De Virworf vun der Spionage ass dann och kee Spaass.

Weider gëllt et als erwisen, datt déi inkriminéiert ex-Mataarbechter vun Twitter, dausenden Notzer „ausspionéiert“ hunn. Wéi et nozeweisen ass, datt den Trio am Optrag fir Saudiarabien gehandelt huet a wéi wäit den Donald Trump gewëllt ass seng Administratioun géint saudesch Staatsbierger virgoen ze loossen, dat léist sech unhand den zougänglechen Informatiounen net novollzéien.

mat indymedia/sfo

Related topics Spionage, Twitter, US-Justizministère
Next post Previous post