Search

You may also like

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 30. November bis 6. Dezember 2020
International Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 30. November bis 6. Dezember 2020

An der Woch vum 30. November op den 6. Dezember,

Titandioxid: De wäit verbreete wäisse Polver, deen ee meide sollt!
International Neiegkeeten

Titandioxid: De wäit verbreete wäisse Polver, deen ee meide sollt!

Hautdesdaags ass den Titandioxid ee vill genotzten Zousazstoff an eisen

Den Trump an de Macron evoquéieren en neien Accord mam Iran
International Neiegkeeten

Den Trump an de Macron evoquéieren en neien Accord mam Iran

Um Dënschdeg hunn den Donald Trump an den Emmanuel Macron

Twitter huet den Trolls de Krich ugekënnegt

Twitter huet den Trolls de Krich ugekënnegt

Et ass net den éischte Versuch vun Twitter sech géint d‘Trolls opzestellen, dësen Nerveseeën an de sozialen Netzwierker, déi zu allem e Kommentar hunn, heiansdo mat Humor, meeschtens awer mat Beleidegungen. Dës Kéier wëll een et bei Twitter awer wëssen.

Twitter deelt dann och mat, datt een elo esouwäit ass, datt een de „Behuel“ vun dësen Trollen analyséiere kann, an hinnen esou de Maulkuerf verpasse kann. An de Mond sollen se net nëmme beim Inhalt vun hire Message verbuede kréien.

Ähnlech wéi Facebook, wëll Twitter sech vu negativen Aussoen a bedenklechem Inhalt lassléisen. Egal op d‘Message vun echte Mënschen oder automatiséierte Systemer (Bots) gepost ginn. Wann een nach iwwert déi humoristesch Message laache kann, esou stéieren déi aner immens.

D‘Erausfuerderung ass dee „Beholl“ erauszefilteren, dee wuel net géint d‘Reegele fir d‘Notzung verstéisst, mee esou nerveg ass, datt d‘Qualitéit vun den Diskussiounen dorënner leit. Wien also net géint d‘Konditiounen u sech verstéisst, sech awer de Batti stellt, dem muss gehollef ginn.

Et gëtt vill ze dinn, pake mir et un!

Wat also zukünfteg vun Twitter als „Troll“ identifizéiert gëtt, och wa wéi gesot net géint d‘Reegele verstouss gëtt, kritt manner Visibilitéit, dat esouwuel an der „Timeline“ wéi och an de Resultater bei enger Sich. Et wäert awer wuel nach en Ament brauchen…

Twitter gesteet sech dann och an, datt nach Aarbecht virun hinne läit. Mee déi nei Approche ass ausprobéiert ginn, an no éischten Tester, konnt e Réckgang (8%) vun de Meldunge wéinst Mëssbrauch an der Timeline festgestallt ginn. Bei der „Sich“ ass et e Minus vu 4%.

Bei den Indizien, déi fir en Troll schwätzen, falen d‘Konten op: déi keng bestätegt e-Mail Adress hunn; Persounen déi méi Konte gläichzäiteg benotzen; Leit déi iwwerméisseg an zu Allem eppes posten; Konte benennen déi hinnen net „followen“; oder soss besonnesch opfälleg sinn.

Et sinn dat och Aarbechtsweise wéi se vu „Bots“ bekannt sinn. Roboter déi sech an de sozialen Netzwierker bemierkbar maachen, well si iwwert d‘Mooss Message posten. Dat geet bis zur politescher Manipulatioun, woubäi et falsch wier nëmme mam Fanger op Russland ze weisen.

mat AFP

Related topics Bots, Sozial Netzwierker, Trolls, Twitter
Next post Previous post