Search

You may also like

Fir eng ëffentlech Unerkennung vum e-Sports
International Neiegkeeten

Fir eng ëffentlech Unerkennung vum e-Sports

Lëtzebuerg, e Land mat Zukunft? Onbedéngt! Eng Méiglechkeet eist Land

Verkéiersaccidenter: Bilan 2019
International Neiegkeeten

Verkéiersaccidenter: Bilan 2019

Um Mëttwoch huet den Transportminister François Bausch (déi gŕeng) déi

Nei Reegel zur Beflaggung am Empire
International Neiegkeeten

Nei Reegel zur Beflaggung am Empire

Datt et am britteschen Empire, wou de Premierminister Boris „King

Twitter: US-President net als Tester zougelooss

Twitter: US-President net als Tester zougelooss

Ee vun de „big users“ bei Twitter ass net beim Grupp zougelooss, deen op Twitter déi nei „Verlängerung“ op 280 Uschléi dierf testen. Dat huet d‘amerikanescht Netzwierk an der Nuecht bestätegt.

„Hien ass net am Testgrupp“, huet de Biz Stone, Matbegrënner vun Twitter, matgedeelt. Eng Informatioun déi néideg schéngt, nodeems um Dënschdeg ugekënnegt gi war datt Twitter d‘Längt vun de Message wëll verduebelen. Dozou hat et eng Well vu Reaktioune vun de Notzer ginn.

Twitter hat zudeem och um Dënschdeg ugekënnegt, de méiglechen Update vun enger klenger Grupp vun User testen ze loossen, iert jiddereen de verbesserte Service ka notzen.

Duebelte Chaos

De Biz Stone äntwert esou awer och op en Tweet deen d‘Ukënnegung ironesch kommentéiert hat: „Merci @Biz an @Jack (Dorsey, Patron a Matbegrënner vun Twitter) datt dem Donald Trump zwee mol esouvill Plaz gitt statt de Chaos ze klären deen hie scho mat 140 Uschléi hikritt“.

Den Trump benotzt jo tatsächlech Twitter fir wichteg politesch Ukënnegungen ze maache mee och fir emol „spontan“ e Kommentar – heiansdo brandgeféierlech – zu dem engen oder aneren Thema an d‘Welt ze setzen.

Esou zum Beispill dem President seng Tweets iwwer Nordkorea – wourënner een an deem kloer gestallt gëtt, datt de nordkoreanesche Leader Kim Jung-Un „net méi laang do wier“ – déi fir eng gesond Polemik gesuergt hunn. Vill Notzer waren hei der Usiicht, datt den US-President d‘Reegele vun Twitter brécht, an deene festgehalen ass datt ee keng Gewalt dierf ukënnegen.

Twitter hat dorops hi versprach seng Reegelen ze iwwerschaffen, awer och op den Informatiounswäert an den ëffentlechen Interêt higewisen, déi ee misst berécksiichtegen. Bei Twitter hänkt et also vun der Persoun of, op en Tweet geläscht gëtt oder och net.

E sëllechen Notzer vun Twitter haten d‘Verlängerung vun den Tweets dann och veruerteelt, verschiddener mat ganz haarde Wieder géint den Donald Trump: „Dem Trump 280 Uschléi zouzegestoen, ass en internationalen Tëschefall erausgefuerdert“.

A nach een huet esouguer gemengt: „Mat 280 Uschléi kann den Trump en Atomkrich an eng Ausenanersetzung mat der NFL an engem eenzegen Tweet gläichzäiteg ufänken. A wat fir Zäite liewe mir“.

mat AFP

Foto: Dem Trump seng Tweets si wéi et schéngt „legendär“ an zu New York gouf et carrement eng „Bibliothéik“ mat senge Messagen. D‘Parodie-Bibliothéik stellt dann och dem US-President seng Tweets aus, déi hien an de leschte Joer esou an d‘Welt gesat huet- © Drew Angerer/Getty Images/AFP

Related topics Biz Stone, Donald Trump, Jack Dorsey, Twitter, USA
Next post Previous post