Search

You may also like

Algerien wiert sech géint e fënneft Mandat vum President Bouteflika
International Neiegkeeten

Algerien wiert sech géint e fënneft Mandat vum President Bouteflika

Datt sech den 82 järegen Abdelaziz Bouteflika, deen zanter engem

Philip K. Dick: E genialen Trip
International Neiegkeeten

Philip K. Dick: E genialen Trip

Den 1928 gebuerenen Philip K. Dick gehéiert zu den absolute

Kowitschäck-Concert an der Kulturfabrik
International Neiegkeeten

Kowitschäck-Concert an der Kulturfabrik

Virun engem Joer war e Concert ouni Mask an néidege

Twitter zenséiert brasilianesche Faschist

Twitter zenséiert brasilianesche Faschist

Zwee Tweets vum Jair Bolsonaro huet d‘Sozialnetzwierk Twitter, déi dësen op sengem offiziellen Account gepost huet, a mat deenen hien de Confinement „a Fro gestallt“ huet, geläscht…

Och ee President muss sech un d‘Regelen halen, heescht et säitens Twitter, déi dräi Video-posts vum Jair Bolsonaro eppes méi genee ënnert d‘Lupp geholl hunn. Op dësen Opnamen, gesäit een de brasilianesche President, wéi dësen zu Brasilia sech mat Leit trëfft. E Fait deen a Widdersproch zu de Consignë steet, déi dem Faschist seng Regierung wéinst der Covid19-Pandemie erlooss huet.

TwitterAn engem vun dëse Videoen huet de Jair Bolsonaro statuéiert: „Dat wat ech am Gespréich mat de Leit geléiert hunn, ass datt si schaffe wëllen. An ech hu vun Ufank u gesot, mir mussen uecht dinn, datt déi iwwer 65 järeg sollen doheem bleiwen“. De n Diktaturnostalgiker, hat schonn déi lescht Woch gefuerdert, datt een nees zur Normalitéit sollt iwwergoen, et wier alles just Hysterie

Dobäi hat um Samschdeg, de Gesondheetsminister Luiz Henrique Mandetta ganz kloer betount, datt eenzeg de Confinement eng valabel Mesure ass, fir ze verhënneren, datt déi sanitär Kris sech zur Katastroph entwéckelt. A Brasilien – wou elo net iwwer Mooss getest gëtt – gëtt et aktuell 4.256 bestätegt Infektiounsfäll an 136 Doudeger. E Gesondheetssystem gëtt et a Brasilien net wierklech.

Twitter

Interessant och, datt ee Samschdeg e federaalt Geriicht der faschistescher Regierung verbueden huet, Messagen ze diffuséieren, déi de Moossnamen a punkto Zivilschutz widderspriechen, dat besonnesch am Bezuch op déi vu Gouverneure verhaangen Ausgangsspären. De President awer léisst sech keng Virschrëfte maachen, a fuerdert weiderhin dat d‘Vollek d‘Normalitéit „lieft“.

mat indymedia/ccs

Foto: De faschistesche President vu Brasilien, Jair Bolsonaro, hält de Confinement fir falsch a behaapt sech weiderhin drop, datt dës „Gripp“ näischt anescht wéi Hysterie ass, an et héich Zäit, datt d‘Leit nees schaffe ginn an een zur Normalitéit zréckfënnt. © Blog do Noblat (via Twitter)

Related topics Brasilien, Coronavirus, Covid19, Jair Bolsonaro, Twitter
Next post Previous post