Search

You may also like

Chantier Abstrait / To be continued – Bis den 28. Mäerz am CAW zu Walfer
Kultur Neiegkeeten

Chantier Abstrait / To be continued – Bis den 28. Mäerz am CAW zu Walfer

Si sinn haart, féieren oft zu Verkéierschaos an eigentlech ass

Stater Conservatoire kritt Anne-Beffort Präis
Kultur Neiegkeeten

Stater Conservatoire kritt Anne-Beffort Präis

De Stater Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot huet dem Stater

Dëse Freideg: Maart a Musek zu Wolz
Kultur Neiegkeeten

Dëse Freideg: Maart a Musek zu Wolz

E Freideg, de 4. September organiséiert den Naturpark Öewersauer säi

EP-Release vu „F.A.M.E“: De U.Nique mat all sengen Emotiounen

EP-Release vu „F.A.M.E“: De U.Nique mat all sengen Emotiounen

Schonn am Summer 2020 huet de Lëtzebuerger Rapper U.Nique eis mat „Wéi fréier“ begeeschtert an eis en Ouerwuerm an de Kapp gesat. Sengem Humor ass hien trei bliwwen, huet an de leschte Méint awer och Sentimentalitéit, sou wéi seng méi nodenklech Säit musikalesch verpaakt an dorausser d’EP „F.A.M.E“ kreéiert. Wat sech hannert den neie Wierker verstoppt, a wéi hien elo och anere Kënschtler Ënnerstëtzung bidde wëll, gitt Dir hei gewuer.

Jo, schnell kënnt d’Viruerteel op, dass den Numm „F.A.M.E“ dofir soll stoen, dass de U.Nique sech um musikalesche Podium gesäit an a ganz Lëtzebuerg bekannt ass. Si mir emol éierlech, wien dreemt als Kënschtler net dovunner, unerkannt a gefeiert ze ginn? Fir de Lëtzebuerger Rapper hunn dës 4 Buschtawen allerdéngs nach eng Bedeitung: „Fir All Meng Emotiounen“.

Et goung him ëm Qualitéit, an net ëm Quantitéit. Vill Emotiounen hu sech ugestaut, déi a Form vu Musek verschafft goufen, wouduerch keent vun deene 6 Lidder dem aneren änelt. Wie Fan vu Rap an Hip Hop ass, dee wäert an dëser Kombinatioun aus gudder Laun a Witz, Eescht an Nodenklechkeet sécherlech zefridde ginn.

U.Nique

Fir déijéineg, déi him säit Joren zur Säit stinn

An dësem Kader ass gëschter e weidert Lidd vun der EP verëffentlecht ginn. Mat „LS“ kënnt een zimlech eescht, kritesch an och bedreelecht Wierk eraus. Et steet fir dee klenge Grupp u Kollegen, déi him scho säit Joren zur Säit stinn, deenen hien mat Loyalitéit entgéint kënnt.

Ma et gëtt och hefteg kritiséiert – virun allem d’Kredibilitéit vun Aussestoenden, deene Leit, déi grouss téinen awer näischt zustane bréngen. Verstäerkt gëtt déi ugespaant Stëmmung duerch déi düster Atmosphär am Video. Dobäi gëtt een awer och dem Cliché vum Rap-Song mat opgemotzten Autoen, Goldketten an Zigarett am Grapp gerecht.

An de Mulles?

Jo, och de Mulles, dee mir duerch „Wéi fréier“ kennen, huet nees eng wichteg Roll gespillt. Zwee Lidder sinn nämlech relativ spontan an am alkoholiséierten Zoustand entstanen. Den Text, deen dobäi erauskomm ass, huet och am niichteren Zoustand nach iwwerzeegt an esou eng Plaz op der EP fonnt. „De Mulles huet säi spezielle Pefferkär bäigeluecht“, erkläert de U.Nique am Interview. Mat senger Aart a Weis, hätt hien domat d’Wierk opgewäert.

Wëll een sech méi ee gefillsvollt Stéck unhéieren, réit hien zu „Eidel“. De Museker ënnersträicht, dass den Text him um Häerz läit a fir sech selwer schwätzt. Eralauschtere gëllt!

Mat voller Leidenschaft

Scho bei der leschter Editioun vum Lëtzebuerger Festival On Stéitsch huet de U.Nique mat engem Projet Jugendlecher ënnerstëtzt. E puer vun hinnen hunn tatsächlech un dëser Erfarung ugeknäppt a probéieren an der Zeen Fouss ze faassen. Aus dësem Grond huet de Rapper de Laberl U.Nique Records gegrënnt, mat deem hien Newcomer a jonk Artisten op hirem Wee ënnerstëtze wëll.

Aus dëser Initiative eraus ass eng Zesummenaarbecht mam Saint Kidd – een nach onbekannt Talent, dat hien duerch säi Projet kennegeléiert huet – entstanen. D’Resultat vum Duo, wat ënnert dem Numm „Dreemen“ erauskomm ass, ass iwwregens och dem U.Nique säi Liiblingslidd.

Voller Ambitiounen soll et dëst Joer virugoen. Weider Kooperatioune mat jonke Museker, Ënnerstëtzung duerch Projeten a säi Label, sou wéi och en Optrëtt beim dësjäregen On Stéitsch si geplangt – sou fern d’Pandemie et zouléisst. A sollt d’Situatioun an den nächste Méint besser ginn, kënne mir eis schonn op weider Optrëtter an op eng nodréiglech Release Party vu F.A.M.E freeën.

De U.Nique fannt Dir op Facebook, InstagramYouTube a Spotify.

Related topics Dreemen, Eidel, EP-Release, F.A.M.E, Fir all meng Emotiounen, LS, Musek, On Stéitsch, Rap, U.Nique
Next post Previous post