Search

You may also like

PINEWAY Album-Release vu „Shift“ de 4. Abrëll 2020 am Rockhal Floor
Neiegkeeten

PINEWAY Album-Release vu „Shift“ de 4. Abrëll 2020 am Rockhal Floor

Bréngt ee säin éischten Album eraus, da fält wuel all

YFCL: Zesumme kënne mer eis Zukunft retten!
Neiegkeeten

YFCL: Zesumme kënne mer eis Zukunft retten!

Vum 20. September bis 27. September organiséiert Youth for Climate

Ee Schluechtpass fir d‘Zuuchtvéi ?
Neiegkeeten

Ee Schluechtpass fir d‘Zuuchtvéi ?

Dem Luc Emering (Jongbaueren) seng Petitioun „Schluechtverbuet vu Lëtzebuerger Notzdéieren

Fir Kierper a Geescht: Den éischten Uechtsamkeitspad zu Lëtzebuerg

Fir Kierper a Geescht: Den éischten Uechtsamkeitspad zu Lëtzebuerg

Den 19. Juli 2021 huet den Educatiounsminister Claude Meisch den éischten Uechtsamkeitspad virum Mënsbecher Schlass zu Lëtzebuerg ageweit. Den Zenter fir sozio-emotional Entwécklung (CDSE), dee sech ëm Kanner këmmert, déi sozial an emotional méi gefuerdert musse ginn, war un dësem flotten a léierräiche Projet bedeelegt.

Uechtsamkeetsübunge bestinn doranner, de Geescht ze trainéieren fir de Moment ze liewen a sech selwer erëm besser kennenzeléieren. Dëst gëtt duerch ënnerschiddlech Punkten erméiglecht – mam Fokus op d’Empfannen, déi richteg Ootmung, eng Beweegung an Emotioune wouerhuelen, ouni ze uerteelen.

Bei der Ausféierung vu sougenannten Uechtsamkeetsübungen huet d’Equippe vum Zenter festgestallt, datt d’Schüler duerch déi deeglech Praxis méi empathesch ginn an hier Emotioune besser verstoen a kontrolléiere kënnen. Mat der Zäit gewannen si en Deel vum sozial-emotionale Gläichgewiicht erëm, d’Harmonie tëscht de Matschüler verbessert sech an d’Konzentréiere fält méi liicht.

Eng Rees zu méi Wuelbefannen

No der sanitärer Gesondheetskris gewënnt dës Praxis ëmmer méi Interessenten, och Schoule profitéieren dovun. Duerch d’Schafung vun dësem Wee wollt den Zenter fir sozio-emotional Entwécklung den Zougang zu dësen Übungen erliichteren, elo kann all Interesséierten dovunner profitéieren a sech selwer erëm besser kenneléieren. Zur Rou kommen, entspanen an de Moment genéissen.

Den éischten Uechtsamkeitspad

Och den Educatiounsminister Claude Meisch fënnt, datt dëse Wee wichteg fir d’Sensibiliséierung an d’Wuelbefanne vun de Kanner a Jugendlecher ass, sou haten se dach schwéier mat den Auswierkunge vun der Coronapandemie ze kämpfen. Si waren isoléiert, Onsécherheeten hunn zougeholl – a genee dofir kënnt dësen Uechtsamkeitspad de richtege Moment.

De Parcours ass selbstverständlech net nëmme fir Kanner oder Jugendlecher. Jiddweree kann en entweder eleng oder mat der Famill a sengem eegenen Tempo entdecken. Dobäi sollt een awer gutt 60-90 Minutten aplangen. 9 Statioune lueden op d’Übungen an, Informatiounspanneaue mat QR-Coden, déi digital Audiodateien op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch ofspillen, féieren d’Spadséiergänger net nëmmen duerch d’Übung, si weisen och de richtege Wee, dee selbstverständlech och fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit zougänglech ass.

Och Mënschen, déi schlecht gesinn, kënnen sech duerch e speziellen Audioguide zurecht fannen, allerdéngs ass dëse fir de Moment just op Lëtzebuergesch.

Fotoen: © CDSE

Related topics Aweiung, Claude Meisch, éischten Uechtsamkeitspad, Emotiounen, Empathie, Empfannen, Geescht, Harmonie, Konzentratioun, Mënsbecher Schlass, Schüler, Statiounen, Übungen, Zenter fir sozio-emotional Entwécklung
Next post Previous post