Search

You may also like

Offiziell Akkreditéierungen fir déi nei Ambassadeuren
International Neiegkeeten Sport

Offiziell Akkreditéierungen fir déi nei Ambassadeuren

Um haitegen Donneschdeg, den 13. Juni 2019 huet S.A.R. de

Dronen-Attack op Saudesch Raffinerie
International Neiegkeeten Sport

Dronen-Attack op Saudesch Raffinerie

A Saudiarabien goufen zwou Ariichtunge vum Staatskonzern Aramco mat Dronen

Frankräich: „Presséierte“ Client erschéisst „Relaxe“ Serveur…
International Neiegkeeten Sport

Frankräich: „Presséierte“ Client erschéisst „Relaxe“ Serveur…

Um Freidegowend géint 21 Auer, huet zu Noisy-le-Grand (Seine-Saint-Denis/Paräis) e

D‘UEFA an d‘Diktaturen

An Aserbaidschan freet sech den Diktator iwwert d‘Ausdroe vun der Europameeschterschaft

D‘UEFA an d‘Diktaturen

Europa, ee Sammelsurium vun Egoisten an op den eegene Nuebel bezunne Politiker, huet mam Zar vu Russland en Dissens a verhänkt Sanktiounen, si hunn och nach ee Problem mam wäissrussesche Lagerkommandant, a well d‘Cowboyen dat esou wëllen, gëtt och um Panda sengem Käfeg gerëselt.

Wien Frënd a wie Feind ass, hänkt ni vu Mënscherechter, Respekt an/oder Demokratie of. Géint Russland verhänkt ee Sanktiounen, well Moskau sech säi Schampeskeller zréckgeholl huet an ee puer Klatzkäpp mat Waffen an anerem Geschir stäipt. Géint China ergräift ee Sanktioune wëll d‘Kommunisten eng Demokratie zu Hong Kong net zouloossen an d‘Uiguren an Lager spären.

Aserbaidschan, eng 100% Diktatur (déi finanziell a politesch vun der EU, besonnesch de Kolleegen aus Däitschland op Hänn gedroe gëtt) ass eent vun de Länner an deenen d‘Europameeschterschaft ënnert der Kontroll vun enger absolutt apolitescher mee mafiéiser Organisatioun, ausgedroe gëtt. An engem Land, wou zanter méi engem Joer all politesch Versammlung strengstens verbueden ass, fillt sech d‘UEFA wuel, dat ass d‘Politik wéi ee se léift, do sinn d‘Enveloppen déck wéi ee Bauerebrout.

D‘UEFA, déi wuel ëmmer vu sech behaapt, de Fussball als Ambassadeur zur Vëlkerverstännegung anzesetzen, verfollegt hei ganz aner Ziler. D‘Europameeschterschaft ass jo, besonnesch fir Mäerder, Ligener a Fuddeler eng genial Geleeënheet, der Weltgemeinschaft Sand an d‘Aen ze streeën. Gutt schwéier schéngt et ugesiichts dem Intellekt vun de Fans net ze sinn, déi all Match als Krich tëscht de sech begéienende Länner verstinn. An d‘UEFA ass mam Aserbaidschan a gudder Gesellschaft…

Formel, Eurovisioun… Dat a villes méi, huet den Ilham Alijew, sech mat vill Geld erschlach. Baku späert Oppositioneller an, wéi de Putin; hie späert Journalisten an wéi de Lukaschenko, Dosende Mënscherechtler si „verschwonnen“ an den Ilham Alijew kritt net emol de béise Fanger gewisen. Firwat? SOCAR, de staatleche Pëtrolskonzern huet der UEFA Milliounen an d‘Täsche gestach.

Datt den Diktator ee grousse Frënd vu Lëtzebuerg ass, dozou huet esouguer ee Video, vun dem gäre behaapt gëtt datt sech keen dofir interesséiert.

Dat hat fir schlecht Stëmmung gesuergt, a mëttlerweil ass d‘SOCAR vun der offizieller UEFA Homepage verschwonnen. Offiziell heescht et, datt d‘SOCAR d‘Kooperatioun ofgebrach hätt, well ee misst Spueren. Den tatsächleche Grond: SOCAR huet wärend dem Iwwerfall op Bergkarabach massiv patriotesch Propaganda iwwert seng Kanäl an de sozialen Netzwierker verbreet. Dat huet zu internationale Verwerfunge gefouert, firwat se zu Nyon, dem UEFA-Sëtz, hu misse reagéieren.

Et gëtt esouguer gemunkelt, datt méiglecherweis de Mord un der maltesescher Journalistin Daphne Galizia, eng Roll kéint gespillt hunn. An dësem Kontext ass jo och d‘SOCAR als „Matwësser“ genannt ginn. Elo huet et Stëmmen, déi d‘Ausdroe vu Spiller am Kontext vun der Fussball-EM, als „Unerkennung fir eng Diktatur“ verklären. Datt fannen d‘Fans vum ronne Ball net gutt, well et geet jo ëm Sport an net ëm Politik. De facto geet et emol ëm de Goss, net ëm Politik a Mënscherechter…

Foto: Nom Krich géint Armenien, stolzéiert den Diktator Ilham Alijew duerch ee Korridor vun am Krich erbeuten Helmer. Dëse Korridor gouf am „Park vun den Trophyen“ geschafen. © Azerbaijani Presidency (12. Abrëll 2021)

Annex: Dem Jean Asselborn seng Ausso zur Aussepolitik vum 11. November 2020

Related topics Aserbaidschan, Baku, Diktator, Fussball-EM, Ilham Alijew, UEFA
Next post Previous post