Search

You may also like

surprise
Mobility Night: e Bléck op den Ekosystem vun der Mobilitéit
Neiegkeeten

Mobility Night: e Bléck op den Ekosystem vun der Mobilitéit

Wéi a virun allem wou sti mir haut a Saache

Ännerungen am ëffentlechen Transport an der Stad Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Ännerungen am ëffentlechen Transport an der Stad Lëtzebuerg

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert de Public, datt ab dem 10. Dezember

surprise
Frankräich: Kee Sonnenopgank fir d‘politesch Rentrée
Neiegkeeten

Frankräich: Kee Sonnenopgank fir d‘politesch Rentrée

Säit dräi Méint ginn d‘Sondage fir de franséische President an

E Grond méi, d’Uespelter Schlass ze besichen

De Wochemaart lackelt dëse Sonnden!

E Grond méi, d’Uespelter Schlass ze besichen

Zu Lëtzebuerg feelt et net u Buergen a Schlässer. Si bidde sech ëmmer nees fir déi ënnerschiddlechst Aktivitéiten un. A während bei ville vun den historesche Bauwierker decidéiert gëtt, fir e Mëttelalterfest ze maachen, esou gëtt am Uespelter Schlass e Maart organiséiert.

Et ass déi drëtten Editioun vun dësem Schlassmaart, dee vun de Frënn vum Uespelter Schlass zesumme mam Poretteclub Sektioun Uespelt organiséiert gëtt. Gutt 50 Hobbystänn sinn den 17. Juni 2018 vum 10:00 bis 18:00 ze gesinn. Natierlech geet et domatter nach laang net duer, et gëtt och z’iessen an ze drénken, wéi och Ënnerhalung. Tëscht 12:00 a 14:00 kann een Dréiuergelmusek mam Guy Arend héieren. Vu 15:00 bis 17:00 suergen d’Lompekréimer mat Lëtzebuerger a Jéinescher Volleksmusek fir gutt Stëmmung.

Schonn eleng d’Schlass selwer ass e Besuch wäert. Et steet zënter 2011 ënner Denkmalschutz a staamt aus dem spéide 16. Joerhonnert. D’Schlass gouf op enger Plaz erriicht, wou virdrun eng Waasserbuerg aus dem 11. Joerhonnert stoung. Wien sech gäre mi déif mam Schlass selwer beschäftegt, deem sief den Internetsite vun de Frënn vum Uespelter Schlass un d’Häerz geluecht.

Den Event selwer ass och op Facebook ze fannen.

Foto: Organisatiounscomité vum Uespelter Schlassmaart

Related topics Lëtzebuerg, Maart, Uespelt
Next post Previous post