Search

You may also like

Dan Codello: Bei der LSAP war et och schonn emol besser
Money Neiegkeeten

Dan Codello: Bei der LSAP war et och schonn emol besser

D‘Sozialisten aus der Minettemetropole hunn et am Moment net liicht.

Den US-President zum Fall „Alexej Nawalny“
Money Neiegkeeten

Den US-President zum Fall „Alexej Nawalny“

Am Kader vun enger Pressekonferenz huet sech den Donald Trump

D’CSV zum Klimaschutz: Courage fir déi richteg Schrëtt
Money Neiegkeeten

D’CSV zum Klimaschutz: Courage fir déi richteg Schrëtt

Fir Lëtzebuerg fällt den Earth Overshoot Day viraussiichtlech op de

money

Eng séier, geziilt a ugemoossen Äntwert

Den Internationale Wärungsfong (IWF) lueft Lëtzebuerg fir séi Reaktioun op d‘Coronaviruskris

Eng séier, geziilt a ugemoossen Äntwert

Lëtzebuerg hätt sech a punkto Krisemanagement gutt geschloen, esou emol aleedend en éischte Fazit zum Pressecommuniqué vum Internationale Wärungsfong (IWF). D‘Experte vun dëser Institutioun hunn erkläert, nodeems si sech am Mäerz mat Vertrieder aus Regierung, Wirtschaft an Zivilgesellschaft online getraff haten, datt mir eis besser geschloen hätte wéi dat erwaart gouf.

Déi séier, geziilt a ugemoossen Äntwert op déi sanitär Kris hätt dat schlëmmst verhënnert. D‘Land hätt jo awer ëmmerhin 18,6% vum Bruttoinlandprodukt (BIP) opgewannt fir d‘Pandemie op diverse Levelen ze bekämpfen an déi wirtschaftlech wéi human Folgen ofzefiederen. Dat séiert ëmklammen op den Télétravail hätt ee Beitrag geleescht, relativ gutt duerch d‘Kris ze kommen, esou den IWF.

An tatsächlech, et dierf ervirgehuewe ginn, datt d‘Regierung 2020 een ëmfaassende Moossnamepak zur Stimulatioun vum Wirtschaftswuesstem an dem Erhalt vun der Kafkraaft op de Wee bruecht huet (deen dank der Logementskris, net bei de modesten a schwaachen Akommes ukomm ass), an och dëst Joer weider geziilte Mesure nogeluecht goufen. Déi wirtschaftlech Perte läit bei 1,3%.

Gréng an digital Entwécklungen ënnerstëtzen

Den IWF geet nach ëmmer dovunner aus, datt d‘Perspektiven eppes ënner Virkriseniveau bleiwe wäerten. Woubäi eng séier Andämmung vun der Kris zu engem däitlech méi rapide Wuesstem féiere kann. Et géif wuel global Onsécherheeten, déi en awer mat flankéierende Moossnamen, bis de sécheren Opschwong sech undeit, kéint am Grëff behalen. A wann den Opschwong kënnt, da weess den internationale Wärungsfong och wat mir ze maachen hunn, fir nees zu alem Glanz ze kommen.

Wann de Wuesstem sech also nees weist, soll d‘Budgetspolitik an déi digital Entwécklung gestäipt ginn. Et wier och wichteg d‘Infrastrukturlächer ze stoppen. Rieds ass och vum internationale bestriewe vun enger Betribsbesteierungsreform an den ambitiéise CO²-Ziler. An dësem Kontext gëtt eis geroden nach eppes Sécherheetsreserve bereet ze halen. Wat wëssen déi wat eis net wëssen?

Et gëtt eis nach geroden um Kurs zur Diversifizéierung vun der Wirtschaft festzehalen. Wat déi ëffentlech Investitiounen ubelaangt, déi jo nach ëmmer och héijem Niveau ugesidelt sinn, esou gëtt zu enger Verstäerkung vum Management geroden. Et heescht och, datt si eise Bankesecteur als „op zolittem Grond Gebaut“ betruechten. Déi besser Opsiicht fir de Secteur vun den Investmentfonge gëtt begréisst an d‘Regierung ageluede weider ze reguléieren. Esou sinn se zu Washington…

Aarbechtsmaart a Prekariat

Den internationale Wärungsfong, deen net am Verdacht steet d‘Interesse vun de Lounofhängegen ze vertrieden, réit erstaunlecherweis derzou den Aarbechtsmaart weider ze stäipen. Hei besonnesch sougenannt „fragil Profiller“, firwat bei der Reprise de Fokus op den Erhalt vun den Aarbechtsplaze soll geriicht ginn. Et soll de Leit nees méi einfach gemaach ginn an Aarbecht ze kommen, an déi wou eng Schaff sichen, sollen a Richtung vun dynamesche Secteure forméiert a geleet ginn.

Verréckt, woubäi et wäert „een“ si scho mat der Nues drop gestouss hunn, well déi zu Washington, déi eist Land éischter aus dem Internet wéi a Presenz kennegeléiert hunn, interpelléieren eis Helde vun der Wunnengsmaartpolitik, an ermonteren si weider verstäerkt Wunnraum ze schafen. Elo ass een do awer och nach esouwäit gaange bäizefügen, datt d‘Mënschen och Zougang erhale mussen.

Wat elo de Wäert vun esou engem Bericht betrëfft, esou dierft sech deen der Allgemengheet kaum bis guer net erschléissen. Et huet dann och emol virun allem ee politeschen Notzen, besonnesch wa wéi hei, eng Regierung wou déiselwecht liberal Interesse vertrëtt, esou iwwer de grénge Kléi gelueft gëtt. Fir de Finanzminister Pierre Gramegna (DP), dierft dëse Rapport d‘Kiischt um Kuch vum Regierungsrot gewiescht sinn. Mir solle just an Erënnerung behalen, datt alles richteg war…

Illustratioun: © Antonio Visalli / unsplash

Annex: IWF Bericht (Staff-Report-and-Statement-by-the-Executive-Director-for-Luxembourg.pdf)

Related topics Internationale Wärungsfong, IWF, Opschwong, Pandemie, Wirtschaft, Wuesstem, Zensur
Next post Previous post