Search

You may also like

EU verstännegt sech op Sanktioune géint Wäissrussland
International Neiegkeeten

EU verstännegt sech op Sanktioune géint Wäissrussland

No drolege Wahlen a Wäissrussland, wou dem Diktator Alexander Lukaschenko

Trumpcare: Vun den eegene Leit ofgeschoss
International Neiegkeeten

Trumpcare: Vun den eegene Leit ofgeschoss

De republikanesche Projet fir d’Reforme vun der Krankekeess, ass ee

CFL: Cargo erop, Voyageure stabil
International Neiegkeeten

CFL: Cargo erop, Voyageure stabil

Bei der Virstellung vum Joresbilan vun der CFL waren nëmmen

Ugespaante Situatioun am Irak wéinst kurdeschem Onofhängegkeetsreferendum

Ugespaante Situatioun am Irak wéinst kurdeschem Onofhängegkeetsreferendum

Während d‘Resultat vum Referendum zur kurdescher Onofhängegkeet am irakesche Kurdistan nach net feststeet, sinn d‘Autoritéiten zu Bagdad um Krichsfouss. D‘Zentralregierung huet d‘Arméi an déi Géigende geschéckt, iwwer déi mat der aktuell autonomer Regioun nach gestridde gëtt.

Iwwert den Ausgang vum Referendum stellt sech dann och kee Froen. Um Dënschdeg Owend awer eréischt wäert de „Jo“ vun der Majoritéit vun de Kurden dann och offiziell sinn. Hiren Dram vun der Onofhängegkeet, deen se iwwert ee Joerhonnert an sech droen, wäerten se sech dann esou schnell allerdéngs awer net erfëllen.

De President vum irakesche Kurdistan, Massoud Barzani, huet dann och bestätegt, datt de Vote net direkt eng Onofhängegkeetserklärung wäert mat ze bréngen. Et bedeit just den Ufank vu ganz eeschte Gespréicher mat Bagdad. Gespréicher vun deenen ze fäerten ass, datt se ugespaant dierfte sinn. Dat well gewosst ass, datt Bagdad net bereet ass säi „Norden“ opzeginn.

Esou erkläert sech och d‘Opreegung am irakesche Parlament. Do war um fréie Méindeg, kuerz no der Opnam vum Referendum vun den arabeschen Deputéierten eng Resolutioun gestëmmt ginn. Déi verlaangt vum Chef vun der Arméi, dem Premierminister Haider al-Abadi, d‘Arméi an déi Regiounen ze verleeën, déi esouwuel vun de Kurde wéi och vun der Zentralregierung beusprocht ginn.

Washington enttäuscht

Wa vu „Sträit“ riets ass, da geet hei an éischter Linn ëm de Pëtrol aus der Provënz Kirkouk a gréissere Secteure vun: Ninive, Dyala an Salaheddine. Eng ganz Géigend déi 2014 vun de „Peshmerga“, de kurdesche Combattante, am vum Islamesche Staat (IS) ausgeléiste Chaos, konnt eruewert a besat ginn.

„Falls et an deenen Zonen zu Ausenanersetzunge kënnt ass den Optrag vun der federaler Muecht d‘Gesetz ëmzesetzen“, esou de Spriecher vum irakesche Premierminister géintiwwer der AFP. Unhand vun der Verfassung muss sech d‘Regierung un de Vote, an domatter un d‘Resolutioun, déi vun den arabeschen Deputéierte gestëmmt ginn ass halen. Zaldote waren um Méindeg awer nach net ze gesinn. Dofir huet de Referendum am Ausland fir Opreegung gesuergt.

„D‘USA si batter enttäuscht iwwert d‘Entscheedung vun der regionaler kurdescher Regierung, haut en eesäitege Referendum zur Onofhängegkeet ofzehalen“, esou um Méindegowend de Communiqué aus dem US-Ausseministère. D‘USA, déi et gäre gesinn hätten, datt een se ëm Erlaabnes freet, fäerten eng Instabilitéit an der Géigend.

Aus dem Communiqué ass dann och d‘Warnung kloer erauszeliesen: „D‘USA ënnerstëtzen e vereenten Irak, Federal, demokratesch an erfollegräich“. Sech dëser Ënnerstëtzung bewosst huet den Haider al-Abadi de Referendum och mat béise Wieder veruerteelt. Veruerteelt ginn ass de Referendum dann natierlech och vun alle Länner mat enger kurdescher Minoritéit: der Tierkei, Syrien an dem Iran.

Grouss Bedeelegung

Fir Bagdad, Ankara, Damaskus oder Teheran ass en onofhängege Kurdistan dann och e Risiko. Zu kengem Zäitpunkt an der Geschicht wier nozeliesen, datt een vun „deenen“ déi kurdesch Minoritéit verschount oder esouguer respektéiert hätt. De Referendum kéint deemno nëmmen den Ufank sinn an déi Kaart, déi nom 1. Weltkrich um Läichenduch vum osmanesche Räich gezeechent gouf, a Fro gestallt ginn.

Et war genee déi Kaart, e Resultat vum Accord vu Lausanne 1923, deen d‘Rechter vun de Kurde mat Féiss getrëppelt huet. Si hunn dësen Accord ni unerkannt, mee den Interesse vun der Tierkei, Groussbritannien, Frankräich, Italien, Japan, Griicheland a Rumänien konnten sech d‘Kurden nach net entgéint stellen. Dat ass ewell anescht an dowéinst ass och den UN-Generalsekretär Antonio Guterres besuergt.

Sech der kurdescher Erausfuerderung ausgesat, huet den Iran als éischt Reaktioun emol direkt säi Loftraum am Grenzberäich gespaart. Iwwert d‘iranesch Grenz gëtt kurdesche Pëtrol op d‘Mäert vum Golf geliwwert. D‘Tierkei, fir déi e Kurd am beschte Fall en Terrorist ass, wëll och seng Grenz zoumaachen.

Ankara huet domatter gedréit, den Export vum kurdesche Pëtrol ze blockéieren an esou déi autonom Regioun wirtschaftlech ze erstécken. Säit de Plang, wéi d‘Akommes vum Pëtrol mat der Zentralregierung zu Bagdad kéint gedeelt ginn, exportéiert de Kurdistan ronn 600.00 Barrel vu senger Dagesproduktioun iwwert d‘Pipeline déi Kirkouk mam tierkeschen Terminal zu Ceyhan verbënnt.

Araber an Turkmenen hunn sech net bedeelegt

Déi 12.072 Wahlbüroen déi uechtert de ganze Kurdistan ageriicht gi waren, hu mëttes um véier Auer zougemaach. Dat war eng Stonn méi spéit wéi virgesinn, mee wéinst dem groussen Zousproch néideg. Iwwer 3,3 Millioune Mënschen hunn deel geholl, wat 72,16% vun den ageschriwwene Persounen duerstellt. Esou d‘Ausso vun der Wahlkommissioun.

A schonn am fréie Moien hunn sech d‘Masse bei de Wahlbüroen zu Erbil, Souleimaniyeh an Dohouk gedrängt. Déi dräi Provënzen bilden d‘Regioun Kurdistan a sinn dat läscht wat Bagdad bereet schéngt hir ze ginn. Zu Erbil ass virum wichtegste Wahlbüro eng Kou gerass ginn. „Et ass d‘Gebuert vum Staat an et ass Traditioun bei der Gebuert eng Kou ze räissen“, esou de Dalgach Abdallah, en Affekot vu 27 Joer.

De Massoud Barzani, mat engem helle Laachen am Gesiicht hat scho fréi moies seng Stëmm ofginn. An der Provënz Kirkouk, déi eigentlech ausserhalb dem Kurdistan läit, ass och masseg gewielt ginn. Hei wuel a virun allem an de vu Kurden dominéierte Quartieren.

Wéi kritesch een elo awer, an dat bei allem Versteesdemech fir de Wonsch no Onofhängegkeet vun de Kurden, muss mat der Situatioun ëmgoen, kann een un all deenen „aneren“ festmaachen. An et ass och net datt et hinne verbuede gewiescht wier, mee um Beispill vu Kirkouk, muss ee feststellen datt sech Araber an Turkmene vum Vote enthalen hunn.

mam Hamid Zebari zu Erbil an dem Shwan Mohammad zu Souleimaniyeh/AFP

Foto: Um Méindegowend huet zu Erbil kee méi dru gezweiwelt, datt de Referendum zu Gonschte vun der Onofhängegkeet géif ausgoen. Domatter gëtt awer elo net direkt de Staat ausgeruff, mee et geet drëm staark Argumenter fir d‘Verhandlunge mat Bagdad an der Hand ze hunn. © Safin Hamed/AFP

Related topics Haider al-Abadi, Irak, Kurdistan, Massoud Barzani, Referendum
Next post Previous post