Search

You may also like

Wou ass de Goss?
International Neiegkeeten

Wou ass de Goss?

Am Abrëll 2019 war d‘Affär opgeflunn: de Patrick A (46)

Cabaret zu Steesel: Et geet ëm de Fric
International Neiegkeeten

Cabaret zu Steesel: Et geet ëm de Fric

Wann een d‘Hannergrënn vun deene groussen an och deene méi

Bréisseler Krise Sommet zum Atomofkommes mam Iran
International Neiegkeeten

Bréisseler Krise Sommet zum Atomofkommes mam Iran

Beim Sommet vun den EU-Ausseminister zu Bréissel, zu där sech

Ugespaante Situatioun zu Ostritz wéinst dem Neonazi Festival „Schëld a Schwäert“

Ugespaante Situatioun zu Ostritz wéinst dem Neonazi Festival „Schëld a Schwäert“

Honnerten Neonazie ginn e Freideg an engem klenge Stiedchen an Ostdäitschland Erwaart, wou mam Festival „Schëld a Schwäert“ de Gebuertsdag vum Adolf Hitler zelebréiert soll ginn. E Festival deen ënner Beobachtung steet, a fir dee vill Géigemanifestatiounen ugemellt goufen.

Dëst éischt „Treffen“ dat sech iwwer zwee Deeg verdeelt, gëtt vun engem konsequente Police-Asaz begleet. „Dir wäert op all Eck Poliziste gesinn“, versprécht de Chef vun der lokaler Police an der „Sächsische Zeitung“. An och a Polen léisst ee wëssen, datt et verstäerkt Patrulle gëtt fir d‘Sécherheet vun de Leit ze assuréieren.

Eng noutwenneg Mesure, well ofgesi vun den däitsche Faschisten, ginn och e sëllechen Extremisten aus Osteuropa an der Gemeng Ostritz erwaart. Déi däitsch Klengstad mat 2.400 Awunner ass direkt un der Grenz mat Polen a der Tschechescher Republik geleeën.

Säitens den Organisateure ginn eng 800 Leit um Festival erwaart, mee d‘Antifa (antifaschistesch Bewegung) geet vun 3.500 Neonazien aus, déi vum Event kéinten ugezu ginn. E Festival deen ënnert dem Thema „Zeréckeruewere vun Europa“ an zu Éieren vun „Hitler-Gebuertsdag“ organiséiert gëtt. An de Numm „Schëld a Schwäert“ ass dann och Programm.

Esou sinn nieft de Concerten, wou exklusiv Museksgruppen aus dem ultranationalisteschen an Hooligans-Milieu optrieden, och politesch Debaten, Atelieren zur Kampfkonscht an eng Tattoo-Convention virgesinn.

Ze kleng fir eng Gefor ze sinn?

Datt dëse Festival stattfanne kann, ass och dem opflame vun de rietsextreme Bewegunge geschëlt, déi – esou gëtt et behaapt – groussen Zoulaf hätten, well d‘Leit besuergt wiere wéinst de ville Refugiéeën aus Syrien an Afghanistan, déi säit 2015 an Däitschland opgeholl ginn.

E Bléck op Bundestagswahlen am September 2017 gëtt opschloss. Hei huet déi populistesch a rietsradikal AfD (Alternativ fir Däitschland) massiv Zoustëmmung erhalen, an a Sachsen, wou de Festival organiséiert gëtt, mat dat beschte Resultat gemaach.

Den Haaptmann an der Organisatioun vum Festival ass den Thorsten Heise, e Member vun der ultranationalistescher NPD (Nationaldemokratesch Partei Däitschland) déi 2017 alt nees engem Verbuet entgaangen ass. D‘Verfassungsgeriicht war der Demande, d‘Partei schlicht an ergräifend ze verbidden net nokomm, well d‘NPD, esou d‘Riichter, ze kleng ass fir eng Gefor ze sinn.

Dem Faschismus d‘Stir bidden

„Wann der iech versammelen an ouni Problem Hitler-Gebuertsdag feiere kënnt (…) dann ass erwisen, datt eis Gesetzer an d‘Gesellschaft krank ass“, esou d‘Meenung vum Sascha Elser, Spriecher vum Mouvement „Rechts Rockt Nicht“ am Opruff zur Géigendemo.

Mee och déi politesch Verantwortlech, d‘Kierch an Associatiounen aus der Zivilgesellschaft hunn sech fest virgeholl hiren Desaccord ze manifestéieren. Als Géigemanifestatioun organiséieren si am Stadzentrum e „Festival vum Fridden“.

E Familljefest soll et sinn, an keen anere wéi de konservative Ministerpresident vum Land Sachsen, den Michael Kretschmer – dee bei der Bundestagswahl vum AfD-Kandidat haushéich geschloe gouf – soll de Startschoss fir de Festival vum Fridde ginn.

National, Radikal awer voll Legal

Säit laangem, eigentlech schonn ze laang, organiséieren d‘Neonazie sougenannten „Underground Concerten“, fir engersäits Geld ze sammelen an nei Memberen opzehuelen.

De Festival, mat engem Terrain fir ze zelten, an engem Ticket-Präis zu 45 Euro fir zwee Deeg, gëtt vun de Géigner mat besuergtem Bléck verfollegt. Si gesi kee gutt Zeechen doranner, datt sech ultranationalistesch a faschistesch Bewegungen esou onbestrooft duerstellen dierfen.

Mee den Autoritéite sinn d‘Hänn duerch d‘Verfassung gebonnen. Déi garantéiert d‘Recht op eng friddlech Versammlung ënner fräiem Himmel. Woubäi d‘Gesetz awer virgesäit, datt déi ganz Nazi-Symboler, an hei notamment d‘Hakekräiz, net ëffentlech dierfen op- respektiv ausgestallt ginn.

An net nëmmen de Choix vum Datum, och den Titel vum Festival, wou d‘Initialen „SS“ un d‘Elite vun Nazidäitschland soll erënneren, gëtt vun de Géigner ervirgedoen. De Standuert vum Festival, dee a Proximitéit vu Nidder-Schlesien ofgehale gëtt, en Territoire deen Nazien sech averleift haten, ass och net zoufälleg gewielt ginn.

Eng Nuecht mat „Kampfhandlungen“ ënnert der Bezeechnung „Kampf der Nibelungen“ – als Referenz zur nordescher a germanescher Mythologie, steet och um Programm. „Liewen ass kämpfen“ behaapten d‘Organisateure. „Säit éiwegen Zäite sinn et d‘Kämpfer déi hire Clan,hir Sippschaft, hiert Land verdeedegt hunn“.

mam Frank Zeller/AFP

Opmaacherfoto: Pawel Sosnowski / dpa / AFP

Related topics Festival, Neo Nazi, Ostritz, Sachsen
Next post Previous post