Search

You may also like

Nach keng Eenegung tëscht dem Minister an der Policegewerkschaft
International Money Neiegkeeten

Nach keng Eenegung tëscht dem Minister an der Policegewerkschaft

Nodeems de Minister fir Bannesécherheet, François Bauch (déi gréng) Ufank

D’Europawahlen zu Lëtzebuerg de 26. Mee
International Money Neiegkeeten

D’Europawahlen zu Lëtzebuerg de 26. Mee

De 26. Mee 2019 sinn d’Europawahlen an den Zentrale Regierungsbüro

E Sécherheetsrisiko: D’Giischtercher hunn an der Impfstrategie wuel keng Prioritéit
International Money Neiegkeeten

E Sécherheetsrisiko: D’Giischtercher hunn an der Impfstrategie wuel keng Prioritéit

D’Associatioun vun de Giischtercher (AAP) fënnt et bedenklech, datt hir

money

UK-EU Fräihandelsaccord: De BoJo huet kee Bock

E Méindeg sollen d‘Verhandlungen zu de weidere Bezéiungen tëscht der EU a Groussbritannien ufänken, fir bis Dezember ee Fräihandelsaccord ze ficeléieren. Dat wäert net ze maache sinn...

UK-EU Fräihandelsaccord: De BoJo huet kee Bock

Dat grousst a laangwieregt Gedeessems mat de Briten, déi vu sech aus d‘Scheedung agereecht an esou de Brexit gefuerdert haten, dunn awer nees net esou wierklech goe wollten, huet eis gewisen, wou ee mat Groussbritannien drun ass. Datt et bei de Verhandlungen zur Feststellung vun den zukünftege Bezéiungsregele mam Boris Johnson net géif einfach ginn, dat war allen Acteure kloer.

Interessant: d‘Briten hu scho gëschter mat engem Verhandlungsofbroch gedreet. Dat muss ee séier relativiséieren, well si hätten et eigentlech gären, datt Bréissel bis Juni déi vu London virgeluechte Proposen a Konditioune bis Juni unhëlt. Aus dem britesche Verhandlungsmandat geet zudeem ervir, datt sech Groussbritannien net den EU-Regelen ënnerwerfe wëll. Hei kéint een dann ofschléissen.

An et stellt sech tatsächlech d‘Fro, wann ee mat esou enger offensiver Ofleenung an d‘Verhandlung geet, ob et dann iwwerhaapt nach Sënnvoll ass matenaner ze schwätzen? Wuel éischter net, woubäi d‘Brite jo net eleng „Wirtschaftspartner“ sinn, mee London och ee Militäresche Partner ass deen iwwer Atom- an aner Massevernichtungswaffe verfüügt. Also hëlt een emol Notiz vun der Ausso…

Fräihandelsaccord

„Deal“ or „No Deal“? Wann ee weess dat der wéi déi eloten zwee ganz um Schluss alles wat verhandelt gouf kënne verhënneren, kann ee sech op eng Prozedur wéi beim Brexit astellen. © Elysée (Archiv)

Zudeem ass nach ëmmer esou, datt et d‘Brite sinn, déi hei net wierklech an der Positioun sinn de Rhythmus ze bestëmmen. Dat geséich eppes anescht aus, hätt et schonn esou een Accord mat den USA, mee den Donnie schéngt emol ofzewaarden, wéi sech de BoJo a seng nei Ekipp mat eisen Helden zu Bréissel uleet. En Ofkommes wéi mat Kanada, dat géif dem Boris Johnson gefalen.

Just datt dëst Ofkommes – vun deem keen zweiwelt datt et géint all Vernonft um Krautmaart wäert vun der Neosozioliberalerklimawandel-Koalitioun ratifizéiert ginn – net passend wier, wéi et de Michel Barnier gëschter op Nofro betount huet. Den Handelsvolumme wéi och d‘Distanz tëscht de Vertragspartner wier einfach netze vergläichen. En CETA mat Fish & Cips Gôut wëll kee Mënsch.

Als Hürd steet déi gefuerdert Upassung vun de britesche Gesetzer un déi europäesch Regelen am Raum. Et kann ee verstoen, datt een nodeems ee seng „Fräiheet“ grad nees erlaangt huet, net wëll ënnert d‘Geriichtsbarkeet vum europäesche Geriichtshaff (EuGH) falen. Den Handel dee soll fräi sinn, d‘Fëscherei, d‘Strofverfolgung an juristesch Kooperatioun, getrennt verhandelt ginn.

FräihandelsaccordFëscherei ass och d‘Stéchwuert: Bréissel geséich et gären, datt déi bestoend „Reegele“ bäibehale ginn, wat et den europäesche Fëscher géif erlaben an de fëschräiche britesche Gewässer, operativ ënnerwee ze sinn. Dat wëllen d‘Briten net, si wëlle festleeë wie wéini wou wat fëschen dierf. Hiren Zougang zum EU-Bannemaart, wou de meeschte Fësch verkaf gëtt, soll net domat verknäppt ginn.

Gutt dat alles ass zur Stonn nach esou eppes wéi ee Virspill, wou nach keng „Häert“ festzestellen ass an sech „betriwwelt“ gëtt. Groussbritannien kann sech schlicht net erlaben zum „Drëttland“ ze verkommen, also quasi nach als Partner hannert d‘Tierkei ze falen. Bréissel kann et sech awer och net erlaben een esou gewiichtegen Handelspartner ze verléieren… woubäi et dofir Regele brauch.

mat indymedia/lon/bru/sxb

Foto: © Marten Bjork / unsplash

Related topics Boris Johnson, Bréissel, Brexit, EU, Fräihandelsaccord, Michel Barnier, UK
Next post Previous post