Search

You may also like

dislikesurprise
Wat soll dee Kaméidi?
International Neiegkeeten

Wat soll dee Kaméidi?

Et gëtt do eng Saach, déi ech nach ni sou

Den OGBL fuerdert d‘Verlängerung vum Loyer-Moratoire
International Neiegkeeten

Den OGBL fuerdert d‘Verlängerung vum Loyer-Moratoire

Den onofhängege Gewerkschaftsbond (OGBL) huet sech dem politeschen Aktivismus am

Mat 50 Joer ass Sticky Fingers kee Stéck méi al ginn!
International Neiegkeeten

Mat 50 Joer ass Sticky Fingers kee Stéck méi al ginn!

De legendären Album vun de Rolling Stones „Sticky Fingers“ huet

Ukrain: Presidentschaftswahl mat Iwwerraschungseffekt

Entertainer setzt politesch Elitten ënner Drock

Ukrain: Presidentschaftswahl mat Iwwerraschungseffekt

En ass nei, onverbraucht an huet laut den Héichrechnungen seng Konkurrente wäit hannert sech gelooss: rieds ass vum Entertainer a Polit-Debutant Volodymyr Selensky. Seng direkt Géigner, den amtéierende President Petro Porochenko an déi fréier Inneministesch Juli Timochenko, kréien zesummegeholl esouvill Stëmme wéi den Newcomer. Dat ass eng kloer „Datz“ fir d‘Profien.

Dat léisst déif an déi „politesch Middegkeet“ vun den Ukrainer blécken, déi es fënnef Joer nom Muechtwiessel den aktuellen Elitte sat sinn. Mee d‘Rennen ass nach net eriwwer, an den 41 järege muss sech elo am Endspurt behaapten. Seng Ausgangspositioun ass beschtens, mee d‘Konkurrenz huet hiert lescht Wuert nach net geschwat, och wann net ersiichtlech ass wat nach méiglech ass.

Wéineg politeschen Inhalt

Et dierf een dann awer och drop hiweisen, datt esouwuel de Petro Porochenko wéi och d‘Julia Timochenko, sech duerch wéineg „Iddien“ an/oder „Visiounen“ am Wahlkampf ervirgedoen hunn. Dem Porochenko ass e Wahlplakat mat der Opschrëft „Denk no!“ duergaangen, an d‘Timochenko huet en „neie Wee“ ugekënnegt, ouni d‘Richtung unzeginn oder nei Iddie virzebréngen.

Ukrain

Wann een dann och nach engem politesche Géigner géinteniwwer steet, deen de Wieler vun der Tëlee an aus dem Theater kennt, an deem säin Optrag net doranner bestanen huet seng Fäegkeeten als President ze beweisen, mee sech clever an iwwerzeegend vu senge Konkurrenten ofzegrenzen, da kënnt zum Wahldebakel. Strategesch gesinn, huet de Volodymyr Selensky alles richteg gemaach.

Stëllstand ass Gëft fir d‘Geschäft

Elo sollt een och drun erënneren, datt déi ukrainesch Communautéit déif gespléckt ass. Tëscht den Unhänger vun enger radikal nationalistesch gepräägter Politik, de pro-Europäer an de pro-Russen, gëtt et déi grouss Majoritéit, déi dem Krich an der Wirtschaftskris iwwerdrësseg sinn. Op déi huet déi positiv Atmosphär am Kontext vum Volodymyr Selensky sengem Wahlkampf agewierkt.

Dat bedeit net, datt sech d‘Géigner geschloe ginn. Mir sinn am europäeschen Osten an hei herrscht eng aner Polit-Kultur. Ersiichtlech wat gemengt ass, mécht et dem Julia Timochenko seng Ausso direkt no bekannt gi vun den Héichrechnungen. „Dësen Zuelen ass net ze vertrauen“, esou d‘Julia Timochenko, datt der Regierung Wahlbedruch ënnerstellt. Och dat eng gängeg Praxis…

1.000 OSCE-Wahlobservateuren

Op et zu Gefuddels komm ass, datt sollt am OSCE-Bericht nozeliese sinn. D‘Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa, hat 1.000 Wahlobservateuren iwwert d‘Ukrain verdeelt, déi de korrekte Wahloflaf kontrolléiert hunn. Et kann allerdéngs nach e Moment brauche bis de Rapport vun der OSCE virläit, zudeem gëllt dëse beschtefalls als „consultativ“.

Ukrain

D‘Stéchwahl an der Ukrain ass fir Enn Abrëll, also a gutt dräi Wochen, ugesat ginn. Vill Ukrainer ginn elo dovunner aus, datt déi „knaschteg“ Phas vum Wahlkampf agelaut gëtt, an den Drock op de Volodymyr Selensky eng nei Qualitéit wäert kréien. Als häertste Géigner gëtt de Petro Porochenko genannt, dee sech anscheinend esouvill Feinde gemaach huet, datt hie President bleiwe muss.

Krichsgeflüster

An den amtéierende President huet entspriechend op d‘Héichrechnung vum éischte Wahlgang reagéiert. Esou huet de Petro Porochenko sengen Unhänger versprach mat neie „Strategien“, esouwuel déi vu Russland annektéiert Krim, wéi och déi sämtlech verlueren Ostgebidder, nees zréckzëerueweren. Ass dat schonn eng „verstoppte“ Krichserklärung u Moskau?

Deene Jonken dann ze erklären, datt hie Versteesdemech fir huet, wëll si an de leschte fënnef Joer politesch kaum berécksiichtegt goufen, an elo soll zu Reforme kommen, ass wuel verständlech, mee d‘Asiicht dierft ville jonke Wieler eppes ze spéit kommen. Déi hunn am Volodymyr Selensky eng reell Alternativ a wäerten hir Hoffnungen op dëse Kandidat konzentréieren. Emol kucken…

mat indymedia/mow

Foto: © Kateryna Kruk (via Twitter)

Related topics Julia Timochenko, Petro Porochenko, Presidentschaftswahl, Ukrain, Volodymyr Selensky
Next post Previous post