Aus der Welt, kuerz bericht
Manchester: Aacht Verhaftungen Nom schrecklechen Uschlag zu Manchester sinn um
Manchester: Aacht Verhaftungen Nom schrecklechen Uschlag zu Manchester sinn um
Nodeems et dem venezuelaneschen Dissident Juan Guaido net gelongen ass
Lescht Joer war d’Netflix-Serie Stranger Things en Iwweraschungshit. Dowéinst gëtt
Déi ukrainesch Arméi huet gëschter annoncéiert, datt zwee hirer Zaldote bei esou engem Kontakt d‘Liewe verluer hunn. Aus dem ukrainesche Krichsministère seet eis d‘Spriecherin Maria Salnyk: „De Kommando vun de russescher Sträitkräften erhéicht d‘Kampffäegkeet vun de russesche Besatzungstruppen an de Regiounen Donezk a Luhansk“. Wou sollt Moskau et och soss maachen?
Een deen alles verstanen huet – woubäi de Konflikt no 7 Joer schonn eng gewësse Routine mat sech sollt bruecht hunn – ass de Olexij Hontcharenko vun der Partei „Europäesch Solidaritéit“. Hie weess firwat den Zar Vladimir I. de Konflikt unheize muss: „De President vu Russland muss Weeër fannen, mat deene vun den innepolitesche Problemer kann ofgelenkt ginn“, esou de Statement.
Déi politesch Flaachzang ass der Usiicht, datt ee Krich mat Ukrain derzou bäidroe kéinten, datt de Vladimir Putin d‘Duma-Wal am September „manner“ fälsche misst. Den Olexij Hontcharenko ass weiderhin der Meenung datt Moskau d‘USA, déi Europäesch Unioun an d‘NATO erausfuerdere wëll. Hien ass dem Joe Biden elo schonn dankbar, datt d‘US-Regierung bereet ass zouzeschloen.
Datt déi ukrainesch Politiker insgesamt esou euphoresch der Krichsrhetorik verfalen, huet vill mat der europäescher Aussepolitik, deels mat den Handelsbezéiungen zu den USA, a ganz sécher awer eppes mat Dommheet ze dinn. Nach emol: zanter de Konflikt am Donbass besteet, kënnt et virum Wanter an nom Wanter zu Truppebeweegungen, well dat sech strategesch fir béid Lager opdrängt.
Elo hunn awer déi rezent vun der Unioun géint Russland verhaange Sanktiounen, den ëmmer méi erfollegräichen Drock zur Verhënnerung vun der Gaspipeline NordStream2 an déi vum dementen EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten Uspillung vum militäresche Bäistand vun der EU a senge Memberlänner, Ambitiounen ausgeléist. D‘Primaten am Balkan sinn elo a Kampfstëmmung.
Verständlech, well net nëmmen de Josep Borrell Fontelles huet der Regierung zu Kiew an Aussicht gestallt, datt déi 27 EU-Länner scho muer hir Arméien a Beweegung setze wäerten, wann de russesche Bier sollt d‘Grenz iwwerschreiden. Säi bal gläichalterege Copain Joe Biden huet der Ukrain jo och versprach, déi ganz Schlaagkraaft vum amerikanesche Militärkomplex anzebréngen.
Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg, dee rezent vu sengem neie Virgesate besicht an op déi nei US-Aussepolitik ageschwuer gouf, huet en Dënschdeg dann och zu Kiew ugeruff. D‘NATO ass jo quasi de bewaffenten Aarm vun der Unioun an hire Partner. Si misst, natierlech ënnert der Leedung vun den USA, am Verdeedegungsfall déi russesch Federatioun ugräifen a platt maachen.
E Fait deen dem ukrainesche President a Beruffskomiker Wolodymyr Selenski net entgaangen ass, firwat hien dann och ganz Selbstbewosst d‘NATO, net nëmmen ëm Ënnerstëtzung freet, mee de Generalsekretär opgefuerdert, d‘Opnam vun der Ukrain an d‘NATO virunzedreiwen. Ass d‘Ukrain bis an der NATO, da missten d‘Europäer an Amerikaner hir „Bäistandsverspriechen“ aléisen.
Politesch gëtt argumentéiert, datt ee Bäitrëtt vun der Ukrain zur NATO den eenzeg Wee ass, fir de Konflikt am Donbass ze beendegen. Dat ass glat gelunn, well d‘EU huet laang virun der Annexioun vun der Krim an dem Konflikt am Donbass, op een NATO-Bäitrëtt vun der Ukrain higeschafft, wat jo och zum Dissens mat der russescher Federatioun gefouert huet. Fridde gëtt eben iwwerbewäert…
mat indymedia/bru/mow/iev
Illustratioun: © Viktor Bystrof / unsplash