Jonk Ukrainer zu Lëtzebuerg: Iwwer 1.200 Schüler konnten ënnerbruecht ginn

Zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain huet Lëtzebuerg ganzer 1.273 Schüler an den nationale Schoulen empfaangen. Dovu goufen 812 Schüler an ëffentlechen internationale Schoulen ënnerbruecht – dat sou wuel am Fondamental, wéi och am Secondaire.

Dobäi sinn déi schoulesch Offeren un déi jeeweileg Besoinen ugepasst ginn. D‘Coursen ginn op Englesch gehalen, well déi Jonk aus der Ukrain ab dem 3. Schouljoer des Sprooch léieren. Ma, jee no Alter an Niveau kréie si och d‘Méiglechkeet Däitsch oder Franséisch ze léieren. A spezielle Fäll kennen Schüler och direkt an eng regulär Klass kommen. Dofir goufen d‘Klassen extra vergréissert.

An dësem Kader huet den Educatiounsminister Claude Meisch gëschter eng Visitt vum Lënster Lycée an dem Fondamental zu Jonglënster ageriicht, fir esou déi jonk ukrainesch Flüchtlingen ze besichen.

Iwwer 1.200 ukrainesch Schüler konnten ënnerbruecht ginn
(v.l.n.r.) Claude Meisch, Educatiounsminister; ukrainesch Schüler © MENEJ / Luc Deflorenne

Schüler, déi laut ukraineschem Schoulsystem um Niveau 11 (equivalent zu eiser Première) sinn, kennen am August a September un engem Online-Test vum ukraineschen Educatiounsministère deelhuelen an esou Accès un eng ukrainesch Universitéit kréien. D‘Tester dréien dobäi ëm déi ukrainesch Sprooch, Mathe, sou wéi d‘Geschicht vum Heemechtsland.

Fir zousätzlech en Ofschlossdiplom unzebidden, mat deem d‘Schüler sech a ganz Europa fir eng Héichschoul aschreiwe kennen, kréie si d‘Méiglechkeet ee sougenannten „Diplome d‘accès aux études supérieures (DAES)“ an englescher Sprooch ze absolvéieren. Aktuell sinn 49 jonk Ukrainer heivir ageschriwwen.

Iwwer 1.200 ukrainesch Schüler konnten ënnerbruecht ginn
(v.l.n.r.) ukrainesche Schüler; Claude Meisch, Educatiounsminister; ukrainesche Schüler; Madame Sham, Regente vun der Klass © MENEJ / Luc Deflorenne

Ma, fir den englesche Sproochgebrauch, awer och d‘Léiere vun der franséischer Sprooch ze fërderen, gi säitens dem Nationale Sproocheninstitut (INL) verstäerkt Coursen fir d‘Studente vun der Uni.lu ugebueden.

Duerch d‘Zesummenaarbecht vun de Gemengen an de Schoule wäert en Encadrement fir d‘Summervakanz offréiert ginn. Esou solle sozial Kontakter gefërdert an op spilleresch Aart a Weis d‘Sproochkenntnisser verbessert ginn.

Dernières nouvelles