Search

You may also like

dislike
Presidentewal am Kenia annuléiert
Neiegkeeten

Presidentewal am Kenia annuléiert

Um Freideg huet den ieweschte Geriichtshaff am Kenia eng historesch

„Schreib. Schreib jetzt, schreib. Schreib was. Nein, / schreib nicht.“ – Den Dichter Jean Krier
Neiegkeeten

„Schreib. Schreib jetzt, schreib. Schreib was. Nein, / schreib nicht.“ – Den Dichter Jean Krier

An dësem Joer kënnt d’Lyrik-Anthologie Das Ende vom Lied (Phi-Verlag)

Grand Ducale: de kofferroude vu Steesel ass en Hommage un de „Red Ale“
Neiegkeeten

Grand Ducale: de kofferroude vu Steesel ass en Hommage un de „Red Ale“

Déi Steeseler Stuff-Brauerei ass eng mat de klengsten artisanale Brauereien

ULC a Patientevertriedung si genervt

Wat ass esou schwéier dorunner, bei den Impfungen den Avis vum behandelenden Dokter ze berécksiichtegen?

ULC a Patientevertriedung si genervt

Wann ee beim Konsumenteschutz (ULC) an der Patientevertriedung Asbl ganz vill Versteesdemech fir villes huet, a well si wëssen datt ganz vill Bierger wierklech frou sinn, hir Impfaluedung fir de Covid19 an Hänn ze halen, dann ass dat nëmmen den hallwe Loyer.

A jo et bezweiwelt bei dëse wichtegen Acteure vun der Zivilgesellschaft och keen, datt et wierklech eng komplex Situatioun ass, mat där sech déi mat der Impfcampagne an Impfstrategie beoptraagte Mënschen erëmklappe mussen. Et géif dann do awer eng Rei Parameter ze berécksiichtegen an och mat der Transparenz misst et däitlech besser ginn, wann sech dat alles esou och sollt opgoen.

Datt keen Dag vergeet ouni datt sech concernéiert Patiente bei hinne mellen, well den Hausdokter, dee si fir gewéinlech scho Jorelaang begleet, jee no Virgeschicht deen een oder anere Vaccin als net appropriéiert erkannt well hunn, an mëttels engem dorop hiweisenden Avis, de Leit an den Zenter zur Notzung vun engem „méi appropriéierten“ Impfstoff ze roden. Dat géif awer net behäerzegt.

Sech dann awer nees beschwéieren, datt et Leit huet déi net op d‘Invitatioun aginn, ass wuel bosseg. Et gëllt awer zumindest an den Ae vum Konsumenteschutz an der Patientevertriedung erwisen, datt an den Impfzenter, weder den Avis vum behandelenden Hausdokter, nach d‘Virgeschicht vum Patient eng Roll spillt. Hei géifen also „arbiträr“ Decisioune geholl, d‘Leit quasi entmëndegt.

Wéi gesot, kee stellt a Fro dat et komplizéiert ass, mee wa d‘Leit op emol fäertereg ginn, well den een Dokter esou seet, an deen aneren eppes anescht entscheet, dat kéint emol séier sinn, dat et sech mat der Impfstrategie, der Impfcampagne an der Sensibiliséierung vum Public net méi opgeet. Dat awer kann et jo wuel och net sinn. Wéi och ëmmer, béid Organisatioune fuerdere Remedur, elo!

Illustratioun: Wann et nu emol eng Roll Spillt wéi ee Vaccin benotzt gëtt, sollt een dat eventuell och behäerzegen, oder? © Mujid Majnum / unsplash

Related topics Avis vum Dokter, Impfcampagne, Konsumenteschutz, Patientevertriedung Asbl, ULC, Vaccinen
Next post Previous post