Search

You may also like

De Bilan vun der Gesondheetskeess weist en zolitten Iwwerschoss op
Neiegkeeten

De Bilan vun der Gesondheetskeess weist en zolitten Iwwerschoss op

2018 war, esou zumindest aus der Siicht vun der Gesondheetskeess,

Italienesch Autoritéite leeë Rettungsschëff un d‘Ketten
Neiegkeeten

Italienesch Autoritéite leeë Rettungsschëff un d‘Ketten

Iwwer Facebook hat den italieneschen Transportminister, Danilo Tonelli, bekannt ginn,

EU-Sommet: Et brennt ee Liicht um Enn vum Tunnel
Neiegkeeten

EU-Sommet: Et brennt ee Liicht um Enn vum Tunnel

Stonnelaang hunn d‘Staats- a Regierungscheffe vun der Unioun iwwer Finanzhëllefen,

D’ULC zu de Bank- a Postfraisen an den zouene Filialen

Elo ass d'Regierung gefuerdert!

D’ULC zu de Bank- a Postfraisen an den zouene Filialen

Wéi net anescht ze erwaarde koum et ulässlech zur Unhéierung vum vergaangene Freideg tëscht de Banken, bezéiungsweis der ABBL an der CSSF engersäits an dräi verschiddene Kommissioune vun der Chamber anerersäits, zu kenger Beweegung zu den horrende Bank- a Postfraisen, sou wéi de Filialen, déi zou gemaach goufen. Nach ëmmer bleiwen d’Banke bei hirem Standpunkt a verschléissen sech all Entgéintkommen am Bezuch op déi onsozial an ongerecht Fraisenpolitik.

Zudeem kéint een, sou d’ABBL, d’Banken net dozou zwéngen, hire Clienten ee méi präiswäerte „Service“ unzebidden. Anscheinend hunn dës Manager een ze kuerzt Zäitgediechtnis a kënnen sech net méi un d’Joer 2008 erënneren, wou d’Allgemengheet, also de Steierzueler zur Rettung vun de Banken zur Keess gebuede gouf.

D’ULC weist sech zudéifst enttäuscht iwwert déi dënn Argumenter, bei deenen et sech och ëm d’Diskriminéierung vun enger ganzer Generatioun handelt. Wëll d’Banken hunn net just eng wirtschaftlech Verantwortung, mee och eng sozial Aufgab ze erfëllen. Mee anscheinend muss een d’Bänker ëmmer nees drop hiweisen, mat wiem senge Suen d’Bank schlussendlech hir Geschäfter mécht an hiert Geld verdéngt?

De Konsumenteschutz huet zu den zwou Petitiounen, déi ëmmerhi vu ronn 16.000 Bierger a Biergerinnen ënnerschriwwe goufen, op déi permanent steigend Band- a Postfraisen, sou wéi déi zoue Filialen higewisen. Virun allem sinn duerch dës onsozial Politik déi eeler Mënschen, sou wéi „personnes à mobilité réduite“ betraff, déi zudeem eng Spaltung vun der Gesellschaft ervir geruff huet.

D’ULCerënnert de Finanzminister un d’Aussoe vum 21. Juni dës Joer, wou et an der Chamber zu Unhéierung vum Konsumenteschutz komm ass. Bei dëser Geleeënheet gouf schlussfolgerend festgehalen, datt 1. de Versuch ënnerholl géif ginn eng sougenannt Charta zu de Bankfraisen ze erschaffen a wann dëst net gräife sollt, et 2. zu enger Nobesserung, bezéiungsweis Kloerstellung vum Gesetz vum 13. Juni 2017 komme sollt.

Elo steet de Finanzminister an d’Regierung an der Flicht, wëll d’Banke bis dato kee Wëlle weise fir iergendeen Deut un hirer onsozialer Politik vun den horrende Band- a Postfraisen ze änneren.

Dofir fuerdert d’ULC eng Nobesserung a Kloerstellung vum Gesetz vum 13. Juni 2017 zu de „Comptes de paiement“ an dës virum allem am Bezuch op „personnes vulnérables“, ee Gesetz dat op enger europäescher Direktiv vun 2014 baséiert an just hallefhäerzeg an dat nationaalt Recht ëmgesat ginn ass.

Weiderhi fuerdert d’ULC, datt d’Bank- a Postfraisen fir Basisoperatiounen un de Schalteren nees drastesch zeréckgefuer ginn an ab dem 65. Liewensjoer, sou wéi fir all behënnert Persoune, gratis ugebuede ginn, sou wéi déi europäesch Direktiv dës Méiglechkeet och virgesäit.

Och wann e puer Politiker der Meenung sinn, datt et sech heibäi just ëm ee marginaalt Phenomen handelt, sou wéi sech ënnert anerem de President vun der Wirtschafts- a Konsumenteschutzkommissioun am Uschloss vun der Unhéierung ausgedréckt huet, dréckt hei gewalteg de Schong an et kann een dëse sougenannte politesche Verantwortungsdréier just roden, sech endlech nees bei de Mënschen ëmzehéieren.

D’ULC wäert weider mobiliséieren a bei der Regierung, bezéiungsweis dem Finanzminister eng Ënnerriedung beusprochen. Spéitstens da muss d’Regierung definitiv Faarf bekennen an endlech hir Verantwortung iwwerhuelen.

Donc affaire à suivre.

Matgedeelt vun der ULC – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Bank- a Postfraisen, Bezuelung, Chamber, Gesetz vum 13. Juni 2017, Konsumenteschutz, Regierung, Schalter, ULC, Virement, zoue Filialen
Next post Previous post