Search

You may also like

Wéi gëtt ee Kandidat fir d’franséisch Présidentielle?
Neiegkeeten

Wéi gëtt ee Kandidat fir d’franséisch Présidentielle?

D‘Stad Lëtzebuerg erwächt zu neiem Liewen
Neiegkeeten

D‘Stad Lëtzebuerg erwächt zu neiem Liewen

Och d‘Haaptstad huet massiv ënnert der Covid19-Pandemie gelidden, mee lues

Chaos am Wäissen Haus? „Fake News“ äntwert den Trump
Neiegkeeten

Chaos am Wäissen Haus? „Fake News“ äntwert den Trump

Um Donneschdeg huet sech den US-President Donald Trump richteg beméit,

Falsch Handwierker, horrend Präisser a Bedreeung

Falsch Handwierker, horrend Präisser a Bedreeung

Wéi de Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) matdeelt, kënnt et ëmmer méi oft zu Bedruch bei der Pannenhëllef doheem. Extrem héich Rechnungen, keng effikass Reparatur, Bedreeung an en aggressiivt Verhale géigeniwwer dem Client – hei wuel éischter Affer – si keng Seelenheet. Mee wéi kann ee sech schützen?

D’Heizung fält aus, e Rouer ass verstoppt oder et gëtt e Problem mam Schlëssel. Oft handelt et sech ëm Noutsituatiounen an deenen eng Reparatur esou schnell wéi méiglech gewënscht ass. Dat notze verschidde Gauner gären aus a stellen nom Agrëff, dee schlecht ausgefouert gëtt, respektiv duerno nach méi Schuet ass wéi virdrun, eng Rechnung am décken zwee- bis dräistellege Beräich aus.

Fir dass déi horrend Zomm och bezuelt soll ginn, setzen se d’Affer ënner Drock. E Beleg gëtt et just no villen Diskussiounen.

Leider ass et guer net esou einfach, an der Hektik den onprofessionelle Gangster vum richtegen Handwierker ze ënnerscheeden. Op de Sichmaschinnen am Internet sinn d’Firmen oft gutt referenzéiert an änneren reegelméisseg den Numm.

D’ULC réit dofir op folgend Punkten opzepassen:

  • Schwätzt mat engem Fachmann aus dem Beräich;
  • Frot wa méiglech e puer Offeren bei verschidde Firmen un;
  • Huet een déi Zäit net, dann sicht ob der jeeweileger Websäit no bestëmmten Detailer (Adress vum Haaptsëtz, TVA-Nummer, Handelsregisternummer,…). Sinn dës Informatiounen net opgelëscht, respektiv just eng Handynummer sollt ee virsiichteg sinn;
  • Vertraut net op d’Endung „.lu“ bei enger Internetsäit. Dëst bedeit net onbedéngt, datt sech d’Entreprise zu Lëtzebuerg befënnt. Héich Fuerkäschte sinn d’Resultat;
  • Och Bewäertungen vu Clienten kënne gefälscht sinn;
  • Ass de Label „Made in Luxembourg“ op der Säit gewisen, sollt ee kontrolléieren, ob de Label hinne wierklech zousteet;
  • Ass uginn, dass d’Entreprise en unerkannte Partner vu grousse Versécherungsgesellschaften ass, frot bei enger vun de Versécherungen no, ob dat tatsächlech de Fall ass;
  • Weigert Iech de Betrag ze bezuelen, wann de Betrag wäit iwwert dem Duerchschnëtt läit, d’Aarbecht schlecht oder guer net fäerdeg gestallt ass.

Virun allem sollt ee sech op kee Fall ënnert Drock setzen loossen. Sidd Dir Affer vun engem uewe beschriwwene Bedruch ginn oder sidd Iech onsécher, ob eng Entreprise serieux ass, da mellt Iech beim Konsumenteschutz (Tel.: 49 60 22-1; E-Mail: info@ulc.lu).

Opmaacherbild: © Юлія Вівчарик / Unsplash

Related topics Bedruch, Drock, falsch Handwierker, Konsumenteschutz, Rechnung, Seriéisitéit, ULC
Next post Previous post