Search

You may also like

Elo leet sech d‘Wëssenschaft mat der Politik un
Money Neiegkeeten

Elo leet sech d‘Wëssenschaft mat der Politik un

Well (aus Grënn) den drëtten Deel vum Weltklimabericht eréischt am

Nei Buslinnen ab dem 18. September
Money Neiegkeeten

Nei Buslinnen ab dem 18. September

Oft gefuerdert, sinn ab e Méindeg dräi nei Buslinnen operationell.

Jemen: USA fuerdere Friddensverhandlunge bannent 30 Deeg
Money Neiegkeeten

Jemen: USA fuerdere Friddensverhandlunge bannent 30 Deeg

En Dënschdeg huet den US-Verdeedegungsminister Jim Mattis d‘Krichsparteien am Jemen

money

ULC kritiséiert déi drastesch Erhéijung vun de Fraise vun der Raiffeisekees

ULC kritiséiert déi drastesch Erhéijung vun de Fraise vun der Raiffeisekees

Nom Vergläich vum ULC huet d’Raiffeisekees Fraisen op Iwwerweisungen drastesch erhéicht.

Am Mäerz 2018 huet den ULC, den all Joer ee Vergläich vun de Bankfraisen op Kontoopératioune mëscht, festgestallt, datt Raiffeisebank fënnef Iwwerweisungen a Papeierform pro Mount gratis offréiert. Ab der sechster Iwwerweisung goufe Fraise vun 0,75 Euro berechent.

Dës Fraise goufen am Summer heemlech eropgesat. Elo gi schonn 0,75 Euro bei der éischter Iwwerweisung op een anere Raiffeise-Kont, bezéiungsweis 1,50 € fir eng Iwwerweisung op de Kont vun enger anerer Bank ausserhalb vum SEPA-System berechent.

Elektronesch Iwwerweisungen op een anere Raiffeise-Kont bleiwe weiderhi gratis. Bei enger Iwwerweisung op een anere SEPA-Kont vun enger anerer Bank ginn ab der sechster Iwwerweisung 0,75 Euro berechent. D’Bank bitt awer fir 9,75 € de Mount den Package „Opera Plus“ un, den ofhängeg vun der Zuel an Aart vun den Iwwerweisunge méi bëlleg kéint ginn.

Dem ULC ass och opgefall, datt Raiffeisekees deelweis fir elektronesch Iwwerweisungen op een SEPA-Kont vun enger anerer Bank no fënnef Iwwerweisunge Fraise freet. Dëst gouf awer am viraus scho virausgesot.

Deemno fänkt d’Fraisekarussell rëm un sech ze dréinen. D’ULC hofft, datt et hei bei engem Eenzelfall bléift a warnt d’Banken an d’Post elo schonns weider un der Schrauf ze dréien. De Konsumenteschutz fuerdert d’Banken nach emol op, weider Erhiewunge vun de Fraisen op Standardoperatiounen, wéi Iwwerweisungen, Geld ofhiewen asw ofzegesinn.

Den ULC fuerdert vum Finanzminister endlech dat versprache Vergläichsportal fir déi verschidde Fraise bei der CSSF unzebidden. Dat erlaabt dem Verbraucher d’Fraise vun de verschiddene Finanzinstituter ënnereneen ze vergläichen. Nëmmen esou ass et dem Client méiglech eng vollstänneg an transparent Informatioun zu de Fraisen ze erhalen.

Related topics Banken, Iwwerweisungen, Raiffeisekees. Bankfraisen, ULC
Next post Previous post