Search

You may also like

Casting fir „The Voice“ am Kinepolis
Neiegkeeten

Casting fir „The Voice“ am Kinepolis

Fir déi grouss Talentshow „The Voice“ déi zënter Abrëll 2011

Keng Filmstudioen an der Gebuertsstad vum Andy Bausch
Neiegkeeten

Keng Filmstudioen an der Gebuertsstad vum Andy Bausch

Wann sech déi industriell Friche „Neischmelz“ zu Diddeleng, der Gebuertsstad

De CinEast huet méi wéi 10.400 Persounen an de Kino gezunn
Neiegkeeten

De CinEast huet méi wéi 10.400 Persounen an de Kino gezunn

Et war déi 11. Editioun vum Festival CinEast, ee Lëtzebuerger

ULC mam beholl vum Bausecteur „onzefridden“

ULC mam beholl vum Bausecteur „onzefridden“

Mat der Reprise vun de Wirtschaftsaktivitéiten, vun deem emol an éischter Linn de Bausecteur sollt profitéieren, hunn eng ganz Rëtsch Chantieren nees ugefaangen, woubäi et hei ganz Strikt Uerder gëtt, wat d‘Sécherheet vun de Leit op eben dëse Schantje betrëfft. Eng Sécherheet déi natierlech och säi Präis huet, an dee kann net vum Secteur – deem et ganz schlecht geet – eleng gedroe ginn.

Elo ass et richteg, datt Schutzmasken, Schutzausrëschtung, Desinfektiounsmëttel jo esouguer den differenzéierten Transport vun den Aarbechter Käschte produzéiert, an esouwuel de Bauträger, wéi eben déi Ausféierend Betriber do mussen ee Konsens fannen. Also eigentlech wier et dat dee richtege Wee, woubäi „Verhandelen“ – dat huet bei de Kollektivverträg gesinn – ass net gär gesinn.

Beim Konsumenteschutz (ULC) sinn dann och ee sëlleche Plainten agaangen, wou sech Clienten iwwert onmoosseg Methode vun de Promoteuren iergeren. Esou solle „Bauhären“ en Avenant zum Kontrakt ënnerschreiwen, an deem si den Accord ginn, déi duerch de Retard entstane Käschten um Chantier, wéi och d‘Méikäschte vun de sanitäre Mesure um Chantier ze iwwerhuelen…

ULCDe Konsumenteschutz réit alle Leit déi an dësem Fall sinn, ëm Gottes Wëllen näischt esou eppes ze ënnerschreiwen. Hei geet et net ëm ee puer honnert, mee ass däitlech rieds vun dausenden Euroen, déi esou gefuerdert ginn. Esou verweist eng Entreprise, déi esou Libesbréiwer un seng Cliente verschéckt huet op dat groussherzoglecht Reglement vum 17. Abrëll, a franséisch Richtlinnen.

Elo kann ee verstoen, datt keen et onversicht wëll loossen, och eppes Kapital aus dëser Pandemie ze schloen, schliisslech ass engem an de leschte fënnef Wochen net gehollef ginn, an et huet jo seng Leit awer misse weider bezuelen. Gutt ganz esou krass, wäert et net gesot gi sinn, mee dofir ass kloer an däitlech am Reglement festgehale ginn, datt den Employeur d‘Fraise vum „Schutz“ dréit.

An iwwerhaapt, wa vum „Bauhär“ rieds ass, esou weist och hei d‘ULC drop hinn, datt bei Verträg déi als „Schlësselfäerdeg kaf“ unzegesi sinn, de Promoteur an/oder de Vendeur, esouwuel d‘Maîtrise vum Chantier, wéi och d‘Qualitéit als Bauhär bis zur Iwwergab vum Objekt behält. Et sollt een awer versichen sech ze eenegen, an net sech eppes opzwéngen ze loossen, esou d‘ULC

Illustratioun: © Ümit Yildirim / unsplash

Related topics Avenant, Bausecteur, Covid19, Exitstrategie, Reprise
Next post Previous post