Search

You may also like

D‘Police brauch eng nei Fourrière
International Neiegkeeten

D‘Police brauch eng nei Fourrière

De 17. September hat den Deputé-Maire vun Esch-Uelzecht, Georges Mischo

MMUST: Äre Choix haut fir d’Mobilitéit vu muer
International Neiegkeeten

MMUST: Äre Choix haut fir d’Mobilitéit vu muer

Den Trafic zu Lëtzebuerg, sou wéi an der Groussregioun soll

Rentner a Griicheland Affer vu Spuermoossnamen
International Neiegkeeten

Rentner a Griicheland Affer vu Spuermoossnamen

Wéinst dem EU-Spuerdiktat setzt d’Regierungspartei d’Mindestrent op 350€ erof. Déi

D’ULC warnt virun der Ofschafung vum Boergeld

D’ULC warnt virun der Ofschafung vum Boergeld

D’Thema ëm d’Ofschafung vum Boergeld daucht mëttlerweil ëmmer erëm op. De Startschoss heizou war déi sougenannt „Roadmap“ vun der Europäescher Kommissioun am Joer 2017. Hannergrond vun de Beméiunge wiren nei Waffen am Kampf géint den Terror, wouduerch d’Boergeldbegrenzung ganz uewen op der Wonschlëscht steet.

D’ULC stellt fest, datt et schonn eng Rei EU-Memberstaate ginn, déi eng Uewergrenz fir Geschäfter mat Boergeld ginn: D’Limitte leien an Italien bei 3.000 e, a Frankräich bei 1.000 €, a Griicheland bei 1.500 € an a Spuenien bei 2.500 €.

Déi momentan Grenze fir Boergeld sinn allerdéngs agefouert ginn, fir Geldwäsch ze verhënneren. Bis ewell ginn et awer keng Erkenntnisser, wéi effektiv d’Boergeldgrenz bei der Bekämpfung vu Kriminalitéit, Geldwäsch an der Verhënnerung vu Waffegeschäfter wierklech ass. D’Kommissioun selwer gëtt zou, datt et heizou keng verwäertbar Statistike ginn.

Et gëllt nach ee weideren Aspekt ze kucken. Et kann een dovun ausgoen, datt duerch eng no Rezessioun vun der Europäescher Zentralbank nach méi héich Zënse fir d’Geschäftsbanken uviséiert ginn. Dat geet awer am Beschte just dann, wa Boergeld ofgeschaaft ass oder automatesch u Wäert verléiert. Soss géiffe Bankdepoten op mannst zum Deel einfach duerch Boergeld agetosch ginn.

D’ULC warnt virun der Ofschafung vum Boergeld. Een EZB-Direktiounsmember huet et folgendermoosse formuléiert: „Boergeld schaaft Privatsphär a séchert domat d’Grondrechter, wéi d’Recht op Selbstbestëmmung, d’Handelsfräiheet an d’Meenungsfräiheet of.“ Doriwwer hinaus erméiglecht et d’Gläichheet an d’Undeelnam, wëll Boergeld fir all Bevëlkerungsschichte liicht zougänglech ass. Virun allem fir déi eeler Generatioun a fir sozial Schwaacher wier d’Ofschafung fatal an net virstellbar.

Boergeld

Ee weidert wichtegt Argument: Et kann net sinn, datt all BiergerInnen an ee System gezwonge ginn an zum gliesere Mënsch degradéiert ginn, wou si permanent ënnert Kontroll stinn a Spueren hannerloossen, hir ganz Akeef a Bezuelungen iwwert Joren a Joerzéngten hin ewech ofruffbar sinn. Et geet also heibäi ganz einfach ëm den Erhalt vun de Perséinlechkeetsrechter.

Zu lescht schwätzen och d’Zuele géint d’Ofschafung vum Boergeld. Ee Groussdeel vun allen Akeef gëttt nach ëmmer a Boer bezuelt. Am Euro-Raum huet sech säit der Aféierung vun der Gemeinschaftswärung am Joer 2001 d’Boergeld am Ëmlaf vu 4,5 % vum BSP op 10% méi wéi verduebelt. Och wa sécherlech eng Entwécklung zum Verkéier ouni Boergeld virun allem bei de jéngere Generatiounen net ze bestreiden ass, esou wëll och an Zukunft déi grouss Majoritéit vun de BiergerInnen net op d’Boergeld verzichten.

Aus all dësen uewen opgezielte Grënn sprécht sech d’ULC géint d’Ofschafung vum Boergeld aus a wäert all hinnen zur Verfügung stoend Schrëtt bei der Regierung an den Institutiounen ënnerhuelen, fir dësen Zeenario ze vermeiden.

Matgedeelt vun der ULC – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Boergeld, Europäesch Kommissioun, europäesch Zentralbank, EZB, Konsumenteschutz, Ofschafung, ULC
Next post Previous post