Search

You may also like

Éischt Folge vum Sécherheetsgesetz fir Hong Kong
Neiegkeeten

Éischt Folge vum Sécherheetsgesetz fir Hong Kong

US-Bierger déi a China liewen, sinn vun hirer Regierung opgeruff

No den Accisen, d‘Taxen um Auto…
Neiegkeeten

No den Accisen, d‘Taxen um Auto…

Laut dem Mobilitéitsminister gëtt ab dem 1. Mäerz 2020 d‘Miessung

money
Sinn d‘Solde bis eriwwer, ginn d‘Präisser nees an d‘Luucht
Neiegkeeten

Sinn d‘Solde bis eriwwer, ginn d‘Präisser nees an d‘Luucht

Wa während de Solden am Summer d‘Präisser kuerz bis an

Sou vill zum Schutz vun den eelere Matbierger

Sou vill zum Schutz vun den eelere Matbierger

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) ass veriergert iwwert d’Impfungen. Dobäi geet et awer net ëm d’Covid-Impfung, déi aktuell eent vun den Haaptthemen an de weltwäite Medien ass, mee ëm de Schutz viru Pneumokokken, déi eng Longenentzündung ervirruffe kënnen.

Duerch eng Konventioun tëscht dem Lëtzebuerger Staat an der Krankekeess ass de Versécherten ab 65, respektiv der Risikogrupp dës Impfung nämlech garantéiert an d’Käschte solle vun der CNS iwwerholl ginn.

Impfe wëll een déi eeler Matbierger allerdéngs just bis zum Alter vu 85 Joer. Duerno wier et net méi nogewisen, datt d’Mëttel wierkt, wouduerch d’Persoun d’Käschte vun der Impfung selwer droe muss. D’ULC freet sech, ob d’Mëttel dann iwwerhaapt wierksam ass.

„Sou vill zum Schutz vun den eelere Matbierger, dee grad an der aktueller Covid-Kris ëmmer neer ervirgehuewe gëtt“, heescht et an hirem Schreiwes. De Konsumenteschutz erkläert dës Decisioun als Diskriminéierung a fuerdert, datt d’Käschte vun der Impfung fir jiddwereen deen se wëll, onofhängeg vum Alter, vun der Krankekeess iwwerholl ginn.

Hiert Schreiwes fannt Dir HEI.

Opmaacherbild: © Fabio Neo / Unsplash

Related topics Aschränkungen, Eeler Matbierger, Gesondheet, Impfung, Konsumenteschutz, Konventioun, Krankekeess, Longenentzündung, Pneumokokken, Staat, ULC
Next post Previous post