Search

You may also like

An Däitschland ginn d‘Masuttsheizunge Verbueden
Neiegkeeten

An Däitschland ginn d‘Masuttsheizunge Verbueden

An der Ministerronn um Mëttwoch, huet d‘GroKo de Verbuet vun

Vill Froe wéineg Äntwerten
Neiegkeeten

Vill Froe wéineg Äntwerten

Datt de Bistum – also eigentlech d‘Lafayettee SA – seng

Fichier Central – No engem Joer nach ëmmer e Faass ouni Buedem
Neiegkeeten

Fichier Central – No engem Joer nach ëmmer e Faass ouni Buedem

Fichier Central – No engem Joer nach ëmmer e Faass

ULC: D’Präiserhéijung vum SNCT ass onverschimt!

Eng Hausse vu 40% ass onerhéiert!

ULC: D’Präiserhéijung vum SNCT ass onverschimt!

Vergaangene Freideg gouf bekannt gemaach, datt déi technesch Kontrollstatiounen am Grand-Duché hir Präisser fir d’Kontrolle vun de Gefierer tëschent 39 a 44% erhéijen. Dës onverhältnesméisseg Erhéijung soll mat enger verbesserter qualitativer Déngschtleeschtung ze erkläre sinn.

An dësem Sënn kritiséiert d’ULC datt den SNCT domadder ëffentlech zougëtt, datt hir Déngschtleeschtunge bis ewell onausräichend waren an dass eng qualitativ Verbesserung scho längst iwwerfälleg war.

Op den zweete Bléck gesäit et éischter no enger Tarifupassung un d’Konkurrenz vun der DEKRA aus. Zu Lëtzebuerg huet eng Liberaliséierung vun de Präisser ëmmer just zu deels enorme Präiserhéijunge gefouert. Ee rezent Beispill dofir sinn d’Tariffer vum Taxi.

D’ULC ass sech natierlech bewosst, datt an eisem Wirtschaftssystem d’Präisser vun Zäit zu Zäit ugepasst gi mussen, mee esou eng drastesch Erhéijung, ouni Erklärung zu de geplangt Verbesserungen, sicht schonn hiresgläichen. De Konsumenteschutz freet sech dobäi, op den ëffentleche Gratistransport an Zukunft duerch d’Steierzueler finanzéiert soll ginn?

Virun allem vir Geréng- a Mëttelverdinger, sou wéi fir Famille sinn dës 40% eng extrem Erhéijung, an domadder och eng immens Frechheet. Dofir fuerdert d’ULC d’Regierung an déi Responsabel op, dës Erhéijung direkt zeréckzezéien. Dës Weidere wäert de Konsumenteschutz eng Diskussioun mat de Responsabele vum SNCT ufroen, fir Kloerheet ze kréien.

Folgend Präisser gëlle säit dem 1. Februar 2019

Kategorie Präis
Auto mat thermeschem Moteur oder Hybrid-Moteur 52,00 €
Elektro-Auto 46,00 €
Historescht Gefier 69,00 €
Taxi mat thermeschem Moteur oder Hybrid-Moteur 70,00 €
Elektro-Taxi 64,00 €
Camionnette, Notzgefier 52,00 €
Remorque oder Semi-Remorque (Max. Mass 750-3.500 kg) 34,00 €
Motorrad, Tricycle, Quadricycle 39,00 €
Autobus, Autocar 104,00 €
Camion, Trakter Remorque, Trakter Semi-Remorque, Depanneuse,… 94,00 €
Remorque oder Semi-Remorque (Mass iwwert 3.500 kg) 84,50 €
Trakter oder landwirtschaftlech Maschinnen (iwwert 3.500 kg) 89,50 €

Alleguertern d’Präisser fannt Dir ënnert www.snct.lu .

Related topics Auto, Camionnette, Kritik, Moto, Präiserhéijung, Qualitéit, SNCT, Transport, ULC
Next post Previous post