Search

You may also like

Covid19-Tester zu Diddenuewen
Neiegkeeten

Covid19-Tester zu Diddenuewen

Hei eng vläicht wichteg Informatioun fir eis Landsleit déi am

Ass d‘Reform vun den Autorerechter an der EU duerch?
Neiegkeeten

Ass d‘Reform vun den Autorerechter an der EU duerch?

Mir haten déi lescht Woch op de méigleche Kompromëss bei

Tacheles: Filtere si feelerufälleg an entscheede falsch
Neiegkeeten

Tacheles: Filtere si feelerufälleg an entscheede falsch

D’Julia Reda, Member vum Europäeschem Parlament, huet e Puer Fäll

D‘ULC huet och eng Meenung zum Regierungsprogramm

Wa vill guddes dra steet, esou bleift nach villes ëmzesetzen

D‘ULC huet och eng Meenung zum Regierungsprogramm

Si hunn sech e gewënscht an och dofir gekämpft: de Verbraucherschutzministère. De President vum Konsumenteschutz (ULC), Nico Hoffmann, huet sech e Méindeg awer och mam Inhalt – bezunn op d‘Fuerderunge vun der ULC – vum Regierungsprogramm auserneegesat.

Esou gouf erënnert, datt een de Parteie virun de Wahlen e Fuerderungskatalog ënnerbreet hat, an ee mat bedaueren huet misse feststellen, datt dovunner séier wéineg an de Programmen erëmzefanne war. Och bei der Betruechtung vum Koalitiounsaccord, muss d‘ULC feststellen, dat de Schutz vum Konsument, net wierklech eng Prioritéit vun der neier Regierung ass. Sichtlech zefridden dofir, war den Nico Hoffmann, datt hir Haaptfuerderung no engem „eenzege“ Ministère erfëllt gëtt.

De Ministère fir Verbraucherschutz – dee vum Paulette Lenert (LSAP), fréier 1. Conseillère vun der Regierung geleet gëtt – sollt et der ULC eppes liicht maachen, wann et drëms geet den Dialog zu bestëmmte Problemer opzehuelen. Iert den neie Ministère geschafe gouf, waren dräi verschidde Ministère an de Verbraucherschutz agebonnen, wat zu enger onméiglecher Kakophonie féiere konnt a wou de Konsument un Enn ëmmer den Domme war. Et ass ze hoffen datt dat elo besser gëtt.

Wichteg ze notéiere wier, esou den ULC-President, datt och d‘Liewensmëttelsécherheet vun dësem Ministère iwwerwaacht gëtt. Et wier esouguer ee vun den zentrale Punkte vum Ministère. Et gëtt dann och nach emol betount, datt et e fundamentaalt Recht vun de Bierger ass, eng verständlech Informatioun, grad wann et ëm Liewensmëttel geet, ze erhalen. Hei gëtt sech dann och vum Paulette Lenert erwaart, datt et zu entspriechend schaarfe Gesetzer a Reglementer komme wäert.

Esou soll et dann och an de nächste Wochen zu enger Entrevue tëscht béide Parteie kommen. Hei sollen nach keng gréisser Fuerderung un d‘Ministesch erugedroe ginn, et geet an éischte Linn dorëms sech emol kennen ze léieren, sech souzesoen „ofzetaaschten“. D‘ULC jiddefalls, esou den Nico Hoffmann, géif ganz oppen an dëst Entrevue eragoen. Et wier een drop beduecht, eng konstruktiv Zesummenaarbecht mam Ministère op d‘Been ze stellen.

Zentral Fuerderunge bleiwe bestoen

Dat gesot, huet sech den ULC-President deene Punkten ugeholl, déi net mam Konsumenteschutz vereenbar sinn. Esou ass dat „raiberescht“ verhale vun de Banken a „Post Finance“ e Sujet deen einfach net aus der Aktualitéit verschwanne wëll. Esou d‘Schléisse vu Filialen, an d‘Ofzocke vun de Clienten – dat duerch abusiv Fraisen um Schalter, bei den Online-Operatiounen, etc… – wou an tëscht Grenzen iwwerschratt ginn, déi de Legislateur muss nei definéieren.

Et ass hei nach laang net dat lescht Wuert geschwat, a wien da regelméisseg am Fall ass, datt hie muss Geld bezuelen, fir un dat eegent Geld ze kommen, ass entweder déck rosen, oder huet es därmoosse vill datt et him egal ass. Déi éischt genannt dierften dann och gehollef hunn, déi vun ULC lancéiert Petitioun op iwwer 10.000 Ënnerschrëften ze bréngen. Datt sech d‘Banken um Rimm rappen, dofir kéint de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) suergen, wäert awer net geschéien.

De fréiere President vun der Handelskummer verdeedegt den Dogma vun der Selbstreguléierung vum Marché, firwat et ni zu enger Reglementatioun vun de Finanzinstituter komme kann. Och dem Pierre Gramegna ass et wichteg datt d‘Banken de maximale Profit erauszéie kënnen, ouni och nëmmen e Fonken Anstand mussen ze hunn, oder hirer gesellschaftlecher Verantwortung nokomme mussen. Dat kann dann och erkläre firwat eise Finanzminister d‘Boergeld ofschafe wëll.

Festgehale gëtt och un der Fuerderung no engem Simulator – deen dann dësen Numm och verdéngt – deen un de Mënsch, an un d‘Wënsch vun de Finanzinstituter ugepasst ass. Gefuerdert gëtt och, datt Filiale vu Banke mussen e Schalter hunn, a virun allem datt d‘Filialen erhale bleiwen. Et geet hei nach ëmmer ëm en ëffentleche Service, dee grondsätzlech Besoine vun de Bierger erfëllt. Hei kann nëmmen een zu enger Verbesserung vun der Sitautioun bäidroen, mee wëll deen dat?

Sammelkloe solle méiglech ginn

Den Nico Hoffmann begréisst, datt am Koalitiounsaccord festgehale ginn ass, datt ee sech mam Thema „Sammelkloen“ ausenanersetze wëll. Dat stoung leider esou och schonn am leschte Gambia-Regierungsprogramm, geschitt ass awer séier wéineg, firwat et oppe Fronte gëtt. Bei eisen Nopere gëtt et dat längst, an et huet sech am Sënn vum Konsumenteschutz och bewäert. Konkret kann een do d‘Beispill vum Dieselskandal nennen, wou de Client enger „publicité trompeuse“ ausgesat war.

Et ass awer och gutt Beispill, dat ouni grouss Erklärungen däitlech mécht, datt kollektiv Aktioune géint eng an déi selwecht Infraktioun tatsächlech zu Verbesserunge féieren, well de beklote Konzern net méi seng wirtschaftlech Muecht géint den eenzele Bierger asetze kann. Bei Sammelkloe kënnt et dann och méi séier zu engem Vergläich, well de Bekloten sech dierf sécher sinn, datt esou Aktioune fir d‘Geschäft „schiedlech“ sinn. (Bayer-Monsanto mécht do grad keng gutt Erfarung)

D‘ULC hëlt als Beispill de „franséische Modell“, woubäi deen „e puer Feeler enthält“, déi ee net dierft iwwerhuelen. Bei esou enger Prozedur, jugéiert de Riichter an engem éischten Ament iwwert de Fong vum Litige – op der Basis vun enger begrenzter Zuel vu Kloen – an da mussen sech nach just all d‘Affer vum selwechte Litige mellen, fir vum gläichen Uerteel ze profitéieren. D‘Recht esou Prozeduren anzeleeden, misst der ULC an aneren Organisatiounen zougesprach ginn.

Logement, Kafkraaft, Steieren an den Index

Wann den Index kee Wahlkampfthema war, esou ass ee beim Konsumenteschutz erliichtert datt et och keng Partei huet, déi dorunner wëll fréckele goen. Dat eleng geet dem ULC-President awer net wäit genuch. D‘ULC erwaart sech vun der Regierung eng couragéiert Decisioun: d‘Aféierung vun enger Index-Virschosstranche an Héicht vun 1,5%. Eng Fuerderung déi och vun de Gewerkschaften an der Salariatskummer matgedroe gëtt. Et geet ëm net manner wéi den Erhalt vun der Kafkraaft.

Dat sech d‘Regierung entscheet huet de Mindestloun (100 Euro) opzewäerte wier e gudden Ufank, woubäi een och beim Konsumenteschutz der Usiicht ass, datt hei méi dra war. Bei der annoncéierter Steierreform, déi derzou féiere soll, datt endlech déi ominéis Steierklass 1A ad acta geluecht gëtt, muss d‘ULC drop hiweisen, datt sech datt net iwwer Nuecht bewierkstellege léist. Dofir fuerdert d‘ULC, datt esou séier wéi méiglech, an dësem Dossier Neel mat Käpp gemaach ginn.

Beim Logement gëtt begréisst, datt am Regierungsprogramm fir eng besser Zesummenaarbecht tëscht dem Staat an de Gemengen ausgeschwat ginn ass. De Fonds de Logement soll ausgebaut ginn, an déi ëffentlech Acteure sollen sech och méi fir d‘Schafe vu bezuelbarem Wunnraum abréngen. Dat misst awer och mat sech bréngen, datt besser a virun allem wierksam géint Spekulanten a Konsorte virgeet. D‘ULC stellt hei nach fest: „Wunnen ass e Mënscherecht!“.

Pensiounskäschten, Akafsbongen an Kreeslafwirtschaft

Nodeems a verschidden Altersheemer zu enger zolitter Hausse vun den Tariffer komm ass, fuerdert de Konsumenteschutz vun der Regierung, méi ëffentlech Gelder zur Verfügung ze stellen, fir de Bewunner vun dësen Haiser ze entlaaschten. Et wier scho bal eng Frechheet, datt et zu Lëtzebuerg Mënsche gëtt, déi e Liewe laang geschafft hunn, a beim Solidaritéitsfong zum Bidsteller ginn, fir sech en Zëmmer ze leeschten. Et huet nu emol net jiddereen eng netto Pensioun vun 3.000 Euro.

An dësem Kontext weist d‘ULC drop hin, datt et noutwenneg ass de Plafong vun der „Bäihëllef“ ze erhéijen. Deen, esou de Nico Hoffmann, wier säit elo 14 Joer onverännert bliwwen, a misst dréngend aktualiséiert ginn. An de Fall gesat déi Dammen an Hären aus der Regierung wéissten et nach net, esou sollten se bedenken, datt den demographesche Wandel mat sech bréngt, datt et och zu Lëtzebuerg ëmmer méi eeler Mënsche wäert ginn, deenen hir Interessen net dierfen ignoréiert ginn.

Gefuerdert gi Mesure bei de sougenannten „Akafsbongen“ an/oder „Kaddo Checken“. Hei muss et zu enger Reglementatioun kommen, seet den ULC-President, dee kee Versteesdemech dofir huet, datt hei jidderee mécht wei en denkt. Et brauch e Gesetz, wéi an Däitschland besteet: huet de Bong keen affichéierten „Oflafdatum“ bleift e gülteg bis et zur Transaktioun kënnt. Wann et en „Delai“ gëtt, muss dee vun den Autoritéite gepréift ginn, dat gëllt och fir d‘Vertragsklauselen a Konditioune

Erfreet ass een dann nees, datt d‘Kreeslafwirtschaft seng verdéngte Plaz am Accord fonnt huet. An d‘Ëmsetzung vun der BENELUX-Direktiv zur Uwennung vun der Kreeslafwirtschaft, a méi prezis de Moossnamen zur Nohaltegkeet vun de Konsumgidder, sollt séier beschloss ginn. Gefuerdert gëtt an dësem Kontext och, datt gesetzlech Reegelunge komme mussen, wat d‘Reparatureegenschafte vun eben dëse Konsumgidder betrëfft. Et wier zudeem ressourceschounend an ëmweltfrëndlech.

Dat sinn déi grouss Eckpunkte vun der Analys déi de Konsumenteschutz gemaach huet. Wéi gewinnt erhalen d‘Membere weider detailléiert Informatioune mëttels der Publikatioun „De Konsument“ Wien nach net Member ass, well net gewosst ass wat dat vu Virdeeler mat sech bréngt, dee sollt am Januar op d‘Tourismusfoire (18-20. Januar 2019) goen, an sech op hirem Stand erkënnegen. Wien eppes méi presséiert ass kann natierlech um Houwald op de Büro goen.

Related topics Konsumenteschutz, Nico Hoffmann, Paulette Lenert, ULC, Verbraucherschutz, Verbraucherschutzministère
Next post Previous post