Search

You may also like

Bettel-Macron-Michel: dat ass net eise Gesellschaftsmodell
Neiegkeeten

Bettel-Macron-Michel: dat ass net eise Gesellschaftsmodell

„Grouss Biergerconsultatioun“: esou gëtt d‘Houmass tëscht dem President vun der

Heftege Reen fuerdert éischt Affer
Neiegkeeten

Heftege Reen fuerdert éischt Affer

Ronderëm d‘Mëttelmier huet d‘Natur seng ganz Gewalt agesat a fierchterleche

dislikemoney
VW vum Bundesgeriichtshaff enttäuscht
Neiegkeeten

VW vum Bundesgeriichtshaff enttäuscht

Volkswon (VW) hat gelunn an esou honnertdausende Clienten iwwert de

ULC: D’Gesetz vum Taxiwiese muss iwwerpréift ginn!

ULC: D’Gesetz vum Taxiwiese muss iwwerpréift ginn!

D’Gesetzesännerung zum Taxiwiesen huet net nëmme positiv Aspekter mat sech bruecht. Den ULC huet elo säi Bilan gezunn a stellt Fuerderungen.

D’Gesetz vum 5. Juli 2016 zur Erneierung vun den Taxidéngschtleeschtungen ass den 1. September 2016 a Kraaft getrueden. Dobäi huet d’Gesetz d’Kompetenze fir d’Taxilizenzen ze verdeele vun de Gemengen op den Transportministère verlagert an den nationalen Terrain a verschidde Secteuren ënnerdeelt, an deenen déi verschidden Entreprisen hir Déngschter ubidde kënnen. Dës weidere sinn d’Tariffer fir d’Faarte säithir net méi reglementaresch festgeluecht.

Dem STATEC no huet dëst dozou gefouert, datt an enger éischter Phas tëschent Mäerz 2017 a Juli 2017 d’Tariffer vun de Faarten ëm 4,3 % erof gaange sinn. Kuerz duerno sinn d’Präisser awer tëschent Juli 2017 an Dezember 2018 ëm 11,2 % geklommen. Vu September 2016 bis Dezember 2018 mëscht dat eng duerchschnëttlech Erhéijung vun den Taxitariffer ëm 6,6 %.

An dësem Sënn kritiséiert den ULC, datt dëst bei der deemoleger Gesetzesännerung net Sënn an Zweck war. Soumat gouf och d’Ziel, fir d’Tariffer méi gënschteg unzebidden total verfeelt. Zu Lëtzebuerg gehéieren d’Faarte mam Taxi domadder zu den deiersten a ganz Europa.

D’Viraussoe vum ULC sinn esou voll a ganz bestätegt ginn. D’Erfarung huet gewisen, datt déi fräi Bestëmmung vun de Präisser bal ëmmer eng Präiserhéijung mat sech bréngt.

Bei der Gesetzesännerung ass och d’Verpflichtung ewech gefalen, datt een ëmmer den éischten Taxi an der Rei huele muss. Esou steet et dem Verbraucher fräi, den Taxi ze wielen, deen de beschte Präis ubitt. Dobäi mussen alleguerten d’Taxie kloer an däitlech hir Tariffer uginn a garantéiere mussen. Dofir réit den ULC dem Verbraucher och, heivunner Gebrauch ze maachen.

Doriwwer hinaus fuerdert den ULC den zoustännege Minister op d’Taxiwiese beim „Observatoire de la formation des prix“ an Optrag ze ginn a jee nodeem d’Gesetz nees unzepassen.

Related topics François Bausch, Gesetzesännerung, Observatoire de la formation des prix, Tariffer, Taxi, ULC
Next post Previous post