Search

You may also like

Joresbilan: Der „Post Lëtzebuerg“ geet et gutt
Kultur Neiegkeeten

Joresbilan: Der „Post Lëtzebuerg“ geet et gutt

D‘Post, déi bekanntlech aus dräi Servicer besteet: Courrier, Finanz an

Syrien: D‘Amerikaner ginn, d‘Russe kommen
Kultur Neiegkeeten

Syrien: D‘Amerikaner ginn, d‘Russe kommen

No enger Entrevue tëscht dem Recep Tayyip Erdogan an dem

Lëtzebuerger Esports Federatioun stellt sech international op
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerger Esports Federatioun stellt sech international op

D‘Luxembourg Esports Federation Asbl (LESF) ass zanter Juli ganz Offiziell

D’Ulrike Bail huet de Servais Präis 2021 gewonnen

D’Ulrike Bail huet de Servais Präis 2021 gewonnen

D’Fondation Servais huet de Servais Präis 2021 un d’Ulrike Bail a seng Sammlung „wie viele faden tief“ verginn. Verëffentlecht gouf dëst Wierk am Conte Verlag.

D’Begrënnung vun der Jury ass, datt „im nahtschatten geschichten erzählen“ sou den Ufank vun engem Gedicht, stellvertriedend fir d’Konzeptioun vum Buch geholl ka ginn. D’Iddi d’Bitzkonscht als dichterescht a kulturgeschichtlecht Konzept opzegräifen an aus hir nei an onerwaart Verbindungen zum Alldag ze schafen, mécht d’Originalitéit vun dësem Band aus.

Erauskënnt eng sënnlech Bildvillfalt, bei där d’Bitze mat Theme wéi der Natur, der Vullewelt, Geschicht, Zäit, Liewen an Doud zesummengefüügt gëtt.

Wann déi aktuell Situatioun et erlaabt, fënnt déi feierlech Präisiwwerreechung den 13. Juli 2021 am CNL statt.

Zum Prix Servais

Zënter 1992 belount de Prix Servais déi bedeitendst literaresch Wierker, déi am Virjoer erausbruecht gi sinn. Déi onofhängeg Jury bestëmmt ee Mol am Joer ee Gewënner, dee vun engem Präis vu 6.000 € profitéiere kann.

Den Datum vun der Präisiwwerreechung gëtt nach matgedeelt. An dësem Joer huet de Jury vum Prix Servais aus dem Simone Beck, dem Odile Linden, dem Claude Mangen, dem Pierre Marson, dem Alex Reuter, dem Shari Schenten, dem Aimée Schultz an dem Sébastian Thiltgen a steet ënnert dem Virsëtz vum Jeanne E. Gleser bestanen.

Related topics Conte Verlag, Fondation Servais, Prix Servais 2021, Ulrike Bail, wie viele faden tief
Next post Previous post