Search

You may also like

Lëtzebuerg huet vill Kënschtler ervirbruecht! Wéi gutt kenns du se?
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet vill Kënschtler ervirbruecht! Wéi gutt kenns du se?

[onionbuzz quiz-id=210][/onionbuzz] An dësem Quiz konzentréiere mer eis virun allem

China zitt Konsequenzen no den EU-Sanktiounen
International Neiegkeeten

China zitt Konsequenzen no den EU-Sanktiounen

D‘Bezéiung tëscht der Lëtzebuerger konstitutioneller Monarchie an dem kommunistesch-autoritäre Regimm

Feelt et u näischt ausser Hotellen an der Stad?
International Neiegkeeten

Feelt et u näischt ausser Hotellen an der Stad?

Den Här Claude Strasser, Direkter vun der Post, huet de

EU: Eng ganz Partie Länner wëllen um Budget vun der PAC festhalen

EU: Eng ganz Partie Länner wëllen um Budget vun der PAC festhalen

Si sinn zu hirer 20, dorënner Frankräich, déi sech e Méindeg fir d‘Erhale vum Budget vun der Gemeinsamer Landwirtschaftspolitik (PAC) agesat. D‘EU-Kommissioun huet awer de Virschlag gemaach, dëse Budget am nächste pluriannuelle Budget ze kierzen.

„Mir vu Madrid fortgaangen a waren zu eiser sechs, haut si mir zu zwanzeg. Dat ass en Zeechen datt d‘Propose vun de Kommissioun net kann ugeholl ginn. Ech hat d‘Geleeënheet drun ze erënneren datt dëse Budget inakzeptabel ass“, esou de franséische Landwirtschaftsminister Stéphane Travert, no engem Debat zu 28 iwwert d‘Reform vum PAC no 2020, beim Treffe e Méindeg zu Lëtzebuerg.

De Minister hat ee Memorandum, dee vu sechs Länner ënnerschriwwen an enger grousser Dose weider Länner matgedroe gëtt, virgeluecht. Heiranner gëtt gefuerdert, datt de Budget vun der PAC muss erhale bleiwen. E Budget deen awer eppes méi wéi en Drëttel vun den EU-Ausgabe fir déi 27 (also ouni Groussbritannien) ausmécht.

E gemeinsame Communiqué war Enn Mee zu Madrid zesumme mat: Finnland, Griicheland, Irland, Portugal a Spuenien verëffentlecht ginn. An dësem sinn d‘Aschnëtt, esou wéi se vu Bréissel fir den Zäitraum 2021-27 virgeschloe goufen, bedauert ginn.

Eng Majoritéit zesummekritt

Zanter Madrid, huet d‘Fuerderung déi schrëftlech Ënnerstëtzung vun: Kroatien, Lëtzebuerg, Litauen, Polen, Rumänien, der Slowakei, der tschechescher Republik, Ungarn an Zypern erhalen. E Méindeg beim ëffentlechen Debat, hunn sech och nach d‘Belsch, Éisträich, Estland, Lettland a Slowenien verbal ugeschloss.

Ouni de Memorandum ze stëtzen, huet den italienesche Minister Gian Marco Centinaio, och wësse gelooss, datt si den aktuelle Budget net fir ugepasst halen.

Laut dem Memorandum, géif d‘Baisse déi virgeschloe ginn ass „e bis dohinner ni kannte Risiko fir d‘Liewensfäegkeet vun den europäesche Landwirtschaftsbetriber, d‘Akommes vun de Landwirt an hir Kapassitéit eng Äntwert op d‘Nofro vun de Bierger, fir Gesond, nohalteg, bezuelbar a qualitativ Liewensmëttel ze erhalen, duerstellen“. Et hätt a leschter Konsequenz och en Afloss op d‘Ëmwelt an d‘Upassung un de Klimawandel.

D‘Kommissioun hat am Mee virgeschloen, de Budget vun der PAC (fir den Zäitraum 2021-27) ëm 5% ze kierzen, dat bei engem Gesamtvolume vun 365 Milliarden Euro. Elo gëtt awer vu ville Länner gefaart, datt et an der Realitéit zu nach méi Aschnëtter komme kann. Dogéint wiert sech d‘Kommissioun, a betount datt hir Propose „gerecht a verstänneg“ ass.

Beim rechnen net de Brexit vergiessen

Esou weist d‘Kommissioun drop hin, datt mam Brexit d‘EU e grousse Contributeur verluer geet. Si stellt och fest, datt ee sech an der EU nei Prioritéite virgeholl huet: de Schutz vun de Grenzen, eng besser Verdeedegung an d‘Währungsunioun.

„Ouni de Budget ze erhéijen, ass déi eenzeg Méiglechkeet de Budget vun der PAC unzegläichen, wann aner politesch Fuerderungen zeréckgestallt ginn. Et ass dat dann och keng Entscheedung fir d‘EU-Kommissioun, mee éischter fir den Europarot an d‘EU-Parlament“, esou den EU-Kommissär fir Landwirtschaft, Phil Hogan. „Méi kënne mir do net maachen (…) ausser enger gutt finanzéierter PAC eis Ënnerstëtzung zouzedroen“.

mat AFP

Foto: De Phil Hogan, EU-Kommissär fir Landwirtschaft, stellt pragmatesch fest, datt wann de Budget vun der PAC net méi kleng soll ginn, de Budget vun der EU insgesamt muss erhéicht ginn, zumindest wann ee gewëllt ass un de neie Prioritéite festzehalen. © John Thys/AFP

Related topics EU-Budget, EU-Kommissioun, Landwirtschaft, PAC, Phil Hogan
Next post Previous post