Search

You may also like

Den UN-Weltdag vum Yoga de 16. Juni um Parvis vum Neimënster
Neiegkeeten

Den UN-Weltdag vum Yoga de 16. Juni um Parvis vum Neimënster

Den 21. Juni gouf vun de Vereenten Natiounen (UN) zum

Visitt am Phantasialand elo awer méiglech no negativem Corona-Test
Neiegkeeten

Visitt am Phantasialand elo awer méiglech no negativem Corona-Test

Datt den däitsche Fräizäitpark Phantasialand d’Lëtzebuerger Visiteuren an nächster Zäit

Däitschen Humor: Inneminister verklot Dateschutzbeoptraagten
Neiegkeeten

Däitschen Humor: Inneminister verklot Dateschutzbeoptraagten

Den däitsche Bundesinneministère widdersetzt sech enger Uerder vum Dateschutzbeoptraagten Ulrich

Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“

45 Deputéierte fir 7 Parteien hunn en Dënschdeg an der Chamber hiren Eed ofgeluecht

A geléister a kollegialer Atmosphär, hunn sech gëschter um Krautmaart d‘Volleksvertrieder vu siwe politesche Partien, fir den éischten Akt vun der neier Legislaturperiod zesummefonnt. Ënnert der Presidence vum Gast Gibéryen (ADR) a de waachsamen Aen, vum Sven Clement (Piraten) an dem François Benoy (déi gréng) ass d‘Vereedegungszeremonie vollzu ginn.

Interessant, den Ëmgang ënnert den Deputéierte war trotz engem, fir déi eng oder aner Partei, net esou gléckleche Wahlausgang, ganz frëndlech. Et ass sech ëmäermelt ginn, gudde Frënn huet een och eng Bees ginn, an et gouf gegeckst a gelaacht. Eng Rentrée wéi am Billerbuch, a wann et elo Schnittercher an e Cremant ginn hätt, wier engem guer net méi opgefall dat een an der Chamber war.

Krautmaart

(v.l.n.r.) Sven Clement (Piraten), Gast Gibéryen (ADR) a François Benoy (déi gréng). Si hate gëscht um Krautmaart d‘Heft an der Hand, an hunn de Kollegen den Eed ofgeholl. © Martine de Lagardère/moien.lu

De CSV-Parteipresident Marc Spautz huet sech ganz lacker mam Vizepremier Etienne Schneider (LSAP) ënnerhalen, d‘Lydia Mutsch (LSAP) war och ganz entspaant, de Fernand Kartheiser (ADR) an de Claude Wiseler (CSV) haten och e puer Wuert virenaner iwwreg. Grousst Interessi haten d‘Medien awer un deene „Neien“, ergo d‘Piraten. Si hu gëschter hir Entrée an d‘Chamber genoss.

Wann et richteg ass, datt de Sven Clement – ëmmerhin de jéngsten an dësem héijen Haus – eppes méi sollicitéiert war wéi de Marc Goergen, esou stounge béid „Newcomer“ awer am Mëttelpunkt vun der neier Legislaturperiod. Si hunn sech de Froe vun de Journaliste gestallt an mat den neie „Kollegen“ éischt Kontakter geknäppt. Si dierften et zudeem kaum erwaarden dat et lass geet.

Eng „kuerz“ Dagesuerdnung

Iert et dann zur Vereedegung konnt kommen, huet als éischt emol missen eng „Kommissioun“ constituéiert ginn. De Gast Gibéryen a seng zwee Assesseuren, Sven Clement a François Benoy, déi de „provisoresche Büro“ bilden, hu 7 Kandidaten ausgeloust fir d‘Iwwerpréiwungskommissioun zesummenzestellen. Dunn ass d‘Sëtzung ënnerbrach ginn, an d‘Kommissioun konnt siegéieren.

Där hire Rôle ass et d‘Resultater vun der Wal vum 14. Oktober ze validéieren. Si huet sech och der Reklamatioun vum Kandidat Robert Mehlen (ADR) ugeholl, an där hien d‘Annulatioun vun de Chamberwahle gefuerdert huet. D‘Iwwerpréiwungskommissioun konnt awer an dëser Saach wéineg verriichten, si ass, esou seet et d‘Chambersreglement, einfach net zoustänneg.

Krautmaart

D‘Iwwerpréiwungskommissioun huet bestanen aus: Diane Adehm, Presidentin (CSV), Sam Tanson, Rapportrice (déi gréng), Roy Reding (ADR), Aly Kaes (CSV), Roberto Traversini (déi gréng) Michel Wolter (CSV) a Viviane Reding (CSV).

A während dann d‘Kommissioun d‘Wahlresultater an d‘Legitimitéit vun den Deputéierte validéiert huet, hunn déi Volleksvertrieder, déi an der Chamber bliwwe waren, d‘Zäit genotzt, fir mat der Famill an Frënn e puer Erënnerungsfotoen ze maachen, fir dëse memorabele Moment festzehalen. Kuerz duerno ass et dann ënnert dem geblëtz vun de Fotografen zur Vereedegung komm.

Déi „al“ Regierung huet sech dat ganzt a Rou ugekuckt, woubäi der hei awer puer „gefeelt“ hunn. D‘Corinne Cahen an de Pierre Gramegna (béid DP) mee och d‘Carole Dieschbourg an de François Bausch waren anerwäerts gefrot. Mee vu datt si hir Mandater bestätegt kruten, dierft ee si och nees op gewinnter Plaz erëmgesinn, esouwäit se nees an der Regierung Verantwortung iwwerhuelen.

Foto: Um Krautmaart goufen en Dënschdeg 45 Deputéiert vereedegt. Wann elo déi nei Regierung zesummegestallt ass, kann et och nees mat der politescher Aarbecht viru goen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Chamber, Deputéiert, Krautmaart, Legislaturperiod, Regierung, Vereedegung
Next post Previous post