Search

You may also like

D’Vakanzenzäit kënnt! Mee nach laang net jiddereen kann eng Rees maachen…
Business Neiegkeeten

D’Vakanzenzäit kënnt! Mee nach laang net jiddereen kann eng Rees maachen…

D’Vakanzenzäit kënnt mi no, an di meescht wësse scho ganz

De Grënner vu Facebook soll och zu Bréissel eng Ausso maachen
Business Neiegkeeten

De Grënner vu Facebook soll och zu Bréissel eng Ausso maachen

Am Dateskandal ronderëm Facebook, deen duerch Cambridge Analytica ausgeléist ginn

Vill Leit bei H&M, allerdéngs keng Clienten
Business Neiegkeeten

Vill Leit bei H&M, allerdéngs keng Clienten

Datt d‘Covid19-Pandemie dem Eenzelhandel d‘Joer 2020 zolidd versaut huet, dat

Wantersolde besser wéi erwaart

Wantersolde besser wéi erwaart

Datt déi sanitär Kris a ville Secteuren den „Blues“ ausgeléist huet ass bekannt, an et gëtt der déi et net erwaarde kënnen endlech nees „aktiv ze ginn“. Et ass dann awer un de Wantersolde festgehale ginn, an den Handelsverband CLC kann sech eenegermoossen zefridde weisen.

Et war jo och net einfach, dës Wantersolden ënnerdaach ze kréien. Si goufen ëm 2 Wochen no hanne verluecht an déi traditionell verkafsoppe Sonndeger goufen och gestrach. Wann dann nach gewosst, ass, datt d‘Leit an de Solden och emol gären e Patt huele ginn, oder tëscht zwee Akeef e Maufel iesse wëllen, datt awer aus bekannte Grënn net geet, schéngt et effektiv gutt gelaf ze sinn.

Säitens der CLC gëtt nach drop higewisen, datt net all d‘Secteure vum Handel gläichermoosse gutt ewech komm sinn. Esou soll d‘Textilbranche am meeschte gelidden hunn. Den Direkter-Adjoint vun der CLC Claude Bizjak weess dann och firwat: Well d‘Leit net méi op d‘Schaff ginn (ass jo elo Homeoffice ugesot) an et generell keng „Feiere“ gëtt, kafen d‘Leit och näischt Neies fir unzedoen.

Et wier eng plausibel Erklärung, mee wann een den Tour vun der Questioun nach emol mécht ass séier gewosst: de Mann läit falsch. Zum engen hunn d‘Konsumenten – Télétravail hin oder hir – däitlech hir Gewunnechte verännert, zum anere waren d‘Wantersolden och Online, wou et emol ofgesi vum Präis, nach ganz vill aner Avantagen huet. Wat net gefält schéckt een einfach zréck…

D‘CLC verschléisst sech dësem Argument an zitt een et vir op déi verkafsoppe Sonndeger ze vertrauen, wat jo och zur hirem Rôle als Patronatsgewerkschaft gehéiert. Datt bei deene vun der Aarbechtsinspektioun ITM duerchgefouerte Kontrollen, ëmmer ëfters constatéiert gëtt, datt d‘Personal Sonndes wäit iwwer déi erlaabte véier Stonne schaffen, wier net den Handel a Schold.

Fir de Claude Bizjak sinn et d‘Gesetzer déi onkloer sinn, zudeem wieren hei Derogatiounen eng ganz normal Saach a géifen och esou vun den Texter gedroe ginn. Hie gëtt weider ze bedenken, datt ganz vill Salariéeën „Demandeur“ sinn, fir méi Aarbechtsstonnen ze leeschten. En Thema datt d‘CLC och mat de Gewerkschafte wëll ugoen. Kléngt no enger spannender Entrevue…

Illustratioun: Andreas Lischka / pixabay

Related topics Claude Bizjak, CLC, Handelsverband, ITM, verkafsoppe Sonndeger, Wantersolden
Next post Previous post