Search

You may also like

An Ungarn hunn LGBTI-Leit et schwéier
International Money Neiegkeeten WTF

An Ungarn hunn LGBTI-Leit et schwéier

Den 10. Juni 2021 hunn Deputéiert vun der ungarescher Regierungspartei

Schëfflenger Konschthaus: E kulturellen Start mat Loft a Waasser
International Money Neiegkeeten WTF

Schëfflenger Konschthaus: E kulturellen Start mat Loft a Waasser

„Konscht ass dofir do, de Stëbs vum Alldag ofzeleeën“, sou

De LISER kritt eng Mobilitéitsenquête gesponsert
International Money Neiegkeeten WTF

De LISER kritt eng Mobilitéitsenquête gesponsert

Zanter dem Méindeg huet de LISER eng nei Enquête am

moneysurprise

Et geet nees un der Auer gedréint (Kommentar)

Eigentlech sollt dat mam Auer-Ëmstelle längst Geschicht sinn

Et geet nees un der Auer gedréint (Kommentar)

An der Nuecht vum Samschdeg op ee Sonndeg gëtt den klengen Zär vun der Auer nees ëm eng zwieleftel Ëmdréiung no vir verréckelt. Dobäi versicht d‘EU-Kommissioun zanter 2018, dëser Zäitëmstellung endlech lass ze ginn. 2019 hat esouguer EU-Parlament deem zougestëmmt.

Zanterhier awer huet sech näischt méi gedoen, wat eis alt nees weist wéi eescht et den europäesche Staats- a Regierungscheffen ass, wa si de Bierger an der Unioun verspriechen, ee klore Wonsch vun der Bevëlkerung ëmzesetzen. Dobäi kann een se all Froen, an all wäerten se Äntwerten: „jo dat mat der Zäitëmstellung muss ophalen“. Ma „kernonzéngpëppelanderdännanamschaf“ da maacht et!

Jo „maachen“ eent vun de Wierder dat kengem Politiker geleeë kënnt. Hire Metier sinn d‘Ligen, Intrigen an Hand ophalen; mat Sécherheet awer net „Maachen“. Woubäi an der Kausa Summer- oder Wanterzäit, jo d‘Zäitzonen net irrelevant sinn, an et do schonn ee groussen Ënnerscheed mécht, op wéi engem Wupp (lénks oder riets) ee bannent der Unioun geleeën ass. Jo wat dann elo?

Wa gewosst ass, datt den zentrale Problem doranner besteet festzeleeën op d‘Summerzäit zukünfteg soll ugewannt ginn, oder et besser wier sech op déi Mëtteleuropäesch-Zäit (MEZ) ze beruffen, da muss gewosst sinn, datt dës Fro fir Länner wéi Spuenien oder Ungarn keng liicht Saach ass. Jee no Entscheedung kéinte Bierger schonn am Däischtere sëtzen, wärend déi aner nach Dagesliicht hunn.

Onfäegkeet soll wuel och nach belount ginn

Nodeems déi méi mat eegene wirtschaftlechen Interesse beschäftegt Politiker, Technokraten a wuel och deen een oder anere Beamten, festgestallt hunn, datt eng Léisung tatsächlech mat „Aarbecht“ verbonnen ass, et méiglecherweis Aarbechtsgruppen a Verhandlungsronne misst ginn… hu se sech all veruniéiert. Net emol de Preis, hat den „Zäit“ Thema wärend senger Presidence op der Agenda.

Sech elo awer dohinner stellen an einfach emol agestoen, datt ee sech „sengerzäit“ eng zolidd Gaffe geleescht huet, déi net méi gutt ze maachen ass, da kann ee Politiker net emol wierklech dann, wann hien „deem aneren“ d‘Schold kann zouweisen. Et ass hinnen, zumindest op perséinlechem Niveau, esou eppes vun egal… si hu Personal datt d‘Auer am A behält, a weess wat d‘Stonn geschloen huet.

Elo sinn awer angeblech 84% vun den EU-Bierger fir d‘Ofschafe vun der Zäitëmstellung, firwat de Politiker naturgeméiss muss eppes zur Saach soen. Dat jo och besonnesch ganz intensiv dann, wann dësen näischt, mee esou wierklech guer näischt zur Problemléisung bäizedroen huet. Et ass éischter de geneeë Géigendeel: alles wat sech ze debattéiere géif lounen, gëtt maximal schlecht gemaach.

Illustratioun: © Sahin Sezer Dincer / unsplash

Related topics Mëtteleuropäesch-Zäit, Politik, Summerzäit, Wanterzäit, Zäitëmstellung
Next post Previous post