Search

You may also like

Chantier um Echangeur Stroossen vun der A6 (ab dem 19.05.2020)
International Neiegkeeten Stories

Chantier um Echangeur Stroossen vun der A6 (ab dem 19.05.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt et am Kader vum Reamenagement vum

Alles Guddes, Bob Geldof!
International Neiegkeeten Stories

Alles Guddes, Bob Geldof!

Um haitegen Dag feiert de bekannte Museker Bob Geldof seng

dislike
De Kampf géint den Acrylamid geet weider an hält net bei der Fouer op
International Neiegkeeten Stories

De Kampf géint den Acrylamid geet weider an hält net bei der Fouer op

Et héiert een ëmmer nees dovunner: Den Acrylamid gëllt als

UN-Generalversammlung: „Ee Vull fir d‘Kaz“

Wat si verspriechen: Gerechtegkeet, Wuelstand an Nohaltegkeet… Wat si liwweren: Leed, Aarmut an Äerderwiermung

UN-Generalversammlung: „Ee Vull fir d‘Kaz“

Si haten et „Agenda 2030“ genannt, wéi Si 2015 déi global Nohaltegkeetsziler mat groussem Pomp a vill Pathos ugekënnegt haten. 16 Joer drop ass kaum nach ee vun de Ligener a Fuddeler mat am Spill an de Fuerplang, dee sengerzäit virgeluecht gouf, aus: 1. perséinleche finanziellen Interessen, 2. de finanziellen Interesse vun den 1% an 3. de geostrategeschen Interessen allgemeng, opginn.

A ville Beräicher huet sech d‘Situatioun esouguer nach verschlechtert an den UN-Generalsekretär Antonio Guterres trëfft wéi ëmmer de richtegen Toun: „Ob Klimawandel, Kricher, Covid19 oder Aarmutsbekämpfung, d‘Welt ass net op Kurs“. Kann se och net, well et hat schonn 2015 net een eenzegt Land déi erkläerten Absicht sech un déi selwer virgeluechte Ännerungsvirschléi ze halen.

Ee Beispill gefälleg? Wärend de leschte 16 Joer, hunn déi sougenannt 1% vun de räichste Mënschen hiert Kapital ëm bis zu 36% (et gëtt scho regional Ënnerscheeder) gesteigert. Leit wéi Bezos, Musk oder Gates, fir emol déi bekanntst ze ernimmen, hunn an der Pandemie hire Räichtum verduebelt, déi sozial Beitrag – iwwert den Ëmwee vu Steieren – dann awer halbéiert. An déi aner esou?…

UN-Generalversammlung

Statt, wéi et héich an Helleg versprach gouf, vu (bezuelten) Experten ausgerechent an de Medien iwwerall verbreet gouf, ass d‘Aarmut op der Welt net réckleefeg. Eleng am Pandemiejoer 2020, huet et (an dat sinn d‘Zuele vun der UNO, an déi rechent éischter kleng) laut dem Antonio Guterres 97 Millioune méi Hongerleider wéi virdrun. D‘Kannerstierflechkeet erziilt nei Héchststänn.

U sech géif dat schonn duer goen, mee nee: aus reliéise, konfliktuelle a finanzielle Grënn, hunn 2020 nach emol 54 Millioune Frae manner, Zougang zum Aarbechtsmaart gehat. Analphabetismus breet sech aus – dat ass allerdéngs wierklech beabsichtegt – an déi vill Fortschrëtter, beispillsweis an Afrika, mam Accès zum Stroum, sinn wäitleefeg bei der Däiwel gekéiert ginn. Esou geet Politik.

Kee Grond alarméiert ze sinn

Fir eis hei zu Lëtzebuerg, sinn dat Suergen aus enger anerer Welt. Sécher eppes allgemeng betruecht kéint ee mengen, datt d‘Glafwierdegkeet vu de Länner déi bannent de Vereenten Natioune vertruede sinn, a Gefor wier. Dat awer wann, da wierklech nëmme rhetoresch, well déi wou et kéint iergeren, déi kréien et net mat, oder si Bildungstechnesch esou kleng gehale ginn, datt et net ze verstoen ass.

An elo ass UN-Generalversammlung, schonn déi 76. a mat derbäi de Premierminister Xavier Bettel, dee seng eege Regierung net ugehale kritt, déi vum Antonio Guterres beschriwwe „Problemer“ am eegene Land (Aarmut, Logement, Klimakris, asw.) an de Grëff ze kréien. Dofir suergt d‘Regierung dofir datt de politesch-wirtschaftleche Wuelstand a d‘Privilegie vun den 1% geséchert bleiwen.

UN-Generalversammlung

Laut dem Communiqué soll eise Premierminister um virtuelle Sommet zu den Systemer betreffend d‘Alimentatioun intervenéieren. Hier wäert och – aus dem „Copinage“ mat den neien Amerikaner gëtt jo keen Heel gemaach – um virtuelle Sommet „White House Global Covid19-Summit: Ending the Pandemic an Building Back Better“, vum Joe Biden deel huelen. Hei geet Presenz awer duer…

An der Haaptsaach dierft et ëm déi net esou visibel Aktivitéite goen. Et si bilateral Gespréicher virgesinn, anscheinend esouguer eng Entrevue mam UN-Generalsekretär. Et ass awer och eng gutt Geleeënheet, fir d‘Haus vu Lëtzebuerg ze besichen an eppes d‘Nuetsliewen ze genéissen. Wa scho bei esou Versammlunge vir virera gewosst ass, datt et näischt bréngt, sollt een dierfe Spaass hunn.

Déi geriatresch Interventioun

Den Tattergreis aus dem Wäissen Haus hat um Dënschdeg säin éischten Optrëtt bei enger UN-Generalversammlung, an hien huet hei nees den Thema Afghanistan opgeholl, ee Konflikt, deen d‘Amerikaner héchstperséinlech, wuel aus Revanchismus, erbäigefouert haten. Nodeems d‘USA sech victoriéis aus dem elo Islameschen Emirat Afghanistan zeréckgezunn, brauch et nei Weeër.

De Joe Biden huet an dëser Victoire iwwer den Terrorismus an de reliéise Fanatismus erkannt, datt eng nei Zäit ugebrach ass: eng „Ära vun der Diplomatie amplaz militäreschen Interventiounen“. Well de mumifizéierten Amerikaner seng Landsleit op Kurs behale muss, gëtt hei nach ganz däitlech preziséiert: „Mir erëffnen eng Ära vun der onerbittlecher Diplomatie“, esou de Joe Biden.

UN-Generalversammlung

Wat elo domadder eigentlech sollt Gemengt sinn, ass vëlleg irrelevant, woubäi de rezenten Dissens tëscht de Fransousen an dem Trio: Australien/USA/Groussbritannien, eventuell eng Diplomatie am onerbittleche Sënn soll duerstellen. Säi Bekenntnis zum Multilateralismus op der Tribün vun de Vereenten Natiounen zu New York, wéi den Opruff „zesummenzehalen“, gutt gemengt awer gelunn.

Virum Auditoire vun der 76. UN-Generalversammlung vun Erausfuerderunge vun der Klimakris braddelen, an zäitgläich ganz Landstrécher duerch d‘Pipeline „Energy Line 3“ zerstéieren, dat ass den „american way“. Gutt de Wäisskappadler huet och ugekënnegt, d‘Klimahëllef fir aarm Länner verduebelen ze wëllen. D‘USA wëlle Virreider vun der ëffentlecher Klimafinanzéierung sinn…

A wéi gesot.. d‘USA géifen elo keen neie kale Krich méi usteieren, a wéilten och net vun enger verantwortlecher Konkurrenz an eng Konfliktsituatioun iwwergoen. Hie ka sech esouguer virstelle mat den Ajatollahen aus dem Iran iwwert eng Reprise vum Atomofkommes ze diskutéieren, wann dës d‘Fuerderungen erfëllen. Hien huet ofschléissend d‘Wäerter vun der Demokratie ënnerstrach…

Gott verlaangt ee Matsproocherecht

Ganz interessant am Kontext vun der 76. UN-Generalversammlung: d‘Taliban, also déi nei politesch Leedung vum Islameschen Emirat Afghanistan, hu bei de Vereenten Natioun schrëftlech nogefrot, wéini si dann elo och do dierfte matschwätzen. Den Ausseminister Amir Khan Muttaki huet der UNO notifiéiert, datt déi afghanesch Regierung en UN-Ambassadeur ernannt hunn.

Nodeems dee vun den USA an hire NATO-Partner als President agesate Stréimännchen, Ashraf Ghani, sech mat geklautem Geld a Bijoue „ofgesat“ hat, war och d‘Mandat vum Ghulam Isaczai beendegt. Hie soll duerch den Mohammad Suhail Schaheen ersat ginn. Dat muss vum“Büro“ – dat nennt sech Ausschuss – gepréift ginn. An dësem Büro sinn insgesamt néng Länner vertrueden.

UN-Generalversammlung

Dat sinn nieft den USA, China a Russland, nach Schweden, Namibia, Bahamas, Bhutan, Chile a Sierra Leone. Déi dierfte keen Interessi hunn, géint déi allgemeng gülteg „Stëmmung“ virzegoen, woubäi jo eréischt haut d‘Ausseminister vun de G20 eng virtuell Sëtzung hunn, wou iwwert den zukünftegen Ëmgang mat de „Männer mat de laange Bäert“ soll berode ginn. Et presséiert also net.

De „Büro“ dierft sech zudeem un d‘Conclusioune vun de G20-Ausseminister unhänken. Sécher, et ass mat China a Russland schonn ze erwaarden, datt d‘Regierung vun den Taliban wäert mussen unerkannt ginn, firwat een hinnen dann och net ka verbidden un der UN-Generalversammlung ze participéieren. Emol ofgesinn, datt ganz Mäerder, Verbriecher a Fanatiker zu New York siegèieren.

mat indymedia/nyc

Foto: © Cinu Pak / UN Foto

Related topics Aarmut, Antonio Guterres, Joe Biden, Klima, New York, Taliban, UN-Generalversammlung, Xavier Bettel
Next post Previous post