Search

You may also like

De Xavier Bettel zu Henan – Relatioun tëscht Europa an Asien stäerken
International Neiegkeeten Stories

De Xavier Bettel zu Henan – Relatioun tëscht Europa an Asien stäerken

Bei senger Visitt a China huet eise Premierminister Xavier Bettel

Editorial: Vläicht sinn zoue Grenzen awer besser
International Neiegkeeten Stories

Editorial: Vläicht sinn zoue Grenzen awer besser

Wann ee sech d‘Unhänger vum Motto „Wir sind das Volk“

Weltdag vum Hireschlag – Well all Minutt zielt!
International Neiegkeeten Stories

Weltdag vum Hireschlag – Well all Minutt zielt!

Den Hireschlag ass eng Duerchbluddungsstéierung am Gehir, déi esou séier

UN-Klimasommet: Ouni Emissiounen iwwert den Atlantik!

UN-Klimasommet: Ouni Emissiounen iwwert den Atlantik!

D’Rees vu Plymouth op New York wäert fir d’Klimaaktivistin Greta Thunberg alles anescht wéi einfach ginn. Gutt 3000 Séimeile muss d’Seegeljacht Malizia zeréck leeën, fir dat 16 Joer jonkt Meedche bei den UN-Klimasommet ze bréngen. Fir esou wéineg Emissiounen, wéi méiglech auszestoussen, hëlt hatt dësen ustrengende Wee a Kaf.

D’Seegeljacht, déi éischter op Héchstgeschwindegkeeten, wéi op Komfort agestallt ass, soll d’Greta a säi Papp Svante esou schnell wéi méiglech iwwert den Atlantik bréngen. Op Fliger a motoriséiert Schëff verzichten si express, schliisslech wier dat géint der Klimaaktivistin seng Usiichten an Ziler. Fir d’Rees huet een 13 Deeg geplangt, esou sollen déi 3.000 Séimeile mat ronn 46 km/h (25 Kniet) ze maache sinn.

D’Schëff, wat eng Längt vun 18 Meter huet, besteet zum Deel aus Karbon, wouduerch anscheinend all klengt Geräisch een immens Kaméidi ausléise wäert. Weder eng Toilette, nach ee richtegt Bett sinn um Transportmëttel. Hire Mo wäerten si wärend den 2 Woche just mat gefréiergedréchentem veganem Iesse fëlle kënnen, dat einfach zouzebereeden ass.

UN-Klimasommet

Festhale wann ech gelift!

Um Deck selwer beweegt ee sech just, wann een och ugestréckt ass. Um Wee iwwert den Atlantik stierzt d’Schëff gären emol ganzer Waassermaueren erof, bremst an de Wellen abrupt of oder leet sech schif op d’Säit. Hält ee sech net gutt fest un, blesséiert ee sech gären emol. Vu Séikrankheet, Erschöpfung a Langweil wëlle mir elo mol net schwätzen.

De Start ass um haitege Mëttwoch geplangt. D’Rees wäert fir d’Schëffbewunner direkt mat enger Wandstäerkt 7 ufänken. Dobäi muss ee soen, datt d’Greta nach ni geseegelt ass, sech awer ouni Angscht op dës intensiv Naturerfarung freet. „Et wäert fir eis all eng nei Erfarung, eng total Aventure sinn, mee mir mussen den Drock aus der Saach huelen an, an engem gudde Wiederfënster eriwwer fueren“, sou den däitsche Skipper a Profisegler Boris Herrmann.

UN-Klimasommet

Mat den 1,3 Kilowatt-Solarzellen an zwee Hydrogengeneratoren huet d’Malizia ëmmer ausräichend Stroum zur Verfügung. De Virschrëften no besëtzt d’Schëff och een Motor fir den Noutfall, dee fir d’Rees versigelt gëtt. Elektrobooter sollen d’Seegeljacht bei den Hafe bréngen. Wéi Papp a Kand herno nees zeréck kommen, ass nach net gekläert.

An hannert de Kulissen?

Geet ee ganz genau an den Detail, esou ass och d’Material vum Boot ee Problem. D’Faseren an den Harz bestinn aus Äerdueleg an d’Schëff ass bei 120 Grad „gebak“ ginn. Nom Holz soll dëst Material allerdéngs eng immens laang Liewensdauer hunn. Ganz ouni Emissioune kënnt also keen Transportmëttel méi aus, wat een iwwert de Waasserwee ëm déi hallef Welt befërdere kann.

UN-Klimasommet

De Wee bei den UN-Klimasommet soll zudeem vun engem Kameramann mat verfollegt ginn. Ausschléisse kann een net, datt d’Famill Thunberg herno mam Documentaire wirtschaftlechen Erfolleg erausschloe wëll. Déi jonkt Schwedin steet souwisou schonn oft an der Kritik, vun den Elteren an de Mëttelpunkt gedréckt ze ginn, sou datt bei hinnen de Bekanntheetsgrad an de Kontostand steigen. Wichteg ass allerdéngs, datt een d’Wuert ergräift a fir besser Moossname géint de Klimawandel kämpft.

Opmaacherfoto: Greta Thunberg/Facebook

Related topics Boris Herrmann, CO²-Emissiounen, Greta Thunberg, New York, Schëff, Seegeljacht, UN-Klimasommet
Next post Previous post