Search

You may also like

De Jean Asselborn mat engem pessimistesche Bléck op d‘Welt
International Neiegkeeten

De Jean Asselborn mat engem pessimistesche Bléck op d‘Welt

Um Dënschdeg huet den Ausseminister um Krautmaart, den Deputéierten en

Asiatesch Äiszäit erlieft politesche Klimawandel
International Neiegkeeten

Asiatesch Äiszäit erlieft politesche Klimawandel

Taiwan, ass eng Insel déi dat kommunistescht China fir sech

Déi verflixt 102
International Neiegkeeten

Déi verflixt 102

Lëtzebuerg huet aktuell 102 Gemengen. A vue datt Wahlkampf ass,

UN-Sécherheetsrot: China a Russland setzen hir Veto an

Peking a Moskau hu mat hirem Veto-Recht eng Resolutioun fir d‘Fortsetzung vun der humanitärer Hëllef fir Syrien verhënnert. De belsch-däitschen Entworf hätt net de richtegen Toun getraff...

UN-Sécherheetsrot: China a Russland setzen hir Veto an

Den UN-Sécherheetsrot (UNSC) gëllt eigentlech als dee mächtegste Gremium vun de Vereenten Natiounen, woubäi d‘Weltpolitik – an d‘Gestreits tëscht den Natiounen – hei natierlech ee groussen Afloss op d‘Entscheedungen hunn. Dat war scho besser, mee d‘Zäiten hu sech geännert a vill Leit froen sech, wéi laang dat alles nach soll gutt goen. De Präis dofir bezuele Mënsche mam Liewen.

Mee et soll een d‘Hoffnung net opginn. Den UNSC huet jo och nach bis ee Freideg, fir sech op eng Nofollegreegelung ze verstännegen an déi 13 aner Memberen hunn dem Test jo zougestëmmt. De Problem? Et geet ëm déi 2014 adoptéiert Resolutioun, déi et der UNO erméiglecht, Hëllefsgidder a Syrien anzeféieren, datt och iwwer Grenzen déi aktuell net vun Damaskus kontrolléiert ginn.

VetoVun dësen Hëllefsgidder (Medikamenter, Liewensmëttel, asw.) sinn awer nach ëmmer Millioune Mënschen ofhängeg. Mee et geet och ëm d‘Muecht vum Baschar al-Assad, territorial Integritéit an den Afloss vu Moskau, schliisslech hunn d‘Russe geostrategesch Interessen ze verdeedegen. Esou waren ugangs Joer, déi 4 Grenziwwergäng op Dränge vu Russland, op 2 Iwwergäng reduzéiert ginn.

Eng Decisioun déi d‘Versuergung a verschiddene Regioune staark ageschränkt huet. Moskau wëll elo nëmmen nach ee Grenziwwergang, dee vu Bab al-Hawa am Nordweste fir Hëllefsgidder ophalen. Et gëtt awer vill Länner, déi sech dofir asetzen, datt déi zwee d‘Grenziwwergäng vun der Tierkei zu Syrien opbleiwen, falls ee géif ausfalen. D‘Hëllefskorridore erfëlle jo ee prezisen Zweck.

VetoDat ass esou gesinn alles richteg, mee Damaskus, an esou och Moskau, sinn net begeeschtert, datt déi tierkesch Arméi grouss Gebidder am Norden iwwerfall a besat huet. Dës Beräicher, wou d‘Kurden (YPG) den IS-Kämpfer ofgeknäppt haten, wëll Ankara notzen, fir d‘Flüchtlingen déi wéinst dem Krich an Tierkei gaange sinn, unzesidelen. D‘Kurde ginn als Terroriste verjot.

An esoulaang wéi d‘Tierkei géint geltend Vëlkerrecht verstéisst, wäert Russland net noginn. China, déi den Ament mat den Amerikaner net grad eng harmonesch Bezéiung hunn, dierft „aner“ Grënn hunn, wat um Resultat näischt ännert, zudeem de Veto vu Moskau duer geet, fir Resolutiounen ze blockéieren. Dat heescht net datt d‘USA Schold hätten, hir Aussepolitik awer Konsequenzen huet.

mat indymedia/nyc

Illustratioun: D‘Gebai vun de Vereenten Natiounen (UN) zu New York © Daryan Shamkhali / unsplash

Related topics China, Resolutioun, Russland, Syrien, UN-Sécherheetsrot, UNSC, Veto
Next post Previous post