Search

You may also like

Stad Lëtzebuerg: Vereedegung vun 61 Fonctionnairen
Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: Vereedegung vun 61 Fonctionnairen

E Freideg huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer 61 nei Fonctionnairen

12 Saachen, déi s de maache kanns, fir der WM aus dem Wee ze goen
Neiegkeeten

12 Saachen, déi s de maache kanns, fir der WM aus dem Wee ze goen

Kee Frënd vu Fussball? Du wëlls Russland net aus politesche

Stéchwuert Liewensmëttelsécherheet: Wou si mir drun?
Neiegkeeten

Stéchwuert Liewensmëttelsécherheet: Wou si mir drun?

Um haitege Mëtteg konnt een an der Stad um Mëtteg

Méi Unerkennung an der Musekspedagogie: Wéi ginn d’Dozente elo aklasséiert?

Méi Unerkennung an der Musekspedagogie: Wéi ginn d’Dozente elo aklasséiert?

De 15. Juli 2021 hu sech d’Inneministesch Taina Bofferding, den Educatiounsminister Claude Meisch sou wéi d’Association des chargés de l’enseignement national (ACEN) an d’Fédération générale de la fonction communale (FGFC) op en Accord gëeenegt, an deem et ëm e Reklassement vun den Dozenten an der kommunaler Museksausbildung geet.

Dësen Accord gehéiert zu engem neie Gesetzesentworf, deen de 16. Juli vun der Regierung gestëmmt ginn ass. D’Bedeitung vu Musek a Konscht ass essentiell fir d’Perséinlechkeetsentwécklung bei de Kanner a muss deementspriechend och méi unerkannt ginn – do sinn sech d’Ministeren eeneg.

Dofir steet am Gesetzesentworf zur Reform vun der Museksausbildung, datt d’Léierpersonal mat Bachelordiplom sou wéi an der Steierklass A2, däitlech besser ewech kommen, wéi dat elo de Fall ass.

Déi zwee Ministèren sou wéi d’Gewerkschafte hate sech op dës Ännerung gëeenegt, fir datt d’Léierpersonal net nëmme fir hiren Diplom, mee och fir hier Erfarung Unerkennung kritt.

Den Educatiounsminister Claude Meisch fënnt datt dësen Accord eng echt Unerkennung vun hirem Diplom, hire Fäegkeeten sou wéi hirer wesentlecher Roll bei jonke Mënschen ass.

„Jonk Mënschen déi duerch Musek, Danz- oder Sproochkonscht inspiréiert ginn, sech gutt entwéckelt hunn a beräichert ginn – dat dréit zu hirem Wuelbefanne bäi. Den Accord mécht och Schluss mat deenen zanter ville Jore bestoende Ongläichheeten an de Karriären. Ech soen der ACEN an der FGFC Merci fir eis produktiv Diskussiounen zugonschte vun den Dozenten an der Museksausbildung.“

D’Ministesch Taina Bofferding schléisst sech un a seet, datt et wesentlech fir d’Regierung war, dësen Accord fir déi Betraffen ze fannen. Och wann et gedauert huet – sou sinn d’Verbesserunge wëllkomm a wuel batter néideg.

„D’Fanne vu sou engem Accord spigelt de Wonsch vu sämtlech Involvéierten erëm, déi sech fir eng qualitativ an héichwäerteg Ausbildung, duerch qualifizéiert, passionéiert an motivéiert Personal mat Bléck op d’Entwécklung vum Kand wënschen“, sou d’Inneministesch.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Jean-Paul Kertz, FGFC; Dirk Kirschten, FGFC; Laurent Clement, ACEN; Claude Meisch, Educatiounsminister; Taina Bofferding, Inneministesch; Luc Wildanger, ACEN; David Laborier, FGFC © MENEJ

Related topics Accord, ACEN, Claude Meisch, FGFC, Léierpersonal, Musekspedagogie, Perséinlechkeetsentwécklung, Reklassement, Taina Bofferding, Unerkennung
Next post Previous post