Search

You may also like

Melancholesche Rock: Stelise an der Purple Lounge
Neiegkeeten

Melancholesche Rock: Stelise an der Purple Lounge

En Donneschdeg, den 23. Mee 2019 luet déi sechskäppeg Band

Si wollten onbedéngt un de Goss
Neiegkeeten

Si wollten onbedéngt un de Goss

An der Nuecht op en Donneschdeg, hu Brigange géint 01:15

BLUEM – eng Kleedermark mat staarkem Message!
Neiegkeeten

BLUEM – eng Kleedermark mat staarkem Message!

Mat der neier Kollektioun vu BLUEM wëllen d’Amii, den Jimmy

Maniff fir d‘Unerkennung vu Palestina als Natioun

Maniff fir d‘Unerkennung vu Palestina als Natioun

Nächste Samschdeg organiséiert de Lëtzebuerger Comité fir ee gerechte Fridden am Noen Osten (CPJPO) virum Hannergrond vun de jéngsten Iwwergrëff vun den israeleschen Autoritéiten (hei goufe bannent enger Woch bal 300 Palestinenser an zwou Dosen Israelien ëmbruecht) eng grouss Manifestatioun um Glacis (Stad Lëtzebuerg – Lampertsbierg).

Sënn an Zweck vun dëser Maniff ass et net nëmmen, fir ee Stopp vun den Hostilitéiten anzetrieden an all involvéiert Parteien zur Deseskalatioun opzeruffen, mee och vun der Lëtzebuerger Regierung ze fuerderen, Palestina endlech als Natioun unzëerkennen. Déi Lëtzebuerger Regierung huet sech bis ewell ëmmer un den USA an aneren dubiéise Frënn hiren Argumenter festgehalen an esou och derzou bäigedroen, datt dëse Konflikt keen Enn fënnt.

De Lëtzebuerger Comité fir ee gerechte Fridden am Noen Oste riicht esou en Appell un d‘ONGen, Associatiounen, Gewerkschaften an d‘Zivilgesellschaft, dës Manifestatioun ze ënnerstëtzen, an hir Memberen ze encouragéieren un der Manifestatioun deelzehuelen. Den Treffpunkt ass de Glacis a lass goe sollt et den Samschdeg 29. Mee um 14.00 Auer. De Cortège féiert bis op d‘Plëss, wou ee politeschen a kulturelle Programm virgesinn ass.

Firwat et soll matmaachen, erkläert de Schrëftsteller Jean Portante, deen och Member vum CPJPO-Verwaltungsrot ass folgendermoossen:

„Ech ginn e Samschdeg manifestéieren, net fir den Hamas ze ënnerstëtzen, mee fir datt d‘Besatzung an d‘Koloniséierung ophalen. Ech gi manifestéiere fir datt dat stännegt Massaker, d‘Expulsiounen ophalen. Ech ginn awer och manifestéiere fir ee biergerlechen Drock op eis Regierungen auszeüben, déi, wann se de Bléck net ofwennen, ganz aktiv dës Ongerechtegkeet ënnerstëtzen.

Ech gi Manifestéiere fir all déi onnëtz Affer, Palestinenser wéi Israelien. Ech gi manifestéiere fir datt d‘Palestinenser endlech hire Staat, an esou eng Heemecht kréien, an där si Souverän iwwert hir Zukunft bestëmme kënnen. Ech gi manifestéieren aus Solidaritéit zu de Palestinenser aus Israel, déi een Araber nennt a Bierger zweeter Klass sinn. Ech gi manifestéieren, fir ee gerechte Fridden deen d‘Koexistenz tëscht Israelien a Palestinenser garantéiert“.

Related topics CPJPO, Israel, Lëtzebuerger Comité fir ee gerechte Fridden am Noen Osten, Maniff, Palestina
Next post Previous post