Search

You may also like

D’Stad Lëtzebuerg iwwerreecht Präis vum Tour du Duerf
Neiegkeeten

D’Stad Lëtzebuerg iwwerreecht Präis vum Tour du Duerf

Während der europäescher Mobilitéitswoch am September, an am Kader vum

Bei de Parlamentswahlen an der Ukrain läit dem Selenski seng Partei virop
Neiegkeeten

Bei de Parlamentswahlen an der Ukrain läit dem Selenski seng Partei virop

Nodeems de Komiker Wolodymyr Selenski am Abrëll d‘Presidentschaftswahle gewonnen hat,

„Fréier wor alles“ – Eng satiresch Chronik vun de 60er Jore bis haut
Neiegkeeten

„Fréier wor alles“ – Eng satiresch Chronik vun de 60er Jore bis haut

An hirem zäithistoresche Réckbléck kucken déi zwee Artistenop eng virdigital

Unesco-Weltkonferenz iwwer Bildung fir nohalteg Entwécklung

Unesco-Weltkonferenz iwwer Bildung fir nohalteg Entwécklung

Gëschter huet d’Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Lëtzebuerg op der Unesco-Weltkonferenz zur Bildung fir nohalteg Entwécklung representéiert. Et hunn ronn 2.500 Participanten aus 130 Länner deelgeholl.

Op dëser Unesco-Weltkonferenz, déi virtuell stattfonnt huet, huet si d’Bedeitung vum Agenda ënnerstrach an dobäi betount, wéi wichteg déi 17 global Zieler fir nohalteg Entwécklung a Lëtzebuerg sinn. Dobäi war ënnert anerem riets vum Nationale Plang, deen am Dezember 2019 gestëmmt ginn ass.

D’Ministesch huet och am Numm vum Educatiounsministère geschwat.

Déi enk Zesummenaarbecht tëscht den zwee Ministèren (Ëmwelt an Educatioun) si wesentlech fir d’Ëffentlechkeet ze sensibiliséieren, besonnesch de Jugendsecteur. Zu dësem Zweck huet d’Carole Dieschbourg d’Biergerverëffentlechung vum Nationale Plang presentéiert. Si enthält a Form vun enger Infografik d’Prioritéite vu Lëtzebuerg, fir déi nohalteg Entwécklung ze fërderen. Dës Grafik richt sech och un d’Ëffentlechkeet sou wéi Schüler a Schoulpersonal. Nohalteg Entwécklung sollt fir jiddwereen zougänglech sinn.

Als Representantin vu Lëtzebuerg huet d’Ministesch Carole Dieschbourg déi Berliner Erklärung ënnerschriwwen. Dobäi huet si betount, datt Bildung e staarke Katalysator fir positiv Verännerungen ass an datt Bildung fir déi nohalteg Entwécklung een elementaart Element vum System ass. An genee dofir gehéieren Klima- am Ëmweltschutzmoossnamen zum Haaptbestanddeel (v)um Léierplang. Eng richteg Bildung hëlleft de Mënschen Verantwortung ze iwwerhuelen, esou ka sech fir eng besser Zukunft agesat ginn.

Related topics Bildung fir nohalteg Entwécklung, Carole Dieschbourg, Educatiounsministère, Jugend, Unesco-Weltkonferenz
Next post Previous post