Search

You may also like

HELLFEST: D‘Organisateure wieren sech géint de Billjeeë-Schwaarzmaart
International Meenung Neiegkeeten

HELLFEST: D‘Organisateure wieren sech géint de Billjeeë-Schwaarzmaart

Fir d‘Organisateure vum HELLFEST, der „Houmass“ vum „Metal“, e Festival

Gratis PCR-Tester fir Persounen, déi sech net impfe kënne loossen
International Meenung Neiegkeeten

Gratis PCR-Tester fir Persounen, déi sech net impfe kënne loossen

Fir datt Mënschen, déi keng Méiglechkeet hunn sech impfen ze

Terrorgefor och fir Lëtzebuerg?
International Meenung Neiegkeeten

Terrorgefor och fir Lëtzebuerg?

No den etlechen Terrorattentater a Frankräich an Éisträich, hunn sech

Ungaresche Faschist zitt de Schwanz an a geet (kommentéiert)

Ungaresche Faschist zitt de Schwanz an a geet (kommentéiert)

Et war ee schwaarzen Dag fir de Manfred Weber (CSU), dee säin ideologesche Brudder gëschter huet missen zéie loossen. Déi ungaresch Faschiste vun der Fidesz, déi laang Zäit eng droend Sail an der europäescher Vollekspartei (EPP) waren, hu schonn ënnert dem „Jott-zé-Jott“ ëmmer nees op sech opmierksam gemaach. Elo ass d‘Mooss voll, a wiere se net gaangen, hätt ee se erausgeworf.

Also „erausgeworf“ ass de falschen Termini, richteg muss et heeschen, datt d‘Fidesz „suspendéiert“ gi wier. Dat heescht, 12 EU-Deputéierter verloossen elo op Uerder vum Orban d‘EPP, an hunn esou dëser Suspensioun virgegraff. Et ass de Viktor Orban himself, deen de Bréif un säi Frënd a Brudder, den EPP-Fraktiounschef Manfred Weber geschriwwen huet. D‘Katalin Novak huet en online gesat.

Faschist

De bekennende Faschist aus Ungarn hat scho leschte Sonndeg dem Mann aus Bayern an engem Bréif ze verstoe ginn, datt hie seng Deputéiert aus der EPP-Fraktioun géif zeréckzéien, falls et zur Ännerung vun der Geschäftsuerdnung géif kommen, déi eng generell Suspensioun géif méiglech maachen. Zanter 2019 ass de „Membership“ vun der Fidesz an der EPP jo faktesch scho begrenzt.

Interessant dann awer och, datt d‘CDU/CSU, déi sech ëmmer hannert, nieft a virun den Orban an d‘Fidesz gestallt huet – och wéi dës politesch Verbriecher iwwert de Jean-Claude Juncker hiergezu sinn – elo zumindest versicht den Androck ze hannerloossen, wéi wa si „un de Fiedem gezunn“ hätten. Et ass scho wichteg kloerzestellen, wien hei de „Steigbügelhalter“ vun der Fidesz war.

Wouhinner mam Knascht?

Et ass och wichteg ze wëssen, datt ouni déi 12 Nazi-Vertrieder aus Ungarn, déi ni als Kandidatin opgestallten däitsch Verdeedegungsministesch Ursula vun de Leyen, hätt kënnen d‘Presidence vun der EU-Kommissioun iwwerhuelen. Dat och wann et do Stëmmen huet, déi drop hiweisen, datt d‘EPP och ouni d‘Faschisten aus Ungarn weiderhi stäerkste Fraktioun am EU-Parlament bleiwen.

Wéi engem neie Veräin de Viktor Orban seng brong Serviteure wäerten zukünfteg ugehéieren, ass streng geholl egal. Denkbar wier sécher, datt d‘Faschisten sech den europäesche Konservativen a Reformisten (ECR) sollten uschléissen. Déi hu rezent de Motto: „Bringing back Common Sense“ iwwerholl, an et heescht hannert virgehalener Hand dat si fir Rechtsstaatlechkeet géifen antrieden.

FaschistDéi wichtegst Vertrieder vum institutionaliséierte Faschismus an Europa: (vlnr) Viktor Orban (Ungarn), Andrej Babis (Tschechien), Mateusz Morawiecki (Polen) an den Igor Matovic (Slowakei). Dës Länner, zesumme mat Éisträich stellen de Visegrad-Grupp duer. Och si vertrieden „europäesch Wäerter“, allerdéngs därer deenen sech Europa emol entleedege wollt. © European Union

Am beschten Opgehuewe sinn d‘Ungarn beim Grupp „Identitéit an Demokratie“ (ID). Do hält keen d‘Rechtsstaatlechkeet fir wichteg. Generell ass en an dësem Grupp weder fir Mënsche-, Fraen- oder Kannerrechter. Hei treffen sech d‘Faschisten aus Italien (Lega Nord), Däitschland (AfD) an der „Grande Nation“ (Rassemblement National), zum grousse Bicherverbrennen… Dat ass Fidesz…

Wien dann elo mengt, datt déi konservativ EPP ënnert dem Manfred Weber zu Besënnung komm ass, deen täuscht. Wann hei d‘EPP, déi vu sech behaapt no chrëschtleche Grondsätz ze handelen, sech net vum fir dësen Debakel haaptverantwortlechen Acteur trennt, signaliséiert si just, datt si nach ëmmer déi politesch Ausriichtung vun den ungaresche Faschiste guttheescht an ënnerstëtzt.

mam Sarah/IM-lon

Foto: Déi ungaresch Äntwert op den „Duce“: de Virsëtzende vun der Fidesz a Premierminister vun Ungarn, Viktor Orban. Bedreet duerch eng méiglech Suspensioun vu sengen 12 EU-Deputéierten, wat quasi engem politescher Maulkuerf gläich komm wier, hunn d‘Faschisten aus Ungarn sech fir d‘Scheedung entscheet. Den EPP-Fraktiounschef Manfred Weber bedauert dëse Schrëtt, och wann sech säi „Brudder am Geescht“ déi lescht eppes schlecht beholl huet. © European Union

Related topics EPP, Europäesch Vollekspartei, Faschismus, Fidesz, Manfred Weber, Ungarn, Viktor Orban
Next post Previous post