Search

You may also like

Wäissrussland schléisst seng Grenz zur Ukrain
International Neiegkeeten

Wäissrussland schléisst seng Grenz zur Ukrain

Well den Alexander Lukaschenko iwwerzeegt ass, datt d‘Ukrain zesumme mat

Eng flott sportlech Rentrée fir d‘Damme vum SC Beetebuerg
International Neiegkeeten

Eng flott sportlech Rentrée fir d‘Damme vum SC Beetebuerg

De Summer ass elo „Geschicht“ a wa vu „Rentrée“ rieds

Kuerzgeschichten aus dem Liewe vum Pipo Peng
International Neiegkeeten

Kuerzgeschichten aus dem Liewe vum Pipo Peng

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Ungarn op en Neits vum EuGH ofgestrooft

Ungarn, en EU-Land mat besonnescher Siicht op Rechtsstaatlechkeet a mëssverstanene politesche Vertrieder, ass alt nees eng Kéier vum Europäesche Geriichtshaff op d‘Plaz gestallt ginn. Den EuGH um Kierchbierg huet „Deeler“ vum ungareschen Asylsystem als rechtswiddreg erkläert.

Ungarn op en Neits vum EuGH ofgestrooft

Gentil ass dat net, an datt déi ungaresch Autoritéite Flüchtlingen ouni Pabeiere mat „eppes Gewalt“ nees iwwert d‘Grenz joen, dat sollt een elo och net iwwerbewäerten. De faschistesche Premier vun Ungarn ass bannent de héije Kreesser vun Unioun ee geschätzte Partner, deen zu kengem Ament Zweiwel opkomme gelooss huet, aus wéi engem Bléckwénkel hie Migrante/Flüchtlinge betruecht.

Mee „Justizia“ dat blannt Meedche mat Wo a Schwäert, ka keng Récksiicht op politesch Swinger-Partyen huelen a muss d‘Recht entspriechend gültegen Texter schwätzen. An esou ergëtt et sech, datt Leit op de Kapp aschloen an iwwert de pickegen Drot geheien, keng zoulässeg Method zur Abschibung vu Migranten/Flüchtlingen ass. Och Ungarn misst den Eenzelfall zwéngend préiwen.

Dat mat deem „mussen“ ass eppes, datt héiert de Viktor Orban net gären. D‘Justiz muss onofhängeg sinn, d‘Medie musse fräi sinn, an da muss et och nach erlaabt sinn mat sengem Allerwäertesten ze maache wat ee wëll. Ëmmer nëmmen „mussen, mussen, mussen…“. Kee Wonner datt Ungarn sech muss zur Wier setzen, well net all Uerteel léist sech Ignoréieren. Dofir gouf d‘Vetorecht erfonnt.

Et brauch méi Zougeständnesser

An awer hunn se bei der EU-Kommissioun Klo géint déi ungaresch Reglementéierung vum Asyl missen areechen, wuel wëssend datt domatter ee weideren Dissens virprogramméiert ass an een sech dierf sécher sinn, datt se zu Budapest gutt gelaacht hunn. Den EuGH fuerdert a sengem Urteel beispillsweis – ausser dem anhale vun EU-Recht – datt d‘Ungarn d‘Migranten/Flüchtlingen iwwert hir Rechter opkläre sollten, an Entscheedungen iwwer Réckféierungen eenzel mussen erlooss ginn.

Dat liest sech dann esou: „Et besteet d‘Gefor, datt Migranten ouni déi entspriechend Garantien an ënner Verstouss géint e Grondsaz vun der net-Zeréckweisung zréckgefouert ginn“. Dat heescht datt den EuGH der EU-Kommissioun wäitgoend Recht ginn huet, woubäi datt déi ungaresch Autoritéite Verfaren a Garantie fir Asyldemandeuren net anhalen, ass jo wuel politesch an ideologesch gewollt.

Et ass vun de Riichter och bestätegt ginn, datt déi ungaresch Grenzschützer Migranten/Flüchtlingen hannert een Zonk op engem „dënne Landstréch“ bréngen, deen direkt u Serbien grenzt. Well et am allgemengen och zum gudden Toun gehéiert, dëse Mënschen der anstänneg op d‘Sabbel ze ginn, fir datt se verstinn, dat si sech déi falsch Grenz ausgesicht hunn. Dës Methodik deckt sech leider net mat geltendem Recht, an mam Urteel gëtt vun Ungarn gefuerdert bestëmmte Reegelen anzehalen.

Net emol am Dram…

An der Klo vun der EU-Kommissioun war och nach emol d‘Fro vun den Transitlager opgegraff ginn, déi längst zougemaach goufen. Och d’Asylverfahren un der serbescher Grenz goufe jo rezent agestallt. D‘Transitlager hat den EuGH schonn am Mee als Verstouss géint EU-Recht erkläert. Si waren zu Budapest iwwert dës Rechtsspriechung net erfreet, an hunn dat ganzt nei definéiert.

Dat heescht, datt elo Migranten/Flüchtlingen net méi op der ungaresch-serbescher hir Demande fir Asyl maache kënnen, mee dës an den ungareschen Ambassaden zu Belgrad oder Kiew maache mussen. Woubäi „Demande“ trëfft et net, eigentlech handelt et sech ëm eng Absichtserklärung en Antrag op Asyl areechen ze wëllen. Den EuGH beklot, datt iwwert dësen administrativen Ëmwee, net méi assuréiert ass, datt d‘Demandeuren iwwerhaapt Zougang zum Asylverfaren erhale kënnen.

Natierlech wäert déi faschistesch Regierung vun Ungarn elo direkt op d‘Fuerderunge vum EuGH an der EU-Kommissioun agoen, ass sech nach viru Chrëschtdag den Uweisungen entspriechend verhalen. Bréissel huet awer annoncéiert bei den zoustännegen Autoritéiten an Ungarn schrëftlech nozefroen, wéi se gedenken d‘Urteel ëmzesetzen. Just eng Formalitéit, souzesoen…

Illustratioun: Nach am Februar hat sech de Viktor Orban mat sengem slowakeschen Homolog Peter Pellegrini op der Plaz verséchert, datt d‘Grenze sécher sinn. A statt datt se zu Bréissel den Ungarn dankbar sinn, datt si d‘Baussegrenze vun der Unioun schützen, geet ee juristesch géint se vir. Mee Frontex dierf mat däitscher Bedeelegung Flüchtlingsbooter zeréck op dat oppent Mier „zéien“ … © Visegrad 24 (Februar 2020)

Related topics Asylrecht, Budapest, EU-Recht, EUGH, Flüchtlingen, Migranten, Ungarn, Viktor Organ
Next post Previous post