Search

You may also like

Puppelcher kréien nees méi oft d‘Broscht – awer net ëmmer laang genuch!
International Meenung Neiegkeeten

Puppelcher kréien nees méi oft d‘Broscht – awer net ëmmer laang genuch!

Am Kader vun der nationaler Strategie zur Fërderung vum gesonden

D‘Loftqualitéit an der EU verbessert sech
International Meenung Neiegkeeten

D‘Loftqualitéit an der EU verbessert sech

An der EU gëtt d‘Loftqualitéit lues a lues besser, woubäi

De Streik am Fleegeheem zu Beetebuerg kritt eng nei Dimensioun
International Meenung Neiegkeeten

De Streik am Fleegeheem zu Beetebuerg kritt eng nei Dimensioun

No der Circulaire déi d‘COPAS (Federatioun vun de Prestataire fir

Kommentar: Ungarn stëmmt haut iwwer Verfassungsreform of

Kommentar: Ungarn stëmmt haut iwwer Verfassungsreform of

Zu Budapest wäerten d‘Faschisten an d‘reliéis Fundamentalisten am Parlament dofir Suerg droen, datt an der reforméierter Verfassung, nëmmen nach hetero Koppelen als Elteren unerkannt ginn. A keen an Europa, jo net emol de Premierminister vu Lëtzebuerg schéngt sech dorunner ze stoussen.

Nodeems dem Viktor Orban schonn zougestane gouf, datt Rechtsstaatlechkeet elo esou wichteg net ass, Korruptioun nëmme bedéngt verwerflech ass an ee Solidaritéit bannent enger Unioun net ganz esou wichteg huele sollt, gëtt elo an der ungarescher Verfassung festgehalen, datt ee Papp ëmmer e Mann, an eng Mamm ëmmer eng Fra ass. Dat ass streng biologesch betruecht jo och logesch oder?

Als weider Neierung: wann Elengerzéiender – egal op Mann oder Fra – e Kand adoptéiere wëllen, mussen si elo dofir d‘Autorisatioun vum Familljeminister ufroen. Op de Pabeiere, wéi dem Pass oder der Carte d‘Identité soll kee Geschlecht méi stoen. Dat wier net méi noutwenneg, well laut ungareschem Recht gëllt dat Geschlecht, dat bei de Gebuert festgeluecht ginn ass, ee Liewe laang.

Verfassungsreform

Et ass richteg, datt et an Ungarn do eppes Dissens gëtt. D‘Usiichte wéi déi reliéis Ausriichtung si grondverschidden, ofhängeg dovunner op een am ländlecher Raum oder enger Groussstad lieft. An ausser de Faschiste vun der Fidesz, huet déi kathoulesch Kierch an Ungarn – zumindest um Land – nach ëmmer Autoritéit. An esou laang sech d‘Europäesch Unioun net dru stéiert ass alles gutt.

Mee ganz generell geet et jo an der EU primär ëm d‘Arrangement tëscht Politik a Wirtschaft, firwat Mënscherechter sech ëmmer dem Profit ze ënnerwerfen hunn. Zesummenhalt, Solidaritéit wéi och déi eigentlech gelieften Toleranz géintiwwer „anere sexuellen Orientéierungen“ si keng Valeuren déi op de Boursse vun der Welt gehandelt ginn. Dat wëssen déi etabléiert homosexuell Mënschen.

Verfassungsreform

An esou héiert ee wuel, wéi sech den Ausseminister Jean Asselborn iwwert den Dout vum iranesche Blogger an Dissident Ruhollah Zam veriergert gewisen huet – dee gouf jo de leschte Samschdeg zu Teheran opgehaangen – awer keen Toun zur ungarescher Politik. Gutt, de Jang vu Stengefort huet sech och net fir den Assange agesat oder am selwechten Toun d‘Doudesstrof an den USA kritiséiert.

Mee och de Premier Xavier Bettel, dee sech jo no ungarescher Liesaart enger éischter verächtlecher sexueller Orientéierung higinn huet, schéngt sech mat der haut zur Ofstëmmung virgeluechter Verfassungsreform offonnt ze hunn. Et soll ee sech jo net an d‘Politik vun anere Länner amëschen.

Illustratioun: Viktor Orban, Premierminister vun Ungarn: „Mengs de dat se sech ze Lëtzebuerg iwwert eis Verfassungsreform iergeren?“. Tibor Stelbaczky, permanente Representant vun Ungarn bei der EU: „Bestëmmt, mee si wäerten sech net trauen dat an der Ëffentlechkeet ze soen“. © European Union

Related topics Europa, Fidesz, Homophobie, kathoulesch Kierch, Rechtsstaatlechkeet, Ungarn, Verfassungsreform, Viktor Orban, Wäerter
Next post Previous post