Search

You may also like

Den ACL un der Säit vun de Cyclisten
International Neiegkeeten

Den ACL un der Säit vun de Cyclisten

Ab elo direkt, profitéieren all d‘Membere vum Automobilclub Lëtzebuerg (ACL)

Äre Lieblingsfestival an der Summervakanz?
International Neiegkeeten

Äre Lieblingsfestival an der Summervakanz?

Mir siche mat Iech zesummen Äre Lieblingsfestival an der Summervakanz

surprise
BioneXt LAB: beim Goss Hält de Spaass op
International Neiegkeeten

BioneXt LAB: beim Goss Hält de Spaass op

Et huet Entreprisen am Land, déi sinn net vun dëser

Ungarn verweigert sech dem UN-Migratiounspakt

Ungarn verweigert sech dem UN-Migratiounspakt

Ungarn ass géint den UN-Migratiounspakt, deen am Dezember a Marokko formell gebëllegt gëtt. Esou e Freideg zu New York d‘Deklaratioun vum ungareschen Ausseminister, Peter Szijjarto, op der Tribün vun de Vereenten Natiounen, am Kader vun der UN-Generalversammlung.

„Dëse Pakt ass Contraire zu eisem nationalen Interessi“, esou de Peter Szijjarto. „Dee suggeréiert, datt d‘Migratiounen zu eisem Virdeel sinn, e suggeréiert, datt eng plurikulturell Gesellschaft besser wéi homogen Gesellschaft ass“, verkläert den Ungar den UN-Migratiounspakt.

Seng Ried huet sech op de Widderstand géint d‘Immigratioun vun Ungarn konzentréiert. De Minister ass sech net midd ginn ze betounen: „Et ass un de Länner ze entscheeden, a mir ermahnen déi international Communautéit d‘Migratioun net ze encouragéieren, mee se ze beendegen“.

De neien Nationalismus

D‘Memberstaate vun der UNO, mat Ausnahm vun den USA, haten am Juli d‘Schafe vun engem weltwäite – net verflichtende – Pakt zu de Migratioune gebëllegt. Nëmmen e puer Deeg nodeem dësen Accord ugeholl gouf, huet sech Ungarn nees aus dësem Ofkommes zréckgezunn.

Ungarn, wou de souveränistesche Premierminister, Viktor Orban, deen am Abrëll erëmgewielt ginn ass, illustréiert sech zanter 2015, duerch seng Migratiounsfeindlech Politik. Eng Positioun, déi den ungaresche Premierminister der Kritik vu sengen europäesche Partner ausgesat huet.

Am Juli hat den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, d‘Zouso fir dëse Migratiounspakt begréisst an ënnerstrach datt „d‘Migrante sinn en onwahrscheinleche Wuesstemsfacteur. (…) De Pakt fir eng sécher, ordonnéiert a reguléiert Migratioun ass net verflichtend, mee et ass e wichtege Schratt fir déi international Zesummenaarbecht ze verbesseren“.

Eng nei Weltuerdnung

De Migratiounspakt ass dat éischt internationaalt Dokument zur Gestioun vun de Migratiounen, a soll beim Sommet vu Marrakesch (den 10. an 11. Dezember) formell a Kraaft trieden. De Pakt bezitt sech op eng Rei Prinzipien: d‘Mënscherechter, d‘Kannerrechter, d‘Unerkennung vun der nationaler Souveränitéit.

En enthält och e Moossnamekatalog fir de Länner ënnert d‘Äerm ze gräifen, wann si sech der Migratioun stelle mussen: eng verbessert Informatioun, Mesure vir d‘Migranten ze integréieren, den Austausch vun Expertisen… Wat de Phänomen vun der Migratioun betrëfft, esou schwätzen d‘Zuele fir sech: weltwäit gëtt 258 Migranten. Dat sinn 3,4% vun Weltbevëlkerung.

mat AFP

Foto: Den ungareschen Ausseminister, Peter Szijjarto, huet op der UN-Generalversammlung zu New York däitlech gemaach: den UN-Migratiounspakt geet géint déi national Interesse vun Ungarn. © Angela Weiss/AFP

Related topics Migratioun, Peter Szijjarto, UN-Generalversammlung, UN-Migratiounspakt, Ungarn
Next post Previous post