Search

You may also like

Kanzlerkandidat Schulz trëllt iwwer Nordrhein-Westfalen
Neiegkeeten

Kanzlerkandidat Schulz trëllt iwwer Nordrhein-Westfalen

Um Sonndeg waren an Nordrhein-Westfalen Landtagswahlen an eppes méi wéi

money
D‘Britten op der Sich no Handelsbezéiungen
Neiegkeeten

D‘Britten op der Sich no Handelsbezéiungen

Elo wou de Premierminister Boris Johnson säi Vollek nees an

Tournage vun „Mission Impossible 6“ ënnerbrach
Neiegkeeten

Tournage vun „Mission Impossible 6“ ënnerbrach

Well sech d’Star Tom Cruise beim Tournage vum sechsten Opus

uni.lu: Elo gëtt et Home-Office a Ferncourse

uni.lu: Elo gëtt et Home-Office a Ferncourse

D’Lëtzebuerger Universitéit uni.lu riicht sech, duerch d’Verbreedung vum Coronavirus COVID-19, mat engem Schreiwes u seng Mataarbechter. Si sinn gebieden ab haut, dem 16. Mäerz vun Doheem aus ze schaffen. Just déi Persounen, deenen hir Presenz um Campus absolut noutwenneg ass, si vun der Recommandatioun ausgeschloss.

Fir déi nächst Zäit wäert d’Universitéit mat Ferncoursen de Programm fortsetzen. Fir Visiteuren, Mataarbechter a Studenten ass d’Gebai zou. Och de Luxembourg Learning Center ass zou, de Service Ask a Librarian kann iwwert E-Mail (askalibrarian@uni.lu) kontaktéiert ginn. D’Déngschter fir Studenten bleiwen oppen, hinne gëtt gerode sech per E-Mail un de Service ze wennen. Eleng onbedéngt noutwenneg Servicer gi weiderhin am Gebai vun der Universitéit duerchgefouert.

Un der UNI.lu ass ee Fall vun enger COVID-19-Infektioun bei engem Student bestätegt ginn. Déi betraffe Persoun huet Krankheetssymptomer ugewisen, befënnt sech awer net an engem kriteschen Zoustand. De concernéierte Student hat an de leschten Deeg mat enger begrenzter Unzuel u Membere vun der Universitéitsgemeinschaft Kontakt. Si goufen all benoriichtegt.

Weist ee schwéier Symptomer vum Coronavirus op, gëlt nach ëmmer d’Consignen vun der Santé ze befollegen. Bei Noutfäll hëlleft d’Hotline 8002 8080.

Opmaacherbild: © Wes Hicks / Unsplash

Related topics Coronavirus, Covid-19, Epidemie, Ferncoursen, Home-Office, Infektioun, Studenten, Teletravail, Uni.lu, Universitéit
Next post Previous post