Search

You may also like

Sexuelle Mëssbrauch: De Bistum entschëllegt sech
Neiegkeeten

Sexuelle Mëssbrauch: De Bistum entschëllegt sech

De Chef vun der Vatikan-Filial zu Lëtzebuerg, den Äerzbëschof Hollerich,

D‘Doleance vum ACL
Neiegkeeten

D‘Doleance vum ACL

Fir de Jean-Claude Juchem, President vum ACL, war et gëschter

Monica Semedo: „D’Zäit vum Schweigen ass eriwwer!“
Neiegkeeten

Monica Semedo: „D’Zäit vum Schweigen ass eriwwer!“

Am Kader vun den Demonstratioune géint Rassismus huet elo och

Uni.lu: Ferniwwerwaachung bei Prüfungen an Zukunft méiglech?

Uni.lu: Ferniwwerwaachung bei Prüfungen an Zukunft méiglech?

D’Universitéit Lëtzebuerg huet matgedeelt, datt Iwwerleeungen a Pläng lafen, fir an Zukunft Fernprüfungen e bëssen anescht ze organiséieren an och eventuell ee Remote-Proctoring-Tool anzesetzen. Mat Hëllef vun enger Software zur Ferniwwerwaachung sollen d’Integritéit an d’Sécherheet bei den Exame garantéiert ginn.

Setz een esou eng Software zur Kontroll an, da mussen awer och d’Privatsphär an d’Date vum Notzer geschützt ginn. Aktuell schafft d’Uni nach drun, fir all Kritären ze erfëllen, wat wuel ee laangen a komplexe Prozess duerstellt. Aus dësem Grond gëtt d’Instrument an noer Zukunft nach net genotzt.

Bis déi lescht Detailer gekläert sinn gi fir Fernprüfungen aner Formen, sou wéi Webex, mëndlech Prüfungen oder Take-Home-Tester, genotzt. Sollt d’Instrument agefouert ginn esou kréien d’Studenten natierlech eng Agewinnungszäit ugebueden an hunn och d’Recht d’Iwwerwaachung ze refuséieren. Am leschte Fall muss de Student d’Prüfung an engem anere Format absolvéieren.

Fir d’Uni gëllt et elo d’Bedenken an Umierkunge vun de Studenten mat der Qualitéit vun der Bildung ze kombinéieren. Dës Verantwortung hëlt een immens eescht.

Opmaacherbild: © Christin Hume / Unsplash

Related topics Dateschutz, Examen, Ferniwwerwaachung, Kontroll, Privatsphär, Prüfung, Software, Student, Uni.lu
Next post Previous post