Search

You may also like

Sea-Watch3: D‘Flüchtlingen hunn d‘Schëff verlooss
International

Sea-Watch3: D‘Flüchtlingen hunn d‘Schëff verlooss

No iwwer zwou Wochen an der partieller Evakuéierung vu Flüchtlingen,

Den Duell vun zwee ale wäisse Männer
International

Den Duell vun zwee ale wäisse Männer

Knapp zwou Woche virun der Presidentschaftswahl an den USA hunn

Chantieren op der A13 vum 5. bis den 8. Juli
International

Chantieren op der A13 vum 5. bis den 8. Juli

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt un dësem Weekend direkt 2 kombinéiert

Dës Schoul bestellt Uniforme vun Armani – zum eemolege Präis vu 600 Euro pro Stéck

D'Schoul a Japan gëtt dofir staark kritiséiert

Dës Schoul bestellt Uniforme vun Armani – zum eemolege Präis vu 600 Euro pro Stéck

Eng Schoul a Japan wëll nei Uniformen vun der Luxusmark Armani fir hir Schüler aféieren. Dank dem Käschtepunkt vu 600€ pro Stéck huet se dofir eng Lawin vun der Kritik ze packe krut. Ënnert de Kritiker fanne sech der aus dem japanesche Parlament an der Regierung.

De lokale Comité vun der Educatioun huet haut der AFP vis à vis bestätegt, datt d’Grondschoul vun Taimei dës Uniform fir d’Rentrée am Abrëll wëll aféieren. D’Schoul ass am Quartier Ginza ze fannen, deen als mi gehuewe gëllt. Eng eenzeg Uniform kascht ganzer 80.000 Yen – ëmgerechent sinn dat gutt 600 Euro!

Laut der Presseagence Kyodo hu sech vill Schüler beim Comité iwwert dës Decisioun beschwéiert. Dobäi hat d’Schoul, déi et zënter 150 Joer gëtt, argumentéiert, datt dës Uniformen gutt zum Image vum Quartier géing passen. En Argument, dat vill Schüler net iwwerzeegt.

Armani war net déi eenzeg Mark, un där sech d’Schoul interesséiert huet

Den Direkter vun der Schoul huet haut op eng Pressekonferenz gelueden. Den Yoshitsugu Wada huet zouginn, datt de Präis net niddreg wier. Mee en huet awer keng Undeitung gemaach, zeréck rudderen ze wëllen. “Et gi vill Luxusbutteker zu Giza an ech hu mech gefrot, op et net méiglech wier, sech op Wierkung vun dëse Marken ze stäipen.” Dëst ëm d’Schoul mi bekannt ze maachen, huet en erkläert. En hätt ausserdeem aner grouss Marken wéi Burberry, Chanel an Hermès consultéiert.

Elteren, déi hire Kanner net déi nei Uniforme kafen géife si domat stigmatiséieren.

D’Schoul huet bestätegt, datt dës Uniformen net obligatoresch wieren. Trotzdeem ass d’Initiativ kritiséiert ginn. Well Elteren, déi hire Kanner net déi nei Uniforme kafen géife si domat stigmatiséieren. “Di Responsabel hätten un d’Kanner sollen denken an hier Decisioun sollen huelen, nodeems se mat de Familljen driwwer geschwat hunn”, huet een vun den Elteren anonym der ëffentlecher Tëleeschaîne NHK gesot.

Deier Uniforme fir schnell wuessend Clienten

Bei der Uniform gëtt et net belooss. Zousätzlech Accessoiren sinn do, fir de Look ze komplettéieren. Do kommen dann nach bis zu 70€ dobäi. 670€, dat wier e Präis “deen einfach ze héich ass fir eng Uniform, déi vir Kanner geduecht ass, déi jo och schnell wuessen”, gëtt en Internetkommentator ze bedenken.

D’Affär huet et souguer bis an d’Parlament gepackt. Do huet en Deputéierten vun der Oppositioun d’Logik hannert der Uniform kritiséiert. Ëmmerhin wier et eng ëffentlech Schoul fir Kanner aus verschiddene soziale Milieuen. Och de Finanziminister Taro Aso, bekannt fir säi gudde Kleedungsstil, schätzt d’Uniformen als ze deier an. “Dëst kéint ab deem Moment, wou d’Schüler et sech net mi leeschte kënnen e Problem sinn”, huet de Finanzminister bäigefüügt.

Der italienescher Mark Armani hire Prestige a Japan berout op der Nostalgie: Si ass Sënnbild fir d’Zäit vun der wirtschaftlecher Expansioun vum Land. Mee dës Epoch gehéiert der Vergaangenheet un, woumat de Choix vun der Uniform nach méi kritesch gesi gëtt.

Mat AFP mis-si/mhc-anb/roc

Foto: AFP PHOTO / Behrouz MEHRI

Related topics Armani, Educatioun, Japan
Next post Previous post