Search

You may also like

Avis fir de Public: Reprise vum Unterrecht am Secondaire
Neiegkeeten

Avis fir de Public: Reprise vum Unterrecht am Secondaire

Dräi Länner. Dräi Ensembelen. Dräi Standuerter. E Concert.
Neiegkeeten

Dräi Länner. Dräi Ensembelen. Dräi Standuerter. E Concert.

De YOUNG DIGITAL CLASSIC wëll mat engem Online- a Live-Concert

money
POST Lëtzebuerg: als Entreprise um gudde Wee?
Neiegkeeten

POST Lëtzebuerg: als Entreprise um gudde Wee?

Déi „Privat Entreprise mat Staatskapital“ POST Lëtzebuerg huet gëschter säi

UniGR: iwwert d‘Grenzen eraus…

UniGR: iwwert d‘Grenzen eraus…

Gutt Nouvelle vun der Bildungsfront: zum 1. Januar lancéieren déi sechs Universitéite vum Netzwierk UniGR (Kaiserslautern, Léck, Loutrengen, Lëtzebuerg, Saarbrécken an Tréier) e Fuerschungszenter zu Grenzgebidder an Dynamik an der Groussregioun.

Dëse grenziwwerschreidende Projet gëtt vum „Interreg VA Programm Groussregioun“ ënnerstëtzt an ass op dräi Joer festgeluecht ginn. Zil vum Projet: d‘Entwécklung a Fërderung vun der Grenzfuerschung. Den Zentrum mam Numm „Border Studies“ (eigentlech: Europäescht Kompetenz- a Wëssenszentrum fir Grenzraumfuerschung) verfüügt iwwert e Gesamtbudget vun 3,6 Milliounen Euro, wouvunner zwou Milliounen aus der Keess vun der EU kommen.

An dësem Beräich vun der interdisziplinärer Fuerschung schaffen dann Human- a Sozialwëssenschaftler zesummen, a beschäftege sech mat Froe ronderëm d‘Grenzen, an hir Auswierkung op Wirtschaft, Politik, Soziales a Kultur. Dëse Programm wäert dann och d‘Wëssenschaftler vun den UniGR Partneruniversitéite vernetzen, optimal Fuerschungsbedéngunge schafen an den Dialog tëscht Politik a Fuerschung fërderen.

Flott dierft et dann och fir d‘Studente sinn, bedenkt een, datt d‘Fuerschungsusätz fir Grenzstudien an engem dräi-sproochege Fachwierderkatalog erstallt ginn, a wichteg Dokumenter zu Grenzstudien an enger dräi-sproocheger Online-Datebank gesammelt ginn. Zudeem gëtt et och nach wëssenschaftlech Seminären zum Thema „Grenz“ a déi heimatter verbonnen Erausfuerderunge.

Lëtzebuerg iwwerhëlt de wëssenschaftlechen Deel

Fir den Dr. Christian Wille vun der Uni-Lëtzebuerg ass et wichteg ze verstoen, datt „de Projet der wuessender Nofro no Wëssen zu Grenzen a Grenzdynamike Rechnung dréit. (…) Dank der EU-Finanzéierung an der Ënnerstëtzung vun de Partneruniversitéiten hu mir mëttelfristeg e séchere Kader fir d‘plangen an entwéckele vu Grenzstudien an der Groussregioun“.

Fir Lëtzebuerg bitt den „Center for Border Studies“ zudeem d‘Méiglechkeet, sech international op engem opstriewende Fuerschungsgebitt ze psoitionéieren.

Hale mer dann nach kuerz fest, datt d‘Partenariat „Universitéit vun der Groussregioun“ (UniGR) net manner wéi 132.500 ageschriwwe Studenten zielt an op de sechs Universitéiten iwwer 10.000 Männer a Fraen als Léier- a Fuerschungspersonal aktiv sinn. UniGR bitt eng breet Auswiel un Déngschtleeschtungen un, fir ze studéieren, ze fuerschen oder d‘Dokumentatiounsressource vum Netzwierk ouni extra Käschten ze notzen.

„UniGR weist eis wéi Fuerschung a Léiere Grenzen iwwerschreide kënnen, an esou d‘Liewensqualitéit innerhalb engem Groussraum laangfristeg verbesseren“, esou den Dr. Ludwig Neyses, Vizerektor fir Fuerschung. „D‘Initiativ UniGR“ dréit dann och säit néng Joer zur Vernetzung vu Fuerscher a Studente bäi, mee weist och e neie Wee zu engem Modell vun der europäescher Universitéit.

Foto: © Bellhaeuser

Related topics Fuerschung, Studium, UniGR, Universitéit Lëtzebuerg
Next post Previous post