Search

You may also like

Bloalge-Pescht op der Musel
International Kultur Neiegkeeten

Bloalge-Pescht op der Musel

Wéi de Gesondheetsministère matgedeelt huet, ass nom Stauséi (Uewersauer) a

Chômage Partiel: Delai verlängert bis den 30. Dezember 2020
International Kultur Neiegkeeten

Chômage Partiel: Delai verlängert bis den 30. Dezember 2020

Bei der Reunioun vum Konjunkturcomité gëschter hunn d’Ministeren Dan Kersch

Eng universell medezinesch Ofsécherung fir jiddwereen!
International Kultur Neiegkeeten

Eng universell medezinesch Ofsécherung fir jiddwereen!

Et ass eng Problematik, déi hei zu Lëtzebuerg just wéinege

United for Climate Justice: De Klimastreik vun haut

United for Climate Justice: De Klimastreik vun haut

Am Kader vun der Climate Action Week, déi vum 20. bis de 27. September stattfënnt, wäert haut ee weidere Klimastreik an der Stad Lëtzebuerg um Programm stoen. Vu 4 Punkten aus wäerten d’Demonstrante fortgoe, fir sech all zesummen op der Place Clairefontaine ze treffen, hei Rieden ze halen, Filmer ze weisen an uschléissend um Camping For Future deelzehuelen. D’Stad Lëtzebuerg warnt elo scho viru Stéierungen am Verkéier.

Soulaang d’Politik keng konkret Moossnamen am Kampf géint de Klimawandel Opweises huet, wäert d’Jugend weiderhin op d’Strooss goen a sech fir déi eegen Zukunft asetzen. Aus dësem Grond ass Youth for Climate Lëtzebuerg elo nach ee Schrëtt méi wäit gaangen, an huet direkt eng ganz Aktiounswoch zum Klima organiséiert, déi mam Streik United for Climate Justice haut lues a lues zum Enn komme soll.

De Plang ass kloer: Um 15:00 Auer solle sech Schüler, Studenten, Erwuessener – am Beschte jiddwereen – op engem vun de 4 Startpunkten (Europaplaz, Jongelycée, Campus Geesseknäppchen, Stater Gare) zesumme fannen, fir uschléissend – equipéiert mat Schëlter, Päifen a Megafon – am Grupp bis bei d’Place Clairefontaine ze goen. Hei gi géint 16:30 Auer Riede virgedroen a Filmer gewisen.

Gutt virbereet?

D’Stad Lëtzebuerg, d’Police an de CGDIS hunn dofir verschidde Sécherheetsmoossname getraff zum Trajet an Encadrement vun de Manifestante wärend dem Marsch. Wann néideg wäert ee sech ëm eng adequat Signalisatioun fir den Trafic këmmeren. Folgend Route goufen ausgewielt:

  • Stater Gare: Avenue de la Gare – Péitruss – Pont Adolphe – Boulevard F.D. Roosevelt – Rue Chimay – Rue Notre-Dame – Place Clairefontaine
  • Campus Geeseknäppchen: Rue Marie-Adélaïde – Route d’Esch – Avenue Marie-Thérèse – Boulevard F.D. Roosevelt – Rue Chimay – Rue Notre-Dame – Place Clairefontaine
  • Jongelycée: Avenue Victor Hugo – Avenue de la Porte-Neuve – Rue Philippe II – Boulevard F.D. Roosevelt – Rue Chimay – Rue Notre-Dame – Place Clairefontaine
  • Europaplaz: Avenue J.F. Kennedy – Rout Bréck – Boulevard Robert Schumann – Avenue de la Porte Neuve – Rue Philippe II – Boulevard F.D. Roosevelt – Rue Chimay – Rue Notre-Dame – Place Clairefontaine
Climate Action Week

Hei de Plang zum Streik © Youth for Climate Luxembourg

D’Fuerderungen un d’Regierung

Youth For Climate Lëtzebuerg a seng mëttlerweil zuelräich Partner fuerderen, datt Lëtzebuerg bis 2030 seng Emissiounen op 0 bréngt. Donieft soll de Grand-Duché zu 100 % erneierbar Energien notzen, dat ab 2040. Mir missten awer och ophalen, Investissementer a fossil Brennstoffer ze leeën an déi global Steierflucht ze ënnerstëtzen.

No dëser éischter Well un Aktioune wäerten am Januar, sou wéi am Fréijoer 2020 déi nächst béid Wellen folgen. D’Haus brennt.

Related topics Campus Geesseknäppchen, Climate Action Week, Demonstratioun, Europaplaz, Jongelycée, Klimastreik, Stater Gare, United for Climate Justice, Youth For Climate Luxembourg
Next post Previous post