Konscht déi Mënschen zesummebréngt
Wann d‘Liewen aus villen Iwwerraschunge besteet, esou huet et därer
Wann d‘Liewen aus villen Iwwerraschunge besteet, esou huet et därer
Um 3. Januar 2020 ass den iranesche Generol Qassem Soleimani
2018 war den afroamerikaneschen Acteur Bill Cosby (The Bill Cosby
Dës Ännerunge sinn den 01. August 2021 a Kraaft getrueden. Nodeems lescht Joer jiddereen dee bedéngt duerch déi aktuell Sanitär Situatioun säi Studium, egal a wéi engem Zyklus en ass, huet misse verlängeren an esou vun engem zousätzleche Semester Bourse konnt profitéieren, ass des Moossnam duerch eng Ännerung am Gesetz, déi de 15. Juli 2021 eestëmmeg an der Chamber ugeholl gouf, och op Student:innen déi hire Studium am akademesche Joer 2020/2021 ugefaange mat studéieren hunn, verlängert ginn.
Nodeems mir eis bewosst gi sinn, dass och d’Studiëjoer 2020/2021 net esou wäert oflafen, ewéi mir dat gewinnt sinn, a vill jonk Student:innen hier éischt Semesteren ënner schwierege Konditioune mussen untrieden si mir un de Héichschoulministère erugetruede fir no Léisungen ze sichen. Mir si frou iech kënne matzedeelen, dass mir heimat erreecht hunn, dass och déi nei Student:inne vun dëser finanzieller Ënnerstëtzung dierfe profitéieren. All Student:in huet am Normalfall schonn zwee “Bonussemester” Studiëbäihëllef ze gutt. Sollt also ee säi Studium musse verlängeren, kann en vir d’éischt op dës zwee Semester zeréckgräifen.
Huet een dës zwee Semester allerdéngs schon opgebraucht, da kann een elo, bedéngt duerch déi aktuell Situatioun, vun engem weidere Semester Bourse profitéieren. Wichteg heifir ass, dass een am Summersemester 2019/2020, respektiv neierdéngs am akademesche Schouljoer 2020/2021, an engem Studiegang ageschriwwe war, nëmmen dann huet een Usproch op e weidert “Bonussemester”. Des Weideren huet ee kee Recht op dëst weidert Semester Bourse, wa seng Universitéit d’Reegelstudienzäit opgrond vun der Pandemie em ee Semester erhéicht huet.
Wann een also am Bachelor ageschriwwen ass, huet een elo dräi “Bonussemester” ze gutt. Dat nämmlecht gëllt och fir Masterstudent:innen, falls si an hirem Bachelor nach kee “Bonussemester” geholl hunn. Wann een am Bachelor awer schon zwee “Bonussemester” gebraucht huet, dann huet een dee Moment am Master just nach ee “Bonussemester” zegutt.
Ausserdeem gouf och fir dës betraffe Student:innen d’Fortschrëttskontroll vun de Studien am éischten Zyklus em ee Joer no hanne verréckelt. Student:innen déi am éischten Zyklus, also am Bachelor ageschriwwe sinn, mussen eng vun dëse Konditiounen erfëlle fir kënnen an hirem 4. Joer vun der Bourse ze profitéieren:
Matgedeelt vun der ACEL
Illustratioun: © Priscilla Du Prez / unsplash