3G, 2G, Reesen: D’CovidCheck-App ënnerscheet elo

Duerch d’Ännerunge bei de sanitäre Moossnamen gouf elo och d’CovidCheck-App ugepasst. Beim Opmaache vun der Applikatioun mussen Notzer tëscht 3 Méiglechkeete wielen, jee nodeem wéi et fir d’Evenement oder d’Aktivitéit virgesinn ass.

Ënnerscheet gëtt tëscht de Knäppercher fir den 3G, den 2G a Reesen. Beim 3G muss d’Persoun, där hire QR-Code gescannt ginn e gëltegen Impfpass, e Genesungszertifikat oder en Dokument vun engem negativen Covid-19-Test virweisen, wärend beim 2G den negativen Test net duergeet.

Bei enger Rees an d’Ausland wielt den Notzer „Voyage“, scannt den Zertifikat a kann dann iwwert Landesfändelen seng Destinatioun auswielen. Esou gesäit déi jeeweileg Persoun direkt, ob d’Dokument ugeholl gëtt oder net. Heibäi gëtt sech op déi offiziell Reegele vun den EU-Land bezunn.

En erklärende Video gëtt et och dobäi fir den 3G/2G an Auslandsreesen.

Dernières nouvelles