Search

You may also like

Wéi gutt kenns du d’90er Joren?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’90er Joren?

[onionbuzz quiz-id=22][/onionbuzz] 90er waren eng rau Zäit. An all Sënn

SUBARU SOLTERRA: Den éischten elektresche SUV vun dëser Mark
Neiegkeeten

SUBARU SOLTERRA: Den éischten elektresche SUV vun dëser Mark

Gëschter huet SUBARU Corporatioun zu Tokio freedeg hiren éischten zu

Wat Gecken: Zu Esch sinn d’Clowne lass!
Neiegkeeten

Wat Gecken: Zu Esch sinn d’Clowne lass!

Et ass net nëmmen ee Festival, mee e Jubiläum. De

VDL: De Stater Bus-Reseau komplett iwwert de Koup gehäit

VDL: De Stater Bus-Reseau komplett iwwert de Koup gehäit

Um 13. Dezember 2020 wäert sech den AVL-Reseau an enger neier Form presentéieren. Doduerch, datt den Tram d’Stäreplaz an d’Gare verbanne wäert, kënnt et an alle Quartieren a bei sämtleche Linnen vun der Stad Lëtzebuerg zu Upassungen. Zil ass et besser op d’Besoine vun den Notzer anzegoen, gläichzäiteg awer och e qualitativ héichwäertege gemeinsamen Transport unzebidden.

Generell ass den neie Reseau op folgende 4 Haaptachsen opgebaut:

  • Tram (donkelmof)
  • Gare – Zentrum (blo)
  • Gare Rocade – Zentrum (gréng)
  • Westen-Osten oder Osten-Norden (ouni Desserte an de Garer Quartier) (donkelrosa)

Zousätzlech Linne verbannen d’Quartieren ënnert sech a completéieren esou de Plang vun der VDL.

D’Tramlinn T1 als Haaptachs vum gemeinsamen Transport

Nodeems mam Tram de Kierchbierg mat der Stäreplaz verbonne konnt ginn, soll elo d’Tramlinn T1 bis op d’Gare en neit Kapitel fir d’Mobilitéit an der Stad Lëtzebuerg opschloen, an an Zukunft d’Buslinn 1/125 an d’RGTR-Linnen (Eurobus) ersetzen, déi bis ewell de Kierchbierg mat der Gare verbonnen hunn.

Wat ännert nach?

D’Gare verléiert seng Funktioun als Terminus fir 8 Linnen, dorënner d’Linn 9, 10, 11, 13, 14, 19, 28 an 31. Weiderhin bleift d’Gare en Haaptarrêt fir den AVL-Reseau.

Dës weideren fueren zënter dem 3. November 2019 déi Busser, déi vun der Gare an d’Uewerstad mussen, iwwert d’Al Avenue an de Viaduc. Dës Verbindung bleift bestoen, gëtt awer an der Zuel u Busser reduzéiert, well den Tram d’Quartieren ideal verbënnt.

Fir d’VDL war et eng Prioritéit, datt all Quartier vun der Haaptstad weiderhin mat engem vun den zwee Hyperzentren (der Gare oder der Uewerstad) verbonne bleift. D’Buslinnen 4, 10, 13, 14 an 18 wäerte soumat och weiderhin eng direkt Liaisoun offréieren.

Fir d’Quartieren ënnerteneen ze verbannen, respektiv ënnerhalb vum Quartier eng ëffentlech Transportméiglechkeet ze hunn, wäerten d’Nummeren vun de Linnen änneren. Och wäerte verschidden direkt Linnen entfalen.

Geplangt ass, datt op den Haaptachsen, wéi beispillsweis der Areler Strooss, der Route de Longwy oder der Côte d’Eich, d’Frequenz vun de Buslinnen zu Spëtzenzäiten erhéicht gëtt.

An dësem Kader ginn direkt verschidden Nimm ugepasst. Schliisslech huet sech och d’Lëtzebuerger Rechtschreiwung verännert. All Haltestell kritt eng Nummer, sou datt d’Pläng méi einfach gelies kënne ginn. A souguer verschidde Schoulbusser sollen Deel vun der Verännerung ginn.

BusDen (v.l.n.r.) Patrick Goldschmidt, Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, d’Lydie Polfer, Stater Buergermeeschtesch an de Lex Bentner, Chef vum ëffentlechen Transport bei der Pressekonferenz zum neien Transportreseau © VDL Fotothéik / Charles Soubry

Wéi soll een do nach eens ginn?

Déi Responsabel vun der Stad Lëtzebuerg si sech wuel bewosst, datt si mat dëse Changementer och fir grouss Onuerdnung suergen. De Reseau war jo schonn ëmmer e bësse komplizéiert, an awer hat ee sech elo iergendwéi dru gewinnt. Eleng gelooss gëtt een awer bei de ville Verännerungen net.

Scho säit dem 23. November 2020 goufen déi nei Pläng a Form vun engem Depliant an d’Bréifkëschte vun de Residenten gehäit. Dës weidere gëtt dësen Depliant nach bis den 19. Dezember 2020 bei den Arrêten Gare Centrale, Hamilius, Monterey, Stäreplaz/Étoile an a verschidde Quartieren a Linne verdeelt. Personal vum AVL-Service wäert an dëser Zäit prett stoen, fir Iech ze guidéieren a bei Froen ze hëllefen.

De Fuerplang an d’Deplianten mat den Auerzäite ginn et iwwregens och bei den Informatiounspunkte vum gemeinsamen Transport, dorënner den Infobus op der Plëss an d’Guichete vun der Mobilitéitszentral. Am Noutfall kritt Dir och d’Méiglechkeet d’Zentral unzeruffen (Tel. 4796-2975) oder Iech iwwert de Kontaktformular (autobus-contact.vdl.lu) ze mellen.

Zu gudder Lescht bleift eis just nach op d’Internetsäit newbus.vdl.lu an op déi nei cityapp-VDL ze verweisen, fir no konkreten Informatiounen ze sichen, déi Iech concernéieren.

Related topics Ëffentlechen Transport, Eurobus, Gare, Reamenagement, Terminus, Tram, Tramlinn T1, Uewerstad
Next post Previous post