Search

You may also like

D’Lëtzebuerger Scouten erhalen den europäesche Biergerpräis
Neiegkeeten

D’Lëtzebuerger Scouten erhalen den europäesche Biergerpräis

D’Lëtzebuerger Scoute wäerte vum Europaparlament fir hier Initiativen um Ufank

Buurschter Schlassbéier – Eenzeg der Traditioun verflicht
Neiegkeeten

Buurschter Schlassbéier – Eenzeg der Traditioun verflicht

Wat wier eist schéint Ländchen ouni seng Buergen a Schlässer?

Alles duerchduecht bei Concept+Partners!
Neiegkeeten

Alles duerchduecht bei Concept+Partners!

Schonn 2 Wochen ass et hir, datt d’Restauranten nom Lockdown

Ëffentlechen Transport: Eng Rëtsch Upassungen ab dem 9. Mee 2021

Ëffentlechen Transport: Eng Rëtsch Upassungen ab dem 9. Mee 2021

D’Verwaltung vum ëffentlechen Transport deelt mat, datt et ab dësem Mount eng Partie Ännerungen am RGTR-Reseau, sou wéi bei de Busser vun der Stad Lëtzebuerg ginn.

Zum RGTR-Reseau

Am Kader vun der Reorganisatioun vum RGTR-Reseau (Phas 4) wäerten ab e Sonndeg, den 9. Mee 2021 zum Deel d’Zäiten – déi op www.mobiliteit.lu ze fanne sinn – zum aneren Deel d’Linnen an hir Strecken ugepasst ginn.

Esou ginn 12 nei Linnen agesat:

  • 109 : Lux, Kierchbierg – Iechternach – (via Bech)
  • 137 : Housen – Ettelbréck
  • 229 : Lux, (Zenter) Monterey – Uewerkuer
  • 230 : Houwald P&R – Stengefort
  • 432 : Miersch – Simmer
  • 451 : Gréiwemaacher – Réimech
  • 602 : Wëlwerwolz – Maarnech
  • 624 : Wolz – Réiden un der Attert (via Osper)
  • 627 : Wolz – Béiwen (Stauséi)
  • 636 : Ëlwen – Klierf
  • 683 : Ëlwen – Parc Housen
  • 690 : Navette Stauséi

Folgend Linnen erliewen am Kader vun der Reorganisatioun gréisser Upassungen: 165, 190, 209, 213, 218, 222, 223, 250, 255, 262, 270, 314, 340, 394, 402, 407, 431, 437, 445, 502, 537, 592, 595, 620, 622, 625, 635, 642, 655, 657, 660, 664, 677, 685, 686, 687, 689, 740, 803, 805, 998.

Bei folgende Linnen ginn et kleng Upassungen um Horaire an hirer Streck: 111, 117, 122(*), 144, 150, 185(**), 205, 300(***), 301(***), 307, 560, 570, 610, 618, 665, 819, 983.
(*) Desserte Schraasseg / (**) Desserte Munneref Zentrum / (***) Desserte P+R Metzange (F)

Folgend Linnen gi verstäerkt: 110, 185, 290, 295, 485, 522, 536, 540, 545, 560, 572, 608, 610.

Bei folgende Schoulbusser ginn d’Arrêten, Zäiten an/oder d’Strecken ugepasst, respektiv d’Linne verstäerkt: 121, 129, 151, 176, 302, 421, 521, 554, 571, 586, 920, 930, 970, 980. Zousätzlech dozou kommen d’Linne 284 an 604 bei de Schoulbusser bäi.

Zu de Busser vun der Stad Lëtzebuerg

Zënter Dezember 2020 ginn duerch de Service vum Tram och d’Busser vun der Stad Lëtzebuerg nei organiséiert. Och hei ginn et ab e Sonndeg, den 9. Mee 2021 e puer Upassungen. Betraff sinn:

  • Linn 4: Den Horaire um Samschdeg gëtt tëscht 8:00 an 20:00 Auer ëm 15 Minutte verréckelt. Dëst bezitt sech op d’Linn, déi vu Leideleng op Dummeldeng fiert a soll d’Zesummespill mat der Linn 14 tëscht Zéisseng an dem Stadzentrum verbesseren.
  • Linn 23: Zu Spëtzenzäite fiert dës Linn just tëscht Eech – Pafendall – Gare an ëmgekéiert. D’Verlängerung bis op Gaasperech entfält. Alternativ kann een op d’Linn 13 (Gaasperech), 28 (Cloche d’Or, Houwald) oder 29 (Bouneweg) zeréckgräifen.
  • Linn 28: Samschdes Nomëttes fiert des Linn verstäerkt, fir esou eng besser Dessert an den Akafszentrum op der Cloche d’Or ze erméiglechen. De Bus fiert tëscht 14:00 an 18:30 Auer all 10 Minutten a béid Richtungen.

Zum Tram

Zënter dem 19. Abrëll fiert den Tram tëscht 6:00 an 19:00 Auer am 4-Minutten-Takt.

Temporär Schléissung vun der Passerell vun der Gare op d’Rocade

Opgrond vu Moderniséierungsaarbechten wäert d’Passerell, déi d’Gare mat Bouneweg verbënnt, vum 14. Mee 2021 bis den 13. September 2021 zou sinn. Foussgänger kënnen déi provisoresch Passerell am Süde vun der Gare an de Souterrain Sud (net zougänglech fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit) notzen, oder nërdlech iwwert d’Rue de Bonnevoie an de Fort Neipperg trëppelen, respektiv d’Linn 20 oder 28 notzen, déi béid Beräicher matenee verbënnt.

Notzer vum ëffentlechen Transport kréien all noutwenneg Informatiounen zu de Changementer bei der Camionnette vun der Mobilitéitszentral „MZ Mobil“. Vum 4. bis de 7. Mee, sou wéi um 10. an 11. Mee gitt Dir vu 6:00 bis 19:00 Auer op der Ettelbrécker Gare beroden.

Dës weidere kritt Dir telefonesch Hëllef vun der Mobilitéitszentral gebueden (Tel.: 2465 2465), dat vu Méindes bis Freides tëscht 7:00 an 19:00 Auer, sou wéi Weekends an un de Feierdeeg tëscht 9:00 an 16:30 Auer. Et lount sech och e Bléck op d’Säit www.mobiliteit.lu.

Related topics Ännerungen, AVL, Ëffentlechen Transport, mobiliteit.lu, RGTR-Reseau, Schoulbusser, Stad Lëtzebuerg, Tram, Upassungen
Next post Previous post