Search

You may also like

Den neien US-Kongress ass vereedegt ginn
Meenung

Den neien US-Kongress ass vereedegt ginn

E puer Woche virun der Vereedegung vum Joe Biden (D)

E Protest vun de Medieschaffenden
Meenung

E Protest vun de Medieschaffenden

Um haitege Méindeg, dem „Internationalen Dag vun der Pressefräiheet“ huet

OGBL: Den Index an d’Pensioune mussen erhale bleiwen!
Meenung

OGBL: Den Index an d’Pensioune mussen erhale bleiwen!

An der aller Seeërei zu Dikrech huet sech den OGBL

Automatiséiert Filtere stellen eng eescht ze huelend Gefor fir den Internet duer

E Kommentar

Automatiséiert Filtere stellen eng eescht ze huelend Gefor fir den Internet duer

En Upload-Filter fir den Internet ass esou eng absurd Iddi, datt ech net gemengt hätt, et kéint een drop kommen. Ma et muss een eppes der EU loossen: Si sinn ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt. Gutt, et ass nëmmen dem Oettinger säin Nofolger, deen dës immens Iddi presentéiert, dat dämmt d’Iwwerraschung nees an. An awer, datt een sech am Joer 2018 domat befaasse muss, weist, datt mer a komeschen Zäite liewen.

Et ass net den éischte Filter, dee mer erliewen. Et gëtt gären op den Content-ID-System vu Youtube verwisen. Deen suergt zënter Jore fir Opreegung, well en net fonctionnéiert. Den automatiséierte System léisst net zou, datt Reklammen op Inhalter geschalt ginn, wou de Copyright enger anerer Persoun oder Entreprise gehéiert. Dat ass wuel där hiert Recht, mee de System ass notoresch schlecht doranner, ze erkennen, op eppes als Fair Use eragestallt huet.

En automatiséierte System ka keng Nuancen hunn an bedréit domat d’Recht op fräi Meenungsäusserung

Beispill: E Filmkritiker kéint den Trailer vum Film am Hannergrond lafen hunn, während en iwwert de Film schwätzt. De Filmkritiker lieft ënnert anerem vun de Reklammen, déi en doriwwer erakritt. Mee well de Filmstudio automatesch säi Video markéiert an de Contenu fir sech an Usproch hëlt, sëtzt de Kritiker um dréchenen. Dobäi sinn d’Leit bei e komm, fir seng Meenung ze héieren. An net fir am Hannergrond den Trailer ze kucken. En Trailer, dee souwisou op Youtube beim Filmstudio ze fannen ass.

Genau esou eng Situatioun steet eis beim Uploadfilter vir. Elo kann ee jo mengen, dat wier alles net esou wichteg, mee d’Derivatiounskultur vum Internet, aus deem Memes an Ähnleches ervir gaange sinn, befanne sech domat a Gefor. Esouguer wann e Meme aus engem Film staamt, ka mir kee wäissmaachen, datt een dofir de Film net méi braucht ze kucken. Ergo ass dat zimlech onsënneg. Ähnlech onsënneg, wéi d’Link-Taxe. Am Fong sollte mer et besser wësse, wéi un de Link, engem fundamentale Bestanddeel vum Internet, esou fummelen ze goen. Mee wéi gesot, et gi Plazen, do kommen déi schlecht Iddien engem entgéint geschoss.

Related topics Digitaliséierung, Internet
Next post Previous post